Crew

Hei léiert dir eise Kommitee kennen. Mir sinn zu aacht a géréiere verschidden Aspekter an Aktivitéite vum Club. Normalerweis ass bei all Evenement op mannst ee vun eis derbäi.

President MARC

marc@spillfabrik.lu

De Marc ass zanter der Grënnung de President vun eiser Spillfabrik. Hien ass mat der Iddi komm fir dëse Spillclub ze grënnen, an de Succès huet ëm Recht ginn. Et kuckt jiddwereen zum Marc erop; an dat ass definitiv wuertwiertlech ze huelen. Mat där Kierpergréisst ass et nëmmen normal dass hien och Basketball spillt.

Vize-President JEAN-CLAUDE

 jeanclaude@spillfabrik.lu

De Jean-Claude ass 2012 an de Komitee komm an ass elo eise Vize-President. Hien hat d’Initiativ Ludobus an d’Liewe geruff, nach ir en bei d’Spillfabrik komm ass. Hien huet och schonn eng ganz Rëtsch Spiller selwer designt, zum Deel alleng, zum Deel mat aneren.

Generalsekretär CHRISTIAN

chrescht@spillfabrik.lu

De Chrëscht ass vun Ufank un eise Generalsekretär. Hie meeschtert dee ganzen onbeléifte Pabeierkrich a korrespondéiert ënner anerem mat der Gemeng an de Spillverleeg. Hien ass och e passionéierte Geocacher a lackelt iwwert dee Wee nei Memberen an eise Club.

 

Komiteesmember GUY

guy@spillfabrik.lu

De Guy war bis 2017 eisen Tresorier. Hien ass dem Presi säi Brudder a reest och gären uechtert Weltgeschicht.

 

Webmaster ALAIN 

alain@spillfabrik.lu

Den Alain ass mam Jean-Claude 2012 an de Komitee komm. Hie schreift d’News vun eise Spillowender an huet och elo dëse Website ënnert senger Opsiicht. Sou wéi anerer um Facebook hänken, ass hien um BoardGameGeek engagéiert an e geréiert do eis Gild.

 

Komiteesmember DENNIS

dennis@spillfabrik.lu

Den Dennis ass scho laang Member bei eis gewiescht, ir hien 2019 an de Komitee komm ass. Hien huet schonn eng ganz Partie Spiller designt, alleng oder zesumme mat anere wéi dem Chrëscht an dem Jean-Claude.

 

Trésorière SOPHIE

sophie@spillfabrik.lu

D’Sophie ass eise Membere wuelbekannt als dem Presi séng Fra a regelméisseg Spillerin an eiser aler Konter-a-Mitt-Ekipp. Hatt ass zanter 2017 offiziell am Komitee an huet d’Aufgab vum Trésorier vum Guy iwwerholl. D’Sophie ass och eis Puzzlemeeschterin; hatt huet ëmmer ee Puzzle an der Fabrik amgaangen, hëllt regelméisseg u Puzzle-Eventer an der Belsch deel, an organiséiert mam Chrëscht an dem DT Ell eisen eegenen Event.

 

Komiteesmember LOL

lol@spillfabrik.lu

De Lol ass zanter 2019 am Komitee, obwuel hien eis schonn oft virdru bei eisen Evenementer am Second-Hand-Shop gehollef huet.

 

lu