28.08.2026
De Rapporteur war haut net do, a weess just dass d'Frosthaven
-Kampagne viru gaangen ass, an dass Bomb Busters
gespillt ginn ass.
20.08.2026
Beim Marco, Christiane S., Paul, an engem véierte Spiller waren haut méi kleng Saachen ugesot: Spooky Tower
, Age of War
(resp. "Camarades"), an Next Station: London
.
De Chrëscht, den Eric, d'Lynn, an den Alain Bert. hunn de ganzen Owend am Bomb Busters Bommen entschäerft.
Den Alain huet den Yves S., de Christian W., de Sebastian, an de John op Las Vegas invitéiert am Vegas Showdown . Dono goung et hei mat Odin weider.
An den Dennis, d'Simone, d'Jessica, an de Sebastiaan sinn op Arrakis gaangen, am Dune: Imperium - Uprising .

13.08.2026 – Molowend
Haut stoung alles am Zeeche vum Molen, Kritzelen, a Schreiwen. Dofir ware vill Roll & Writes, a Party-Spiller um Programm.
Beim Alain, Nadine, Néckel, a Mela gouf et Der Hobbit: Hin und zurück , Yay! , an Next Station: London . Beim Sandra, Marco, Paul, an Hanna koum Rivages op den Dësch.
D'Jeia, de Rodrigo, an de Steve B. hunn direkt e puer Der Kartograph -Partiëgemaach, a beim Christian L., Carole, Alain Bert., an Aline waren et Paper Dungeons , Subtext , a Skizz It .
Den Dennis, de Sebastiaan, den Eric, de Christian W., d'Lara, d'Cathia, an d'Jessica hu sech a verschidde Konstellatioune mat Got Five! , Träxx , a Rome & Roll beschäftegt.
A bis an d'Däischtert era souzen de Presi, de Lol, d'Lynn, d'Danielle, an d'Monique dobaussen an hu Pixelstücke , Krakel Orakel mat der Krakel Orakel: Ü18-Erweiterung , a Pictures gespillt.

06.08.2026
Och dës Woch ass musizéiert ginn am Rock Hard: 1977
. Dës Kéier sinn den Alain, de Marco T., an de Paul vum Dennis regelrecht a Grond a Budem gerockt ginn. Dono goung et mat Insurrection
weider.
Beim Alain Bert., Christian L., Christiane S., a John koume Jaws , Skull King , a Chroma op den Dësch, a beim Caroline, Hanna, Sandra, a Sebastian waren et Pilgrims a Circadia .
De Presi huet mam Yves S., Christian W., Lara, a Sebastiaan After Us gespillt, an am zweete Sall souzen de Rodrigo, den Eric, de Chrëscht, an d'Jeia beim Rebirth , Take Time , a Ruins .

31.07.2026
Déi zwee Alain-en, d'Aline, den Thomas, an de Rodrigo sinn haut ënner d'Musiker gaangen am Rock Hard: 1977
. No dëser Partie hunn d'Alain-en probéiert am Sky Team
ze landen, mee och no véier Partiën ass dat net gegléckt.
De Presi, den Eric an zwee aner Spiller hunn eng länger Partie Arcs gespillt. Mee fir eng Funkenschlag an Australien (Funkenschlag: Australien/Indischer Subkontinent ) war herno och nach Zäit.
D'Myriam R. huet mat sengem Rachel ënner anerem Ninety Nine gespillt. En anere Grupp war mat Here to Slay a Codenames beschäftegt.
An de Marco T. huet mat sengem Grupp Navoria , Bellevue , Alice , an Age of War (an der neier "Camarades"-Versioun) gespillt.

23.07.2026
Während de Steve B., de Rodrigo, de Sebastiaan, an eng nei Spillerin de ganzen Owend mat SETI
verbruecht hunn, koume beim Gerry, Caroline, a Sebastian direkt dräi Spiller op den Dësch: Shallow Sea
, Let's Go! To Japan
, a Scout
.
An den Alain, de Steve H., den Eric, an d'Christiane K. hu Wundersame Wesen ugelackelt, a sinn dono opIm Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit iwwer gaang.

16.07.2026
De Marco T., d'Sandra, d'Christiane K., de Sebastian, de John, an de Steve B. hu sech ronderëm de Magical Athlete
gesat. Dono goung et mat 7 Wonders: Architects
weider. Beim Alain, Jessica, Christiane S., a Rodrigo huet et mat enger Endeavor: Eaux profondes
ugefaang, déi de Rofrigo haushéich gewonnen huet. Dono ass et mat Wildwuchs
méi an d'Natur gaang.
D'Rachel, den Tom, den Dennis, an den Eric hunn de ganzen Owend Ein Fest für Odin preparéiert, mat Ein Fest für Odin: Die Norweger dobäi.
De Presi, säi Lara, de Sebastiaan, an d'Aline hu Cities a Cubitos op den Dësch bruet an eng nei Koppel, déi méi spéit era koum, huet sech un den Distilled gewot.

11.07.2026 – Viva-Vakanz
Bei guddem waarme Wieder hu mer déi dësjähreg Editioun vum Viva Vakanz gespillt. Um Programm stounge moies Akropolis
a Mycelia
, a mëttes Cities
a Caldera Park
. Mir hate 15 Participanten, an de Ben L. war dës Kéier dee Beschte vun eis.
Ee Grupp huet den Dag nach mat Let's Go! To Japan ausklénge looss.

02.07.2026
Den Alain, d'Rachel an den Tom hu mat New Frontiers
ugefaang, an déi Partie war méi séier eriwwer wéi ee géif mengen. Dofir ass et do mat Dice Forge
an After Us
weider gaang.
De Christian L., d'Aline, d'Carole, de Lex, d'Christiane K., an de Sebastiaan hu sech erëm gesicht am Mind MGMT . A well ee sech besser mat enger Kaart erëmfënnt, si si herno op Der Kartograph iwwer gaang.
Beim Cathia, Lara S., Jessica, an engem véierte Spiller ass Harmonies a Skyjo gespillt ginn.
An de Presi huet mam Lynn an dem Rodrigo, deen no laange Joere mol rëm de Wee an d'Fabrik fonnt huet, Wettlauf nach El Dorado , Rebirth , an YRO gespillt.