26.04.2024

Placeholder

18.04.2024

Well de Gros vun eise reguläre Spiller haut um Déckkäpp-Owend am Veräinshaus souzen, ass de Spillowend haut ausgefall.

11.04.2024

De Gerry war mol erëm eng Kéier do, an huet wéi ëmmer Spiller matbruecht: Sunrise Avenue vum Knizia an Insularo vum Gerry selwer. Hien huet mam Davide, Aline B., an Hanna gespillt, a si hu mat Cascadia mat Cascadia: Paysages -Erweiderung ofgeschloss.
Beim Alain, Paul, Lynn, a Christiane S. war de ganzen Owend Paladins of the West Kingdom gespillt ginn.
De Presi, säi Brudder, an d'Lara hu mam Monique a Marguy Der Kartograph a Black Dog gezockt.
An et goung och nees op de Circuit mam John sengem Heat plus Heat: Heavy Rain . De Christian L., de Lex, de Guy P., de Sebastian, den Irad, an d'Rachel G. si matgefuer. Skull King huet hei den Owend ofgeschloss.

04.04.2024

Den Alain, d'Michelle, an d'Christiane a Karim K. hunn haut mat Stone Age ugefaangen, ier se (ouni d'Michelle) mat Next Station: London a Gold! weider gefuer hunn. Beim Simone, Marc S. a Christiane S. war erëm Zug um Zug Legacy: Legenden des Westens um Programm.
Whirling Witchcraft ass haut fir d'éischt am Club gespillt ginn, an dat vum Aline B., Sebastian, Sandra A., Davide, an Hanna. Dono ass et mat Las Vegas a Skull King weider gaang.
A beim John, Brudder Guy, Christian a Ben L. ass erëm Course gefuer ginn, dës Kéier am DownForce . Dono goung et am Jaws weider.

29.03.2024 – Generalversammlung

Dës Generalversammlung war déi éischt am Horgerhaus, dat net onbedéngt fir esou Saachen ideal ass. Den Dennis, de Jean-Claude, an d'Sophie hu sech aus dem Komittee verabschid, an d'Lynn, d'Christiane S., an de Steve aus der Digimon-Ekipp si bäikomm. Häerzlech wëllkomm!
Nom obligatoreschen Deel ass natierlech gespillt ginn. Den Dennis A. huet den Alain an de Brudder Guy am Die Weiße Burg an am Ganz schön clever naass gemaach. Beim Sandra A., Guy P., Steve, Jean-Claude, Lol, an engem sechste Spiller goufe Long Shot: The Dice Game a 7 Wonders: Architects gespillt.
Ganz klassesch ass et beim Pierre, Michelle, Alain Bert., an Dennis K. zougaangen: Scrabble war hei ugesot. An de Presi, de Paul, d'Lynn, an d'Christiane S. hunn am Pandemic Legacy: Season 0 weider gefuer.
De John hat och erëm Heat mat Heat: Heavy Rain derbäi an huet mam Christian a Ben L., Chrëscht, a Sebastian gespillt. A beim Sophie, Marc S., Roland, a Mela ware Cartagena an Istanbul hir Spilldestinatiounen.
Spéit owes gouf nach Codenames gespillt.

21.03.2024

D'Lynn, d'Christiane K., an de Paul hunn zesumme mat enger 4. Persoun Azul , a Caldera Park gespillt. Dono hunn d'Lynn an de Paul zu zwee mam The Game weider gefuer.
Beim Davide, Dennis A., Carole S., an Alain Bert. war Chaos in the Old World ugesot an d'Simone, de Marc S., an d'Christiane S. hunn hir Kampagne am Zug um Zug Legacy: Legenden des Westens weider gespillt.
De John huet Heat mat der Erweiderung Heat: Heavy Rain matbruecht an hien ass mam Chistian a Ben L., Chrëscht, Alain, a Monique Course gefuer. Dono ass mat Strike ofgeschloss ginn.

14.03.2024

Den Owend waren eng ganz Rëtsch -Spiller präsent déi deels natierlech hiert Lieblingsspill gespillt hunn, awer och Carcassonne an, zesumme mam Chrëscht, Azul an Tales & Games: The Hare & the Tortoise .
Bei den zwee Alainen, dem Brudder Guy, dem Luc, an dem Carole S. waren Ticket to Ride: Europe - 15th Anniversary an Zooloretto ugesot.
D'Aline B., de Sebastian, an den Davide hunn de ganzen Owend Rajas of the Ganges gespillt, a beim Presi a Paul huet et mat Star Realms ugefaang ier si, vum Lynn a Christiane S. verstäerkt, bei de Pandemic Legacy: Season 0 iwwer gaange sinn.
An am zweete Sall souzen de Lol, d'Monique, d'Sandra A., de Guy P., d'Christiane K., an e Journalist vum "Land", de Benjamin B. bei Surfosaurus Max , an dono bei Istanbul .

07.03.2024

Beim Presi, Sandra A., Simone, John, a Marguy koume 4 Spiller op den Dësch: Mycelia , Atlantic Star , Trio , a Memoarrr! .
Niewendru souzen d' Christiane S. an de Lex a si hu sech am Die Siedler von Catan: Das Kartenspiel duelléiert.
Den Dennis A., den Enrico, den Davide, an de Paul sinn an Die Weiße Burg gaangen, an déi zwee Alainen, de Sebastian, an de Guy P. sinn an d'Vergaangenheet am Back to the Future gereest. Dono hu si sech mam Christiane a Lex zesumme gesat fir eng Strike .
Finalement gouf et nach eng Partie Copenhagen: Roll & Write mam Alain, Sebastian, Guy, a Christiane.
lu