10.08.2023
D'Carole sollt haut eis besiche kommen, zesumme mam Claude. Dofir hunn de Presi, d'Sophie, den Alain, de Gerry, de John, an d'Lynn haut mat Lovecraft Letter
ugefaang.
Dono huet d'Theisen-Famill sech mam Claude un eng Rëtsch Kaartespiller gesat: Scout , Land Unter , a Mamma Mia! koumen op den Dësch.
Bei deenen anere véier Koume fir d'éischt dem Gerry seng Kitara a Village Green un d'Rei, an dono ass mat Cat Lady ofgeschloss ginn.

03.08.2023
De John, de Christian L., an de Lex hunn haut 2 Partien Jaws
gespillt, an all Kéiers war den Haifësch de Gewënner. Niewendru beim Gerry, paul, an Alain Bert. ass Terra Nova
gespillt ginn, an dono e Prototyp vum Gerry.
Beim Presi, Webmaster, Lynn, a Christiane S. war den Haaptprogramm Anno 1800 . Dono koum de Guy R. nach eran an hut eng Monster Inn matgespillt.

28.07.2023
Mat 16 Spiller gëtt den Haaptsall am Horgerhaus nawell relativ voll. Et goufe 4 Gruppe gebild, an et ass villes gespillt ginn.
Ugefaang beim Alain, Guy R., Tom, an Tanja: Do ass et mat Riverside lassgaang, a weider iwwer op Die Säulen der Erde . Mat zwou schnelle Partië Kites ass enchaînéiert ginn an no enger Partie Spicy ass d'Koppel heem gefuer.
Beim Presi, Dennis A., a Monique ass et mat Die Rote Kathedrale lass gaang. Dono koumen de Guy an den Alain derbäi fir eng Istanbul Beim John, line, Mela, Ben a Christian L. ass Rallyman GT gespilt ginn. Nom Aline sengem Départ goung et do mat Can't Stop , Lovecraft Letter , an Hanabi weider.
Beim Gerry, Paul, Nancy, an Alain Bert. stoungen eng ganz Rëtsch Spiller um Programm: Santa Monica , Reef , Scout , Bluff , Smart 10 , 6 Nimmt! , a The Game .
Finalement hunn de Presi, den Alain, de Guy, an d'Mela mat Hungry Monkey ofgeschloss.

20.07.2023
13.07.2023
Beim John, Christian L., a Presi ass et mat Vollgas lass gaang. Si sinn ee Circuit am Rallyman GT
gefuer, an dono ass et mat Lovecraft Letter
weider gaang.
Beim Gerry, Alain, an Nancy ass tëscht dem Alain a Gerry senge Spiller ofgewiesselt ginn. Hei gouf et Porto , Tadsch Mahal , Ohanami , an Der Elefant im Porzellanladen ze spillen.

08.07.2023 – Viva-Vakanz
Elef Kandidaten hate mer haut fir eise Viva-Vakanz Tournoi. Kingdomino
, Next Station: London
, Calico
, a Scout
stoungen um Programm, an d'Wieder war tipptopp. No véier Spiller war eise Presi, wéi sou oft, de Gewënner, gefollegt vum Alain, Paul, Christian L., an Tom.
Tëscht an nom Tournoi ass awer och soss gespillt ginn: Explorers , Die Crew: Reist gemeinsam zum 9. Planeten , Kribbeln , The Game , a Man muss auch gönnen können hunn dëse Summerspilldag komplettéiert.

06.07.2023
Zwou Gruppe koumen haut den Owend zesummen. Wéi ëmmer hat de Gerry e puer Spiller matbruecht, an hien huet mam Alain, Nancy, a Paul Sattgrün
, Favor of the Pharaoh
, Triggs
, a Can't Stop
gespillt.
Beim Chrëscht, Christian L., Presi, John, a Guy P. ass et fir d'éischt ënner d'Pirate gaang mat The Last Bottle of Rum , an dono mam kooperative Roll & Write Sebastian Fitzek Killercruise: Das Würfelspiel . Mat Lovecraft Letter ass hei den Owend ofgeschloss ginn.