31.10.2024

Un dësem Halloween-Owend sinn eng Rëtsch thematesch passend Spiller op den Dësch komm. Beim Alain, Lynn, Davide, Rachel an Tom G. war dat Arkham Horror (3rd Edition) . Well dës Partie relativ anspruchsvoll war, krut ech net alles mat wat soss nach gespillt ginn ass. Op alle Fall gouf et nach eng Whirling Witchcraft , an de Presi huet Die Kutschfahrt zur Teufelsburg a Werwölfe: Vollmondnacht erklärt a gespillt.

25.10.2024

Och haut war d'Bud rëm gutt voll, an et ass fir de GameOn geüübt ginn. Bei den zwee Alainen, Luc, a Jeff war dat Parks , Faraway , an Der Kartograph . Beim Presi, Mela, Pierre, Frank, an engem weidere Spiller koume Mind Up! , Strange World Above the Clouds , Schnitzeljagd , a Quando op den Dësch. De Christian L. hat Pan Am dobäi an huet mam Corinne, Sebastian, John, a Marc F. gespillt. Dono ass et mat Viking Raiders weider gaang. Beim Michelle, Lynn, Christiane K., a Paul koum Architects of the West Kingdom op den Dësch. D'Elisabeth huet mat 4 anere Leit Funkenschlag um Frankräich-Plang (Funkenschlag: Italien/Frankreich ) gespillt, an dono Hanabi . Beim Lex, Carole, Rachel an Tom G. war et fir d'éischt eng éaang Partie Nukleum , an dono, fir am Thema ze bleiwen, Meltdown 2020 Context , Blockits , Mamma Mia! , a Skull King koumen och op den Dësch.

17.10.2024

Haut ass fläisseg fir de GameOn trainéiert ginn. Dofir si scho mol alleguer d'Bistrospill-Kandidaten op den Dësch komm: Déi zwee Alainen, de Sebastian, an de Guy P. hu Pictures , Klick! , Blockits , Mind Up! , Schnitzeljagd , a Quando gespillt. De Presi, d'Lynn, d'Christiane S., an de Paul hunn hir Pandemic Legacy: Season 0 -Kampagne weider gefuer. Wat op deenen aneren Dëscher gespillt ginn ass, hunn ech net ganz matkritt. De Christian L. huet Xylotar mat bruecht, de Gilles K. Metropolis , an de Gerry Spirits of the Forest . Do dernieft sinn och nach Scout , Machi Koro , After Us , Intarsia , a Pixies an den Asaz komm.

10.10.2024

Während den Alain dem Dennis, dem Ralph, dem Rachel an dem Tom G. Distilled erklärt a gespillt huet, hunn de Gerry, de Sebastian, an de Guy P. Clockworker , Dandelions , Courtisans , an Alpina gezockt. Beim Alain Bert., Sebastiaan, a Carole koumen Harmonies a Mind Up! op den Dësch. Beim Presi, Lynn, Christiane K., an engem 4. Spiller waren et TowerBrix , Trio , 5 Towers , a Pixies . A beim John, Christian L., Marc F., Pierre, an zwee anere Spiller waren et eng Rei éischter kuerz Saachen: Viking Raiders , Top Ten , Slide , Klick! , a Strike .
lu