26.06.2020

Haut war den éischten Dag nom Confinement wou mer d'Spillfabrik nees opgemaach hunn. Mat engem Konzept vu maximal 20 Leit pro Sall, Desinfektiounsspray, a Quarantaine fir gespillte Spiller hoffe mer den Deconfinementsmesurë gerecht ze ginn.
Op deem engen Dësch souzen den Alain, de Guy R., de Rol, de Guy P., an de John beim Terraforming Mars . De John huet awer nom éischten Drëttel misse fort, sou dass d'Partie ouni hie fäerdeg gespillt gouf. Dono an nom Départ vum Guy P. ass et mat Gizmos weider gaang.
Um zweeten Dësch souzen de Presi, d'Christiane S., d'Nancy, an d'Mela beim Die Quacksalber von Quedlinburg , Diamonds Club , an Dog .
Méi spéit koum nach de Brudder Guy era mam Axel, a si hu Revolver getest.

19.03. – 18.06.2022

Tja, an dunn ass et lass gaange mam strenge Confinement. Jiddereen huet missen doheem bleiwen oder konnt just fir essentiell Tâchen (Aarbecht, akafen,...) eraus. Do ass natierlech och de gemittlechen Owend an der Spillfabrik ausgefall.
Mee sou wéi villes déi Zäit huet sech och d'Spillfabrik an d'digital Welt gerett. De Jean-Claude huet eis en Discord-Server gezaubert, wou sech dono regelméisseg getraff ginn ass fir dann haaptsächlech op BoardGameArena zesummen ze spillen.
Dobäi gouf vill bekanntes gespillt, awer och nei Saachen entdeckt. Fir déi meescht Spillfabrik-Veterane ware Saboteur , Love Letter , Can't Stop , 6 Nimmt! , Stone Age , Puerto Rico , 7 Wonders , a Kingdomino scho beschtens bekannt. Och Lost Cities , Celestia , Carcassonne , Takenoko , K2 , Jaipur , a Caylus si schonn déi eng oder aner Kéier bei eis gespillt ginn.
Mee bei Sushi Go! , Coloretto , Dice Forge , Potion Explosion , La Granja , Elfenland , a Rallyman GT war et fir vill Leit déi éischte Kéier, an heiansdo war dann och Loscht fir d'Spill reell kennen ze léieren.
D'Assemblée Générale, den Chill & Grill konnte sou natierlech net statt fannen, an de Viva-Vakanz ass och verluecht ginn.
Eis Hëllefer haten awer och Zäit genuch fir hiren Deel vum 40000-Deeler-Puzzle fäerdeg ze maachen. Dommerweis ass den Télévie natierlech och verluegt ginn.
Glécklecherweis ass et lues a lues mat der Coronavirus-Situatioun besser ginn , a mir konnten eis am Juni dann erëm méi oder manner wéi gewinnt treffen.

12.03.2020

Et war eng komesch Atmosphär dësen Owend. Obwuel relativ onbeschwéiert gespillt gouf, sou sinn awer d'Noriichten iwwer d'Coronavirus-Epidemie net wierklech aus dem Kapp gaangen.
Den Alain, Guy R., an de Rol hu sech um Arkham Horror (3rd Edition) mat der neier Arkham Horror: Dead of Night Expansioun probéiert, wat grëndlech an d'Box gaangen ass. Schlechte Karma...
D'Nancy, d'Monique, an de Lex hu mat Can't Stop an Das Labyrinth der Meister ugefaangen.
Beim Michelle, Andy, an de Christianen S. a K. war Ex Libris ugesot.
An de Christian L. huet mam John a Marc F. U-BOOT: Das Brettspiel gezockt.
War et en Akt vun ironeschem Widderstand dass de Presi herno mam Nancy, Monique, a Lex eng Pandemie gespillt huet? Op alle Fall sinn am Laf vum Owend d'Noriichte komm dass d'Schoulen zougemaach ginn, an et wousst een: do kënnt nach.

05.03.2020

Den Alain huet Brügge mat Brügge: Die Stadt am Zwin matbruecht an dat mam Guy R. a Marc S. gespillt. Dono si si zu Villainous iwwer gaangen.
Beim Tom, Tanja, a Sandra stoung Ex Libris um Dësch.
Beim Presi, Daniel, Lol, Philippe, a Christiane K. ass Istanbul gespillt ginn, an dono koum Codenames zum Asaz.
Den Dennis, de Gerry, d'Nancy, an d'Monique hunn e Prototyp getest, an de Christian L. huet mam Ben, Rol, a Marc F. U-BOOT: Das Brettspiel gespillt.
lu