29.08.2025

Vantage heescht dat neitst Spill vum Jamey Stegmaier, an den Alainhuet et mam Marco a Sebastian erforscht. Hei ass den Owend mat Scout ofgeschloss ginn.
D'Christiane K., d'Hanna, de Momo, an d'Lis hunn d'Lego-Spill Brick Like This! probéiert a sinn dono op Azul iwwer gaang.
Beim Sebastiaan, Eric, a Gilles goung et als Entrée Tower Up , a SETI als Haaptplat.
D'Aline an den Thomas hu sech duelléiert, an zwar am Zug um Zug: Märklin , Azul: Die Buntglasfenster von Sintra , a Mojo .
An den Dennis huet e léiwe klenge Filler matbrecht fir mam Rachel, Tom, a Paul ze spillen: Frosthaven .

21.08.2025

Den Alain huet de Paul an den Enrico mat an de Weltraum an an de Café geholl mat Clank! In! Space! an Intarsia . Nom paul sengem Départ gouf et hei nach eng kleng Sky Team .
Um Dësch mam Christian L., Sebastian, Sebastiaan, Marc F., John, Yves, an Alain Bert. goung et mat Mind MGMT lass, an dono Mü & Mehr 2024 .
De Gerry, de Marco, an eng drëtt persoun hunn Otter World an Trio gespillt, an d'Caroline, d'Sandra, an d'Lis Gloomies an Daydream .
Den Eric huet mam Presi, Marco, a Christiane S. eng laang Partie Spirit Island gemeet a beim Lynn, Christiane K., a Lex ware Let's Go! To Japan an TowerBrix um Programm.

14.08.2025

Beim Alain, Aline, an Thomas ass et mat Lords of Waterdeep lass gaangen. Dono koum den Eric mat bäi fir eng Mauer Bauer an eng Next Station: London .
De Sebastiaan an de Marco hunn de gamzen Owend am SETI no Aliens gesicht.
Beim John, Christian L., Christiane S., a Chrëscht gouf erëm ausgegruewen: Spice am Dune: Imperium a Gold am My Gold Mine .
D'Rachel, den Tom, d'Carole, den Alain Bert., an e fënnefte Spiller hu gebraut a gerätselt am Distilled , an am Decrypto .
Beim Presi, Christiane K., Romy, an engem véierte Spiller ass et mat Kingdom Builder lass gaangen, an dono goung et mat Trio a Wettlauf nach El Dorado weider.
A beim Caroline, Sandra, Sebastian, a Gerry gouf et Mycelia , Festival , My Park , a Bobbidi Boom! .

07.08.2025

D'Marguy an d'Annick hu mat hire Bouwe Cities , So Kleever! , an Trio gezockt.
Beim Sebastiaan, Alain Bert., Aline, Carole, Christiane K., an engem 6. Spiller koum de Klassiker Funkenschlag op den Dësch, wou Nordeuropa mat Stroum versuergt gouf (Funkenschlag: Nordeuropa/United Kingdom & Irland ).
Beim Alain, Gerry, Christiane S., a John gouf et Caylus 1303 a Ganz schön clever .
A beim Presi, Marc F., Romy, Isabelle, an engem 5. Spiller gouf et Hungry Monkey , Tails on Fire , a Strike . Dono huet de Presi mat senger Fra a senger Duechter a mam John Lovecraft Letter gespillt.

31.07.2025

D'Rachel hat déi englesch Versioun vum Arche Nova mat der Erweiterung Arche Nova: Wasserwelten dobäi an huet mam Alain, Carole, a Sebastiaan gespillt.
De Sebastian, d'Marguy, de Pit, d'Annick, an de Jacques hunn déi kuerz Spiller Duck & Cover , Trio , Just One , a Kuhfstein gespillt.
Beim Gerry, Presi, Simone, Christiane S., an Aline goung et a Les jardins suspendus an dono op Puerto Rico .
An de Grupp mam Alain Bert., Christiane K., Christian L., Lex, a John huet sech mat Skull King , Mü & Mehr 2024 , a So Kleever! ameséiert.

25.07.2025

Den Alain huet d'Elisabeth, de Mathieu, an de Carlo an de Cities an de Last Will agewisen. Beim Rachel, Tom, Paul, a Sebastiaan war de ganzen Owend Great Western Trail: Argentinien ugesot.
D'Marguy an d'Annick hu mam Pit a Jacques: Mycelia a Mein Traumhaus gespillt.
Den Tom an d'Tanja hate Jakarta Traffic dobäi an hu mam Rachel Ga. a Myriam R. gespillt. Dono koum MLEM: Space Agency op den Dësch.
Beim John, Christian L., an Alain Bert. huet de Spice misse fléissen am Dune: Imperium .
Just One an Top Ten waren d'Absackeren du jour.

17.07.2025

Beim Christiane S., Marco, Sandra, Sebastian, Caroline goufen haut éischter kleng Saache gespillt, an ech hu nëmme Faraway an matkritt. Och beim Marguy, Pit, an engem drëtte Spiller ware kleng Saachen ugesot, mat Trio an UNO .
Beim Gilles, Sebastiaan, Christian L., a Marco goung et nees an d'déift Mier mat Endeavor: Eaux profondes a beim Lol, Carole, Alain Bert., an engem 4. Spiller an de wäiten Osten an den alen Norden (Let's Go! To Japan a Knarr ).
Den Allain hat seng fuschnei matbruecht an huet mam Rachel, Tom, a Paul gespillt.
Eng gemeinsam Codenames huet den Owend ofgeschloss.

12.07.2025 – Viva-Vakanz

Bei beschtem Wieder hu mer haut eis järlech Editioun vum Viva-Vakanz gefeiert. Faraway , Century: Spice Road , Quando , a Knarr waren um Programm, an um Enn huet d'Rachel ganz knapp virum Christian L. a Lol gewonn.
Bei der Mëttespaus huet de Lol nach e Bistrospill-Kandidat ausgepaakt: Snack Rabbits . An zum Schluss gouf et nach eng 6er-Partie Funkenschlag op der Iberescher Hallefinsel (Funkenschlag: Brasilien/Spanien & Portugal ).

10.07.2025

Och haut gouf et rëm e Mix vu schnellen a méi laange Spiller. De ganzen Owend waren den Alain, Presi, Aline, an Enrico mat Lost Ruins of Arnak beschäftegt, an och den Dennis, d'Rachel, den Tom, an de Sebastiaan hu laang Zäit mat Revive verbruecht.
Beim Caroline, Hanna, Sebastian, a Sandra gouf et Meadow an Heckmeck am Bratwurmeck . An de Gerry hat säin eegent Otter Worlds an Tower Up dobäi, déi hie mam Alain Bert., Gilles, a Christian L. gespillt huet, virun der obligatorescher Skull King -Partie.

03.07.2025

Haut war de Rapporteur nach an der Vakanz. D'Spiller déi haut gespillt goufe waren ënner anerem Akropolis , MLEM: Space Agency , Draftosaurus , a Revive .
lu