31.10.2024
Un dësem Halloween-Owend sinn eng Rëtsch thematesch passend Spiller op den Dësch komm. Beim Alain, Lynn, Davide, Rachel an Tom G. war dat Arkham Horror (3rd Edition)
.
Well dës Partie relativ anspruchsvoll war, krut ech net alles mat wat soss nach gespillt ginn ass. Op alle Fall gouf et nach eng Whirling Witchcraft
, an de Presi huet Die Kutschfahrt zur Teufelsburg
a Werwölfe: Vollmondnacht
erklärt a gespillt.
25.10.2024
Och haut war d'Bud rëm gutt voll, an et ass fir de GameOn geüübt ginn. Bei den zwee Alainen, Luc, a Jeff war dat Parks
, Faraway
, an Der Kartograph
.
Beim Presi, Mela, Pierre, Frank, an engem weidere Spiller koume Mind Up!
, Strange World Above the Clouds
, Schnitzeljagd
, a Quando
op den Dësch.
De Christian L. hat Pan Am
dobäi an huet mam Corinne, Sebastian, John, a Marc F. gespillt. Dono ass et mat Viking Raiders
weider gaang.
Beim Michelle, Lynn, Christiane K., a Paul koum Architects of the West Kingdom
op den Dësch.
D'Elisabeth huet mat 4 anere Leit Funkenschlag
um Frankräich-Plang (Funkenschlag: Italien/Frankreich
) gespillt, an dono Hanabi
.
Beim Lex, Carole, Rachel an Tom G. war et fir d'éischt eng éaang Partie Nukleum
, an dono, fir am Thema ze bleiwen, Meltdown 2020
Context
, Blockits
, Mamma Mia!
, a Skull King
koumen och op den Dësch.
17.10.2024
Haut ass fläisseg fir de GameOn trainéiert ginn. Dofir si scho mol alleguer d'Bistrospill-Kandidaten op den Dësch komm: Déi zwee Alainen, de Sebastian, an de Guy P. hu Pictures
, Klick!
, Blockits
, Mind Up!
, Schnitzeljagd
, a Quando
gespillt.
De Presi, d'Lynn, d'Christiane S., an de Paul hunn hir Pandemic Legacy: Season 0
-Kampagne weider gefuer.
Wat op deenen aneren Dëscher gespillt ginn ass, hunn ech net ganz matkritt. De Christian L. huet Xylotar
mat bruecht, de Gilles K. Metropolis
, an de Gerry Spirits of the Forest
.
Do dernieft sinn och nach Scout
, Machi Koro
, After Us
, Intarsia
, a Pixies
an den Asaz komm.
10.10.2024
Während den Alain dem Dennis, dem Ralph, dem Rachel an dem Tom G. Distilled
erklärt a gespillt huet, hunn de Gerry, de Sebastian, an de Guy P. Clockworker
, Dandelions
, Courtisans
, an Alpina
gezockt.
Beim Alain Bert., Sebastiaan, a Carole koumen Harmonies
a Mind Up!
op den Dësch.
Beim Presi, Lynn, Christiane K., an engem 4. Spiller waren et TowerBrix
, Trio
, 5 Towers
, a Pixies
.
A beim John, Christian L., Marc F., Pierre, an zwee anere Spiller waren et eng Rei éischter kuerz Saachen: Viking Raiders
, Top Ten
, Slide
, Klick!
, a Strike
.