29.02.2024
Beim Lynn, Presi, Christiane S., a Paul ass et haut mat Pandemic Legacy: Season 0
weider gaangen. De Marek, d'Christiane an de Karim K. hu sech noenee mat Azul
, Istanbul
, an Adel Verpflichtet
ameséiert.
Beim Chrëscht, Sebastian, John, a Monique waren dat flott Spill Engel & Bengel an dat enttäuschend Reif für die Insel um Programm.
An déi zwee Alainen, d'Carole S., an den Davide hu Thunderstone Advance gespillt, dat lo bal zéng Joer ongespillt am Schaf louch. Dono ass mat Tales & Games: The Hare & the Tortoise ofgeschloss ginn.

23.02.2024
D'Bud war alt erëm gutt voll haut. Ugefaang beim Dennis A., Carole S., an Davide, déi mat engem véierte Spiller The Gallerist
gespillt hunn. De Brudder Guy, d'Michelle, an eng drëtt Persoun hunn den Owend mat Hamlet
gestart.
Beim Marc S., Simone, Christiane S. gouf Zug um Zug Legacy: Legenden des Westens gespillt, a beim Presi, David, an zwee weidere Spiller gouf et My Island an Trio .
De Chrëscht hat och erëm Saachen dobäi; hien huet mam Sebastian, John, a Claudine: Volles Fass voraus , Quando , Tüfteln , an Trio gezockt. An den Alain hat Le Havre matbruecht, dat hie mam Mela, Christian a Ben L. gespillt huet. Hei ass mat Santiago de Cuba enchaînéiert ginn.
Dono huet de Chrëscht sech bei dem Alain säi Grupp gesat fir Würfel Bohnanza , So Kleever! , a Strike , während am éischte Sall sech e gréissere Grupp gebild huet fir Top Ten .

15.02.2024
D'Lynn hat sech de Pandemic Legacy: Season 0
kaaft, an de Presi, d'Christiane S., an de Paul hu sech bereet erklärt fir mat him d'Campagne duerchzespillen. No den éischte Partien ass et mat Lovecraft Letter
weider gaang.
Beim Christian L., John, Monique, Guy T., a Luc ass mat Port Royal
ugeffang ginn, an dono mat Velonimo
weider gefuer.
A beim Alain, Davide, Dennis A., a Sebastian war Wierfelen ugesot: Dice Forge an Dice City war bei hinnen um Programm.

08.02.2024
De Presi huet sâin neit Spill After Us
mat sengem Brudder, dem Lex, dem Monique, an dem Luc gespillt. Dono ass et mat Scout
weider gaangen, wou alt erëm keen d'Kaart mam Hutt fonnt huet.
Den Alain, de Marc S., de Mike M., an d'Christiane S. waren de ganzen Owend mat Porta Nigra beschäftegt.

01.02.2024
D'Lynn, d'Christiane S., an de Guy P. hu sech duerch den Agricola
gekämpft, dee lo scho 7 Joer net méi gespillt gouf.
Niewendru souzen den Dennis A., den Alain Bert., de John, an d'Carole S. beim Raiders of Scythia .
An den Alain, Paul, an Enrico hunn am Marvel Champions d'X-Mansion erfollegräich verteidegt, mee am Pandemic: The Cure hate se manner Chance.

26.01.2024
Rekord-Fräi Nuecht an der Spillfabrik. Den Davide hat dat epescht Middle-Earth Quest
matbruecht, an hien an de Presi, den Dennis A., an den Alain Bert. ware bis véier Auer Moies am gaangen!
Do war et beim Lynn, Monique, Sebastian, Paul, a Mela mat a Broom Service vill méi relax zou gaangen.
Och den Alain, de John, d'Myriam, an d'Rachel waren net esou laang mam Imperial Settlers: Empires of the North (mat der Imperial Settlers: Empires of the North: Römische Banner -Erweiterung) amgaangen.
Dono hunn den Alain an de John sech kuerz am Brave Rats a Kulami duelléiert, ier se mam Lynn, Monique, Paul, a Mela op den Trio an de So Kleever! gaange sinn.

18.01.2024
Beim Presi, Lynn, Christiane K., an Alain Bert. war de ganzen Owend Hamlet
um Programm.
Den Dennis A. hat erëm Furnace matbruecht, dës Kéier mat der Erweiterung Furnace: Interbellum . Den Alain an de Guy P. ware seng Kontrahenten. No deser Partie goung et mat Kuhfstein weider.

11.01.2024
Erëm hunn den Alain Bert. an de Christian L. mat deem senge Bouwe Funkenschlag
gespillt, dës Kéier an Italien (Funkenschlag: Italien/Frankreich
). Nom Stroum produzéieren si Boune geziicht ginn am Bohnanza
.
Den Alain, d'Christiane S., de Paul, an de John waren de ganzen Owend mat Clank! In! Space! beschäftegt.
De Lol hat Art Society dobäi an huet mam Presi, Marc S., Christiane K. gespillt. Nom Marc S. séngem Départ ass d'Sophie bäikomm fir eng 5 Towers an eng Trio .
Beim Lex, Aline B., Sebastian, Davide, an Dennis A. waren Isle of Skye a Port Royal gespillt ginn.
An de Brudder Guy huet mam Thierry 7 Wonders: Duel gezockt.

04.01.2024
Deen éischte Spillowend vun 2024! Den Alain huet säin neie Maglev Metro
matbruecht an huet mam Lynn, Christiane S., a Paul gespillt. Dono goung et mam Cascadia
, an der Erweiterung Cascadia: Paysages
weider.
Beim John, Alain Bert., an dem Christian L. mat séngen zwee Bouwen ass et mat Port Royal lass gaang. Dono ass de Presi era komm an ass bei si gestouss fir eng Funkenschlag . Dës Kéier ass Korea mat Stroum versuergt ginn (Funkenschlag: Korea/China ).
An de Brudder Guy huet sech mam Luc am Connections an am Ballon Cup duelléiert.