29.10.2021

Den Alain huet haut knapp 4 Kilo Spill op den Dësch gedonnert: Ein Fest für Odin mat der Ein Fest für Odin: Die Norweger -Erweiterung. De Paul, de John, an de Guy R. hu matgespillt, zwee Dëscher waren noutwenneg, an d'Spill huet och dräi an hallef Stonne gedauert. Als Absacker gouf et nach eng Partie Guildhall .
Op engem zweeten Dësch waren den Dennis A., d'Michelle, d'Lynn, an d'Christiane S. Si hu mat Heaven & Ale ugefaang, dunn op dem Lynn säi Mille Fiori iwwer gaang, a finalement mat Memoarrr! opgehal.
Beim Gerry, Nancy, Christian L., a Mela niewendru koumen eng ganz Rëtsch Spiller un d'Rei. Dem Gerry seng Spiller Trails an Talo , dunn Das Labyrinth der Meister , Heimlich & Co. , The Game , a The Mind . Du koum d'Lynn nach derbäi fir eng Bluff an eng CuBirds .
D'Sophie war och den Owend do fir ze puzzelen a sech op den 12-Stonnen-Tournoi vu muer anzestëmmen.

21.10.2021

En ulkegen Zoufall gouf et den Owend: souwuel den Alain wéi och de Paul hunn hire Lost Ruins of Arnak matbruecht, just dass den Alain nach d'Erweiterung Lost Ruins of Arnak: Expedition Leaders derbäi hat. Mat deem Geschéck konnt den Alain et gläichzäiteg fir 8 Leit erklären, wat natierlech Zäit gespuert huet. Um Alain sengem Dësch souzen nach den Dennis A., d'Sandra, an de Gerry, a beim Paul woren de John, de Guy P., an d'Nancy.
De Lol hat nach de Paleo matbruecht, an hien huet am anere Sall mam Presi, Monique, an Enrico gespillt.

07.10.2021

Zwou Gruppe gouf et den Owend. Op der enger Säit waren dat de Gerry, d'Christiane S., de Paul, d'Nancy, an d'Sandra; si hu mam Gerry sengem New York Zoo ugefaang a sinn dono op Zug um Zug: Europa gaangen. Nom Sandra sengem Départ ass mat enger Azul ofgeschloss ginn.
Op der anerer Säit souzen den Alain, de Lex, d'Monique, an de Roland (e Frënd vum Monique), a si hu mat Dice City ugefaang. Wéi dono de Lex de Klassiker Scotland Yard am Schaf gesinn huet, wollt hien onbedéngt de Mr. X spillen. De Presi ass dunn och nach erakomm, sou dass mer 4 Detektiven haten, déi de Mr. X dann awer och nom halwe Spill fonnt hunn.

30.09.2021

Zwou Fënnefergruppe koumen haut zesummen. Während deen ee Grupp (Presi, Nancy, Christiane K., Paul, plus nach ee Spiller) sech de ganzen Owend mat Lewis & Clark beschäftegt huet, huet deen zweete Grupp (Alain, Guy P., Gerry, Christiane S., a John) mam Gerry sengem Barony mat der Barony: Sorcery -Expansioun ugefaang.Dono ass mat Celestia weider gefuer ginn, an nom Guy sengem Départ gouf et nach e puer Partien Ziegen Kriegen .

24.09.2021

De Rôle vum Rapporteur huet haut den Yves S. iwwerholl, well den Alain an der Vakanz war. Merci!
Haut souzen de Gerry, d'Nancy, d'Sandra, de Paul, de Christian L. an den Yves S. ronderëm engem groussen Dësch. Gespillt goufen Ethnos , Skull King , Draftosaurus , a Subtext .
D'Sophie an d'Christiane S. hu gepuzzlet.
De Presi, de Brudder Guy, d'Lynn, de Guy P., an nach ee Spiller hunn zesummen Dschunke an Airlines Europe gespillt.

16.09.2021

Mat 5 Spiller krute mer haut just ee Grupp zesummen. De Presi, den Alain, d'Nancy, de Gerry, an de Christian L. hu mat Airlines Europe ugefaang, hu mam Alain sengem Welcome enchaînéiert, a mam Gerry sengem Happy City den Owend ofgeschloss.

11.09.2021 – Chill, Grill & Spill

Haut hate mer no laanger Zäit endlech mol rëm e Grilldag. D'Wieder war och gréisstendeels mat eis; och wann et mat Zäiten zimlech frësch ginn ass, huet et awer wéinstens net gereent. Dëst Joer ware mer och fir d'éischt op der neier Plaz beim "Mouschelt" zu Lëntgen, an dat war e grousse Succès. Béierbänken a Grill sinn op der Plaz, et ginn Toiletten an Duschen, an et ass een ëmmer ënner Daach an et ass awer hell genuch fir ze spillen. Niewendrun huet eng aner Grupp ee Beach-Volleyball-Tournoi ofgehalen.
Bei eis huet den Dag mat Biss 20 ugefaang, engem Partyspill wat fir d'Bistrospill nominéiert war a ganz witzeg ass. Dono ass et klassesch weider gaang mat komplexe Saache wéi Santa Maria , Newton , Die Burgen von Burgund , a Rajas of the Ganges , awer och méi liichte Kascht wéi Kingdom Builder , Kingdomino , Memoarrr! , Jinx (nach ee Bistrospill-Kandidat), Die Crew: Reist gemeinsam zum 9. Planeten , Azul , Duckomenta Art , a Codenames . De Gerry hat och Spiller derbäi, wéi Caylus 1303 , Tiny Towns , a Jump Drive , genee wéi de Lol Paleo an Ozeane matbruecht huet. An eng Partie Kubb gouf et och.
Mir haten insgesamt eng 24 Leit déi gespillt hunn, an nach eng Rëtsch déi just ee flotten Dag genoss hunn. Alles an allem war dësen Chill, Grill & Spill nees e vollen Erfolleg.

09.09.2021

Ganz verschidde Spillweisen haut an der Fabrik. Op deem engen Dësch ass de ganzen Owend just ee Strategie-Spill gespillt ginn: Dem Gerry säi Caylus 1303 , eng nei Versioun vum Klassiker, deen a ville Punkte verbessert ginn ass. Mat himm hunn d'Michelle, de Guy P., an den Alain gespillt.
Op deem zweeten Dësch si reieweis Party-Spiller op den Dësch komm: d'Mela, d'Nancy, d'Sandra, d'Christiane K., de Paul, an den Dennis A. hu mat Concept ugefaang, sinn dann op Codenames , an dono op Subtext iwwer gaangen. Nom Sandra an Dennis hirem Départ, ass mat Ubongo a Can't Stop weider gefuer ginn.
Am zweete Sall war erëm Star Wars: Armada ugesot. Dës Kéier war et méi eng grouss Ekipp: d'Yvesen S. an E., den Andy L., d'Peggy, de Christian L. an de Roland B. hu sech eng epesch Schluecht geliwwert.

02.09.2021

Den Dennis A. hat haut Concordia matbruecht, an den Alain, d'Mela, d'Lynn, an de Paul hu mat himm de Mëttelmierraum besiedelt. No enger spannender Partie hat den Dennis awer herno kloer gewonn. Hei ass et just nach fir eng Partie Kribbeln duer gaangen, déi de Paul souverän fir sech entscheed huet.
De Gerry hat um Dësch niewendru säin Tiny Towns opgeriicht. Hei waren de Guy R., d'Christianen S. a K., an d'Nancy mat derbäi. No dësem Spill ass hei mat Lords of Waterdeep enchaînéiert ginn.
Am zweete Sall ware wéi gewinnt d'Rebelle géint d'Imperium am Star Wars: Armada ënnerwee, mam Peggy, Andy L., an Yves S.
lu