25.04.2025 – AG

Haut hate mer eis (verspéiten) Assemblée Générale. De Steve an de Brudder Guy hunn de Komitee verlooss, a mir soen hinne merci. Neie Member am Komitee ass d'Rachel. Häerzlech wëllkomm!
No der AG ass awer och gespillt ginn. Den Alain hat Die Speicherstadt mat Kaispeicher dobäi an huet mam Michelle, Christiane S., Brudder Guy, a Rachel gespillt. Nom Rachel an dem Michelle hirem Départ ass et hei mat Dabba Walla weider gaang, ier den Alain mam Christiane zwee Fligeren am Sky Team geland hunn.
Beim Davide, Dennis, Marguy, a Sebastiaan war den Owend mat Dominant Species: Marine gefëllt a beim Rol, Marc S., Simone, a Mike M. mat Tzolk'in: Le calendrier Maya . Och beim Gilles, Presi, Thomas, an Aline war et en owendfëllend Spill: Pirates de Maracaibo .
Beim Mela, Lynn, Carole, an Alain Bert. koumen Intarsia a Pixies op den Dësch, a beim Sandra, Sebastian, Chrëscht, Hanna, an zwou weidere Persoune waren et Duck & Cover , Flip 7 , Futschikato , Krakel Orakel , a Rebel Princess .

17.04.2025

D'Romy wollt Die Weiße Burg léieren an huet dat mam Alain, Carole, a Sebastiaan gespillt. Mat Unearth ass et weider gaang an eng Sky Team mam Alain a Sebastiaan huet den Owend ofgeschloss.
De Gilles hat Valeria: Card Kingdoms dobäi an huet mam Presi, Alain Bert., an Dennis gespillt. Hei ass et mat Mü & Mehr 2024 weider gaang.
Beim Chrëscht, Monique, a Michèle koumen Akropolis , Sur les traces de Darwin , a Scout un d'Rei, a beim Francine, Hanna, Gerry, a Sebastian waren et Duck & Cover , an Orléans .

10.04.2025

Beim Alain, Tom, an Tanja ass de ganzen Owend fir eng Partie Wasserkraft drop gaangen. Niewendrun huet d'Aline B. mat sengem Bouf Hungry Hugo gespillt, a souguer de Marc F. zu enger Parie iwwerried.
Och beim Davide, Thorsten an den zwee Sebastia(a)nen wor et ee Spill fir de ganzen Owend: Dominant Species: Marine .
Beim Presi, Michèle, Francine, a Caroline goung et an de wäiten Osten wéi an de wëlle Westen mat Let's Go! To Japan a Fliptown .
A beim Gerry, Lisa, John, a Lex koumen Diluvium , Duck & Cover , a Lovecraft Letter op den Dësch.

03.04.2025

Den Alain huet haut dem Presi an dem Alphonse Die Weiße Burg erklärt, an dono Century: Spice Road , als Deel vun eiser neier . Mat Knarr zesumme mam John ass den owend hei ofgeschloss ginn.
De Gerry hat och erëm zwee Spiller dobäi: Panda Spin an Tiger & Dragon . Hien huet mam Sebastian, Aline, an Hanna gespillt, a si hu mat Trio opgehal.
Beim Sebastiaan, John, Lex, Lisa, an enger fënnefter Spillerin ass et fir d'éischt mat engem lëtzebuergesche Spill lass gaangen: Rescue Rush. Dono ass mat The Big Five weider gefuer ginn.
Beim Davide, Chrëscht, Christian L., Rachel, an Tom gouf et Chaos in the Old World , an um leschten Dësch souzen d'Caroline, d'Francine, de Peter, de Yannick, an de Cédric. Bei hinne koumen Nekojima , Die Quacksalber von Quedlinburg , a Medium un d'Rei.

30.03.2025 – Brunch & Games

Haut hate mer eisen éischte Brunch & Spill, dee vu moies zéng bis owes fënnef gaangen ass (komescherweis hu mer kee vun der Digimon-Ekipp gesinn). Mat Eeër a Speck a Bréidercher gestäerkt, sinn haut eng ganz Rëtsch Spiller op den Dësch komm. Well och eng Partie kleng Kanner dobäi waren (souguer eent, dat nach net op der Welt ass), sinn och Kannerspiller wéi Die magischen Schlüssel , Looping Louie , an Hungry Hugo , resp. einfach Spiller wéi Strike , UNO , When I Dream , a Schach gespillt ginn.
D'Sandra hat en enorme Rucksak dobäi mat enger ganzer Partie Spiller, dorënner Flower Fields , Fairy Ring , Rebirth , Fromage , an Der Herr der Ringe: Duell um Mittelerde . Den Davide hat The Thing a Chaos in the Old World dobäi an den Alain Ultimate Railroads (dat mat engem Gläichstand vun 353 Punkten tëscht Alain a Michelle op en Enn gaangen ass).
Mee och déi üblech Saache wéi Zug um Zug: Europa , Istanbul , Tikal , Azul: Die Buntglasfenster von Sintra , Trio , a San Juan si gespillt ginn, genau wéi déi nei Acquisitioune Brass: Birmingham a Planet Unknown . A Partyspiller wéi Codenames: Images an Hitster hunn och net gefeelt.

28.03.2025

De Repporteur war haut net do, mee divers BGG-Loge verroden dass Great Western Trail: Argentinien , Navoria ,Agent Avenue , Flip 7 , a Fromage gespillt goufen. Mir hunn och eis nei "Wer ist es" - Wand ageweit, wou der kënnt är Foto ophänke fir ze weise ween dir iwwerhaapt sitt.

20.03.2025

Et war alt erëm Zäit fir Alkohol ze produzéieren: den Alain huet dem Presi, dem Alain Bert., dem Carole, an dem Sebastiaan den Distilled erklärt.
De Gerry huet mam Romy a Christiane S. zwee Spiller gespillt, déi hie matbruecht hat: Calçada , a Pyramido .
Och d'Sandra hat Spiller derbäi an huet mam Michèle a Caroline Roam , Symbiose , an Navoria gespillt.
An am zweete Sall ass mol rëm eng Course gefuer ginn. Hei hunn de John, den Davide, de Christian L., d'Rachel, an den Tom Steampunk Rally Fusion gezockt.

13.03.2025

Den Alain huet mam Christiane S., Karin, Claude eng weider Ierfschaft vum Pierre probéiert: Ulm . Dono ass et mat Port Royal weider gaang.
De Sebastiaan hat The Big Five dobäi an huet mam Monique, Christian L., Rachel an Tom G. gespillt. Sur les traces de Darwin war hirt zweet Spill.
A beim Hanna, Sandra, Davide, Sebastian, Carola, a Caroline stounge Vampire Nights , Skizz It , Flip 7 , a 7 Wonders: Architects um Menu.

06.03.2025

Den Alain huet mam Lex, Christiane S., Hanna, Rachel an Tom G. déi nei Uschafung vum Club Planet Unknown gespillt. Dono ass et mat Riverside an Trails of Tucana weider gaang.
Beim Presi, Romy, Enzo, Carola, Marc F. an engem sechste Spiller ware Magic Maze , Trio , e Spillprototyp, That's Not a Hat , a Mamma Mia! ugesot.
Beim Gerry, John, Charel, Christian L., a Chrëscht koume Gunkimono , Ökosystem: Korallenriff , Lovecraft Letter , a Skull King op den Dësch. A beim Alain Bert., Davide, Paul, Sebastian, an Aline B. waren et Ticket to Ride: Europe - 15th Anniversary , a Port Royal .
lu