28.02.2025

De Rapporteur war haut erëm net do. Ënner anerem ass haut Lost Ruins of Arnak , Darwin's Journey , a Cat in the Box: Deluxe Edition gespillt ginn.

20.02.2025

Mir hunn eng Partie Spiller vum Pierre senger Famill "verierft" kritt. Eent dovunner ass Elysium , wat den Alain mam Chrëscht, Christiane S., an Davide gespillt huet. Dono ass et mat Samurai Sword a Salade 2 Points weider gaang.
En absolute Klassiker ass beim Alain Bert., Christian L., Karin, a Claude op den Dësch komm: Tikal ass schonn 9 Joer net méi gespillt ginn. No dëser Partie goung et mat Just One weider.
Beim Presi, Lol, an zwee weidere Spiller koume Skyrise a Pictures op den Dësch, a beim Hanna, Sebastian, Sebastiaan, a Sandra waren et Let's Go! To Japan a Critter Kitchen .
Finalement hunn de John, d'Marguy, d'Aline B., d'Carola, an de Pit Zug um Zug: Europa an Azul gespillt.

13.02.2025

Well se ës d'lescht Woch net genuch haten, hunn de Sebastiaan, den Alain Bert., d'Carole S., d'Rachel an den Tom G. erëm Funkenschlag gespillt: dës Kéier op der neier Kaart vu Bremen (Funkenschlag: Bremen/Manhattan ).
En anert Spill vum Friedemann hat de Gilles matbruecht: Fischen . Hien huet mam Alain, Presi, John, a Monique gespillt. Donom ass et hei mat Neom weider gaang.
Beim Christiane S., Michelle, an zwee weidere Spiller war Isle of Skye ugesot, an d'Sandra, d'Hanna, d'Romy, de Sebastian, an ee fënnefte Spiller hu Blockits , Trio , a Wild Tiled West gespillt.
Mat enger Codenames ass den Owend op en Enn gaangen.

31.01.2025

De Rapporteur war haut net do, mee e puer BGG-Logs hu gehollef fir e puer Spiller ze determinéieren. Ënner anerem ass Strike gespillt ginn, Foundations of Metropolis , Rebel Princess , Quando , Codenames , a Wasserkraft .
A spéit um eng Auer ass effektiv nach eng Funkenschlag ugefaang ginn. De Presi, de Christian L., den Alain Bert., de Sebastiaan, an d'Christiane K. hu China mat Stroum versuergt (Funkenschlag: Korea/China ), an um 5 Auer Moies war de Sebastiaan de Gewënner.

23.01.2025

Den Alain huet dem Presi, Christiane S., a Monique Die Rote Kathedrale erklärt, mee et huet sech erausgestallt dass de Presi d'Spill awer scho mol gespillt huet. Nom Monique sengem Départ ass de Luc erakomm, an hien huet de Grupp verstäerkt fir eng Akropolis .
Beim Aline, Davide, Sebastian, Hanna, Rachel, an Tom goung et mat Rebel Princess a 7 Wonders lass. Nodeems d'Rachel an den Tom fortgefuer sinn, goung et hei mat Qwixx a Scout weider.
A beim Christian L., Charel, Marguy, a Christiane K. gouf et Skull King , 6 Nimmt! , an Hungry Monkey .

16.01.2025

Den Alain huet dem Rachel, Tom, Christine, an Tunn den New Frontiers erklärt, wat ee vum Presi senge Cadeaue fir säi 50. Gebuertsdag war. Nom Christine an Tunn hirem Départ ass et hei mat Die Rote Kathedrale weider gaang.
De Chrëscht huet e puer Spiller vum HeidelBÄR geschenkt kritt. Eent dovunner, YRO , huet hie mam John, Lex, Christian L., a Marc F. gespillt. Dono hunn de Christian L. an de Marc F. sech um Sky Team versicht.
Beim Enrico, Romy, Christiane S., a Christiane K. koumen Intarsia an Der Kartograph op den Dësch.
De Presi, d'Simone, an d'Lynn hu mat San Juan ugefaang a mat der neier Editioun vu Mü & Mehr 2024 weider gefuer.
A bei den zwee Sebastia(a)nen, dem Hanna, dem Carola, an dem Sandra ware Scout , My Gold Mine , a Shake that City ugesot.
Leider huet eis dës Woch awer och déi traureg Nouvelle erreecht, dass de Pierre, e laangjärege Member a gudde Kolleg, stënterlech verscheed ass. Eist Bäileed un d'Frënn an d'Famill.

09.01.2025

Haut waren dem Rapporteur seng Notten e bëssen einfach gehalen. Gespillt goufen ënner anerem Azul , Wingspan , Whirling Witchcraft , Akropolis , Broom Service , an Trio .
An den Alain huet mam Chrëscht, Christian L., a Christiane S. am Marvel Champions den Dark Beast geluegt.
Insgesamt hate mer haut 16 Persounen do.

02.01.2025

Um éischte Spilowend am neie Joer si mer richteg verwinnt ginn. Net nëmmen dass de Komitee deen übleche Patt ginn huet. Neen, och d'Christiane K. huet haut säi Gebuertsdag gefeiert an eng Rëtsch Pains-surprise matbruecht. Do ass keen hongreg bliwwen.
Spillméisseg hunn den Dennis, d'Rachel an den Tom G. den Owend mat Gaia Project verbruecht. Beim Christiane a Karim K., Karin a Claude koumen Azul , Cascadia , an Trio op den Dësch.
Beim Alphonse, Myriam R., Christine, an nach engem Spiller war et Wettlauf nach El Dorado . Eng uschléissend Imhotep ass awer ënnerbrach ginn.
Den Alain hat seng Nusfjord Big Box matbruecht an huet mam Chrëscht, Christiane S., a Lynn gespillt. Hei ass et mat So Kleever! weider gaang.
Beim Sebastian, Sandra, an Hanna war Raiders of the North Sea a Scout ugesot, an am zweete Sall goufen direkt zwee Funkenschlag -Spiller opgeriicht. Ee mol Québec (Funkenschlag: Québec/Baden-Württemberg ) an ee mol England ( Funkenschlag: Nordeuropa/United Kingdom & Irland ). Hei war Codenames den Absacker.
lu