09.03.2023

Och haut krute mer just zwou Gruppen zesummen. Dobäi war deen éischten, bestehend aus Presi, Gilles, Gerry, an Davide, de ganzen Owend mat Endless Winter beschäftegt.
Deen zweete Grupp huet sech zesummegesat aus Alain, Chrëscht, Christian L., John, an Thérèse. Hei koum fir d'éischt Neom an du Micropolis op den Dësch. Nom John an Thérèse hirem Départ huet de Chrëscht nach de Klassiker Familienbande presentéiert.

02.03.2023

Haut war d'Präsenzelëscht éischter kleng, well mir si just op 7 Leit komm. Den Alain hat Die Schlösser des König Ludwig dobäi an huet mam Gerry, Christiane S., a Michelle gespillt. Op der anerer Säit waren de Chrëscht, de Guy P., an d'Aline, a si hu sech fir d'éischt duerch d'Anleitung vun Terraforming Mars (mat Terraforming Mars: Präludium ) gekämpft. Dofir waren si och nach déck am gaangen, wéi den Alain an de Gerry nach hir Ofschlosspartie Little Town gemaach hunn.
lu