28.06.2024

D'Hanna hat haut rëm eng Tut Spiller dobäi an huet mam Gerry, Rachel an Tom G. Kingdomino Origins , MLEM: Space Agency , an Akropolis gespillt.
Beim Alain, Dennis, a Carole S. war et eng owendfëllend Partie Nukleum .
An d'Michelle, den Alain Bert., d'Mela, de Ben an de Christian L. hu verzweiwelt probéiert am Pandemic: The Cure d'Menschheet ze retten, wat net esou einfach ass wann een e puer Regele verkéiert spillt an an engem Stéck Biohasarde wierfelt.

20.06.2024

Beim Sandra A., Michelle, Sebastian, an Hanna waren haut rëm eng Partie Spiller um Programm: Art Society , Captain Flip , Rebel Princess , a Scout .
Beim Rachel G., Alain Bert., Paul, a Sebastiaan waren Harmonies an Die Burgen von Burgund u d'Rei komm.
A beim Alain, Davide, Guy P., a Lex ass mat After Us ugefaange ginn. Nodeems de Lex d'Afepartie kloer gewonnen hat an heem gefuer ass, hunn di dräi aner mat Clank! In! Space! ofgeschloss.

13.06.2024

Den Alain, de Guy P., den Irad an d'Rachel G. sinn op Expeditioun gaang mat Lost Ruins of Arnak an den zwou Erweiderungen.
Beim John, Ben a Christian L. ass mat Bat Cup ugefaang ginn an dann op Lovecraft Letter iwwer gaangen.
Den Dennis, d'Carole S., an de Sebastiaan hunn un Die Rote Kathedrale gebaut, an de Presi, de Paul, d'Lynn, an d'Christiane S. hunn am Pandemic Legacy: Season 0 weider kale Krich gespillt.
Beim Hanna, Sebastian, a Sandra A. koume Mycelia , Akropolis , a Faraway op den Dësch.
Méi spéit hunn d'Leit sech deelweis anescht gesat a mat Cat in the Box: Deluxe Edition , Trio , a Rebel Princess den Owend ausklénge looss.

06.06.2024

Beim Hanna, Gerry, Sandra A., a Sebastian koume rëm kuerz Spiller op den Dësch: Maps of Misterra , Point City , a Rebel Princess .
Beim Alain, Presi, Enrico, Dennis, a Christiane S. koum de Klassiker El Grande op den Dësch, an de Presi huet do mol endlech Zuelen op d'Punkteleescht geschriwwen. Hei ass mat CuBirds weider gefuer ginn.
Beim Paul, Tanja, John, a Lynn goung et an Die Tavernen im Tiefen Thal , an nom Tanje sengem Départ an d'Little Town .
A beim Irad a Rachel G., Carole S., an Alain Bert. ware Colt Express a Stone Age ugesot.

31.05.2024

Beim Gerry, Sebastian, Mela, Sandra A., an Hanna goufen an dëser Fräi Nuecht eng Hällewull Spiller gespillt: Scout , Canvas mat der Erweiderung Canvas: Reflections , Sur les traces de Darwin , Harmonies , a Rebel Princess koumen noeneen op den Dësch.
Beim Alain, Myriam R., Rachel an Tom G. ass et mat Die Burgen von Burgund lass gaangen. Nom Myriam sengem Départ goung et mat Wettlauf nach El Dorado a Gizmos weider.
D' Simone, de Marc S., an d'Christiane S. hunn haut endlech hier Zug um Zug Legacy: Legenden des Westens -Campagne fäerdeg gespillt.
A mir haten och 4 Visiteuren (dorënner d'Martine an d'Laura) déi den Asara no iwwer 7 Joer aus dem Schaf gegruewen hunn.

23.05.2024

No den Architekten, d'Paladinen. Beim Alain, John, Gerry, a Christian L. goung et ëm d'Paladins of the West Kingdom .
Beim Presi, Christiane S., Lynn, a Paul war erëm Pandemic Legacy: Season 0 ugesot, mat enger Zugab vu Mycelia .
Den Irad an d'Rachel G., d'Marguy, d'Carole S., an de Sebastiaan sinn am Wingspan ënner d'Ornithologe gaang. A beim Davide, Alain Bert., Aline B., a Sebastian huet Chaos in the Old World geherrscht.

16.05.2024

De Presi huet säi Gebuertsdagscadeau Architects of the West Kingdom mam Monique, Guy P., Christiane K., a Paul gespillt. Dono ass mat Lovecraft Letter weider gefuer ginn.
D'Simone, de Marc S., an d'Christiane S. hunn hir Campagne am Zug um Zug Legacy: Legenden des Westens weider gefouert.
Beim Alain, Tom, Tanja, a Rachel G. war Die Weiße Burg um Programm. No dëser Partie hunn den Alain an d'Rachel mam Christiane S. nach eng Discoveries gemeet.

09.05.2024

02.05.2024

Beim John, Lex, Christian L., Lol, Alain Bert. ass den Owend erëm eng Course gelaf: nom Bat Cup hu si mat Split It ofgeschloss.
Beim Dennis A., Rachel G., Guy P., a Sebastiaan war den Owend Dune: Imperium ugesot.
De Gerry hat erëm eng partie méi kuerz Spiller matbruecht. Mam Alain, Davide, a Sebastian ass hei Bonsai , Rauha , an dem Gerry säin eegenen Insularo gespillt ginn.
An de Presi, d'Christiane S., d'Lynn, an de Paul hunn hir Pandemic Legacy: Season 0 -Campagne weider gefouert, a si haten de 5 Towers als Absacker.
lu