18.05.2023
Un dësem Feierdag krute mer just zwou Gruppen zesummen.
De John hat erëm Albedo dobäi an huet mam Christian L., Alain Bert., a mam Presi gespillt. Der Palast von Alhambra an Trans Europa waren hei déi nächst Spiller.
De Gerry huet mam Christiane S., Alain, a Paul dat abstrakt Spill Gorinto gespillt. Dono koumen de Jorge an d'Noelia eran an hunn eng 7 Wonders matgespillt. Mat enger Mystic Vale , déi ze laang gedauert huet, ass den Owend ofgeschloss ginn.

11.05.2023
Haut hu mer d'Maison Horger ageweit. Mir hunn all eis Spiller an d'Schief getesselt, an eis och soss ageriicht. Mir hunn elo eng richteg Kiche mat Frigo, zwee kleng Säll plus ee mat de Schief.
Nom Araumen ass dunn och direkt mat Spille weider gefuer ginn: de Chrëscht, de Christian L., den Andy, an d'Michelle hunn haut extrem klassesch ugefaang mat Winnetou , an dono ass et mat aneren Ind--, ëh, amerikanesch Urawunner weider gaang, an zwar mat Manitou .
Beim Gerry, Christiane S., Nancy, a Sebastian stoungen Evergreen , Nimalia , a Scout um Programm.
De Gilles huet sech mam Aline am Akropolis duelléiert iwwert deem den Alain an de Presi Pizzae siche gaang sinn. Dono sinn déi zwee derbäi komm fir eng Smartphone, Inc. .
An de Guy P. hat säi Bouf Mathis derbäi, a si hu sech mat Looping Louie a Batik ameséiert.

04.05.2023
Leschte Rendez-vous an der aler Spillschoul! Et ass net gespillt ginn, mee et ass alles a Këschten agepaakt gi fir eis Plënner an d'Maison Horger fir déi Zäit wou zu Goussel dat aalt Gebai ofgerappt gëtt an dat neit gebaut gëtt. Dosene vu Plënnerkëschte goufe mat Spiller a Pëzzele gefëllt, an de Chrëscht an d'Nancy hunn déi al Hausnummer als Souvenir vun der Mauer gerappt.
Domat geet eng Ära zu Enn. Mir haten den 13.01.2011 eisen éischte Spillowend hei, an zanterhier iwwer 600 mol war déi al Spillschoul de Site vun eisen Evenementer. Elo gëtt d'Geschicht vun der Spillfabrik an der Maison Horger zu Lëntgen weider gefouert.
Mir soe jidderengem Merci dee bei der Plënner gehollef huet.