24.06.2022
D'Nancy, d'Sandra, an de Christian L. hu mam Dennis A. deem säi Spirit Island
gespillt, wat schonn en éischter komplext Spill ass. Ganz anescht niewendru wou den Alain, de Presi, d'Christiane S., den Andy S., d'Michelle S., an d'Lynn fir d'éischt de 7 Wonders: Architects
, an dono de Codenames
gespillt hunn.
Zum Schluss hu se sech alleguer fir eng spaasseg Partie Top Ten zesumme gesat.

09.06.2022
Während den Owend den Alain, de John, d'Thérèse, an de Lex sech mat dräi Spiller beschäftegt hunn (Cubitos
, Celestia
, a Las Vegas
) war beim Presi, Christian L., Dennis A., an Davide den Owend bis an d'Nuecht just vun engem Spill dominéiert: Underwater Cities
, wat een offensichtlech léiwer net sollt zu 4 spille wann net fräi Nuecht ass.
04.06.2022 – 10-Joer-Feier
Haut hate mer eis, Corona-bedéngt e bësse verspéiten, 10-Jores-Feier am Festsall Mouschelt zelebréiert. Nieft den obligatoresche Brietspiller a gutt a vill Iessen a Gedrénks, waren och aner Aktivitéiten geplangt.
Gott sei Dank huet d'Wieder gréisstendeels matgespillt; et war zwar schmeier, mee et si just moies e puer Drëpse gefall. Dat huet eis net gehënnert eis sportlech ze betätegen mat Mountain Bike, Pétanque, oder engem Trëppeltuer.
Mëttes hunn déi meescht un eisem Challenge Cup deelgeholl, wou et ënner anerem em Pabeierfligeren, Geréch erkennen, oder Neel aschloe goung. Owes dunn ass de Jérôme Decker komm fir eis e flotte Pubquiz ze maachen.
Drësseg bis véierzeg Leit hu bei allem matgemaach. D'Brietspiller déi zum Asaz koume waren nees variéiert. Vun einfache Saache wéi Der Widerstand , Engel & Bengel , Dackel Drauf , Can't Stop , a Las Vegas , iwwer Familliespiller wéi Azul: Die Buntglasfenster von Sintra , Riverside , Little Town , Bohnanza , Namiji , Smart 10 , an Die Quacksalber von Quedlinburg mat Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen , zu komplexe Spiller wéi Die Burgen von Burgund , Clank! In! Space! , Diamonds Club , an Dice Forge goung et queesch duerch de Gaart.

02.06.2022
Den Alain, d'Nancy, an de Presi hunn den Owend fir d'éischt déi nei Acquisitioun Azul: Die Buntglasfenster von Sintra
probéiert. Dono ass mam Alain sengem Marvel United
mat der Marvel United: Guardians of the Galaxy Remix
-Erweiterung, mat Havana
a Smart 10
weider gefuer.
Op engem zweeten Dësch war d'Christiane S. mam Lex an zwee anere Spiller mat Scotland Yard a Savannah Park beschäftegt.

27.05.2022
D'Superhelde waren haut nees am Asaz: De War Machine, den Dr. Strange, d'Ghost-Spider an d'Nebula (alias Christiane S., Rol, Paul, an Alain) sinn am Marvel Champions
géint d'Hela ugetrueden an hunn et just an allerleschter Minutt besiigt. Dono huet den Alain mam Paul nach zwou séier Partien Dice Throne Season One
gemaach.
D'Nancy, de John, an d'Thérèse hunn erëm Machi Koro mat Machi Koro: Großstadt-Erweiterung gespillt, an dono ass eng nei Acquisitioun getest ginn: Black Dog , eng Variant vun Dog , déi awer anscheinend net esou flott wéi d'Original ass.
Beim Presi, Michelle, a Sandra gouf et eng Partie Four Gardens an eng Die Quacksalber von Quedlinburg mat Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen . Dono ass de Presi mam Christiane bei dem Nancy seng Grupp gestouss fir eng Strike (dat ass déi nei Identitéit vun "Der Grosse Wurf") an eng Bluff .

25.11.2022
Beim Chrëscht, Presi, Lex, an Nancy sinn haut eng ganz Rëtsch Spiller gespillt ginn. Ugefaang bei Villainous
, iwwer Scout
, Sauscharf
, Minecraft: Builders & Biomes
, bis hin zu Strike
war fir all Goût eppes derbäi.
Beim Alain, Gilles, Davide, a Gerry war et méi komplex: Le Havre war hei um Programm, mee och do koum herno Scout op den Dësch.
An nach méi laangwiereg goung et beim Dennis A., Sébastien, a Christiane S.: hir Wasserkraft -Partie huet dee ganzen Owend gedauert.

19.05.2022
Haut koumen de Mats, de Mich, an den Johnny fir d'éischt an d'Fabrik an den Alain an d'Lynn hu mat hinnen Die Quacksalber von Quedlinburg
mat Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen
an Der Kartograph
gespillt. Nodeems déi dräi nei Äddi gesot hunn, hunn den Alain an d'Lynn sech am Dice Throne Season One
duelléiert.
De Presi, d'Tanja, de John, an d'Thérèse hunn eng länger Machi Koro mat Machi Koro: Großstadt-Erweiterung gemaach. Dono ass et ouni d'Tanja mat The Mind a The Game weider gaang.
Beim Paul, Gerry, Christiane S., an Nancy gouf et haut relativ vill Spiller: 7 Wonders: Architects , Juicy Fruits , So Kleever! , Kneipenquiz: Family & Friends Spezial .

12.05.2022
Den Alain huet haut mam Enrico, Christiane S., a Christian L. Ex Libris
an dono Havana
gespillt. Nom Christiane sengem Départ ass mat Little Town
ofgeschloss ginn.
De Presi an de Lex hu sech am Rolling Dice an am Star Realms duelléiert, während de Gerry, d'Nancy, d'Sandra, an de Paul Space Base gespillt hunn. Dono koumen déi zwou Gruppen zesumme fir eng Engel & Bengel .
Finalement gouf et nach e bëssen Just One mam Alain, Nancy, Lex, Presi, a Gerry.

05.05.2022
De Rapporteur war haut an der Vakanz. Haut gouf och just eng länger Partie Terraforming Mars
gespillt, während d'Nancy un engem zimlech toughe Puzzle geschafft huet.