Crew
Hei léiert dir eise Kommitee kennen. Mir sinn zu aacht a géréiere verschidden Aspekter an Aktivitéite vum Club. Normalerweis ass bei all Evenement op mannst ee vun eis derbäi.
President MARC
marc@spillfabrik.lu
De Marc ass zanter der Grënnung de President vun eiser Spillfabrik. Hien ass mat der Iddi komm fir dëse Spillclub ze grënnen, an de Succès huet ëm Recht ginn. Et kuckt jiddwereen zum Marc erop; an dat ass definitiv wuertwiertlech ze huelen. Mat där Kierpergréisst ass et nëmmen normal dass hien och Basketball spillt.
Vize-President LOL
lol@spillfabrik.lu
De Lol ass zanter 2019 am Komitee, obwuel hien eis schonn oft virdru bei eisen Evenementer am Second-Hand-Shop gehollef huet. Hien hëlleft och bei der Organisatioun vum Bistrospill-Award. 2024 huet hien de Vize-Poste vum Jean-Claude geierft.
Generalsekretär CHRISTIAN
chrescht@spillfabrik.lu
De Chrëscht ass vun Ufank un eise Generalsekretär. Hie meeschtert dee ganzen onbeléifte Pabeierkrich a korrespondéiert ënner anerem mat der Gemeng an de Spillverleeg. Hien ass och Spillauteur an eis Liaisoun mat Ravensburger fir d’Organisatioun vun eise Puzzle-Events.
Kommiteesmember RACHEL
rachel@spillfabrik.lu
D’Rachel ass 2025 bei eis an de Kommitee gestouss. Hatt kënnt oft mat senger Famill an de Club an hëlleft och ëmmer gäre mat.
Webmaster ALAIN
alain@spillfabrik.lu
Den Alain ass mam Jean-Claude 2012 an de Komitee komm. Hie schreift d’News vun eise Spillowender an huet och elo dëse Website ënnert senger Opsiicht. Sou wéi anerer um Facebook hänken, ass hien um BoardGameGeek engagéiert an e geréiert do eis Gild.
Kommiteesmember CHRISTIANE
christiane@spillfabrik.lu
D’Christiane ass schonn iwwer 10 Joer treie Member gewiescht ier et 2024 eise Kommitee verstäerkt huet. Hatt ass och aktiv Puzzlerin an ass regelméisseg bei dësen Eventer dobäi.
Trésorière LYNN
lynn@spillfabrik.lu
D’Lynn ass 2024 an eise Kommitee komm an huet de Rôle vun der Trésorière iwwerholl. Hatt ass aktiv Puzzlerin a schonn zanter 2015 bei eis am Club.
