31.10.2019

De Presi huet haut mam Lara ugefaang mat Brave Rats . Dunn ass de John derbäi komm, a si hu mat Tokyo Highway a Wettlauf nach El Dorado weider gefuer.
De Marc S. hat d'Essen-Neiheet Ecos: Der Erste Kontinent matbruecht a mam Rol, Guy R., Alain, Mike M., a Mela gespillt. Woubäi dat Spill awer zu 6 relativ vill Downtime huet. Mam Guy R. sengem Der Kartograph ass et weider gaang. Dono huet de Grupp sech an zwee gespléckt fir Carnival of Monsters an Die Quacksalber von Quedlinburg mat Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen a gepimpte Komponenten.
Beim Riccardo, Gerry, Guy P., Yves S., an Nancy stounge Minute Realms a Pyramids um Programm.
Am zweete Sall gouf et Star Wars: X-Wing (Second Edition) mam Christian L., Ben L., Yves E., a Marc F.
Méi spéit Owes gouf et nach Kerala mam Presi, Gerry, Guy P., an Nancy, a Gizmos mam Rol, Alain, Mela, a Guy R.

25.10.2019

Well haut déi eng Halschent vun eise Memberen zu Essen op der SPIEL waren, an déi aner Halschent net komm ass well déi éischt Halschent net do war, waren haut d'Sophie an d'Christiane S. alleng an der Fabrik. Si hu fir de 24-Stonnen-Puzzle-Tournoi zu Hannut dëse Weekend trainéiert.

17.10.2019

De Guy R. hat säi Roll for Adventure matbruecht an huet mam Alain, Nancy, a Bob gespillt. Leider ass d'Partie awer verluer gaangen. Dono ass d'Christiane K. derbäi komm an zu 5 gouf dann dem Nancy säi 20 Questions gespillt, woubäi et vu Virdeel war, dass d'Anleitung net méi vorhande war. Mam Bob sengem Coup ass et weider gaang a mat Abluxxen ass den Owend ofgeschloss ginn.
Um zweeten Dësch souzen de Riccardo, de Lol, de Philippe, an de John. Hei ware L'auberge sanglante , Die Tavernen im Tiefen Thal , a Corinth um Programm.

10.10.2019

Den Alain, Guy R., Bob, a John hu sech mat direkt 4 Spiller ameséiert, dovunner 3 neier: Lords of Waterdeep , Orbis , Mapominoes Eurail Interrail , a Qwixx . Bei leschterem huet de John e Rekordscore vun 130 Punkte gemaach. Respekt!
Nei war den Owend d'Nanc derbäi, dat mam Riccardo, dem Guy P., dem Gerry, an dem Christiane K. CuBirds an Ubongo gespillt huet. Du koum de Presi derbäi fir eng Atlantic Star . Nom Guy P. sengem Départ goung et mat Celestia weider.
De Puzzle-Deel gouf och haut den Owend vum Sophie a Christiane S. gehandhabt.

03.10.2019

Haut hu mer am klenge Kader gespillt. De Bob hat erëm den Dungeon Mayhem derbäi, dës Kéier mat der Erweiterung Dungeon Mayhem: Battle for Baldur's Gate . Seng Géigner waren de Riccardo, de Guy R., de John, de Gerry, an den Alain (dee schonn an der zweeter Ronn eliminéiert war).
Dono hu sech nei Gruppe gebildt: De Riccardo, de John, an de Gerry hu Villages of Valeria , an dono Wingspan gezockt, während déi dräi aner sech mam Presi un den Newton gewot hunn. Do ass et mat Love Letter Big Box op en Enn gaangen.
D'Sophie an d'Christiane S. waren erëm mat engem Puzzle beschäftegt.

27.09.2019

Eis üblech Star Wars: X-Wing (Second Edition) -Ekipp (John, Marc F., Ben a Christian L.) huet sech mol erëm am Weltraum beschoss. Fir de Rescht waren et am anere Sall éischter kleng Party-Spiller déi zum Zuch koumen. De Chrëscht, d'Merle, de Guy R., an d'Jeia hunn Tokyo Highway , Love Letter Big Box , a Small Talk Bingo gespillt. Niewendru waren den Alain, de Marc T., d'Sandra, de Bob, de Gerry, an de Lol hu Big Monster , L.A.M.A. , a Micropolis gezockt.
Dunn huet sech jidderee fir eng Mega-Partie Just One (mat zwee Exemplairë fir genuch Tafelen a Stëfter ze hunn) zesumme fonnt.
No dësem stëmmungsvollen Intermezzo hu sech den Alain, de Bob, de Guy R., an de Gerry am Gizmos ameséiert, a de Presi an de John hu sech am Trains duelléiert.
Nieft dem Big Monster , L.A.M.A. , Tokyo Highway , Gizmos , a Small Talk Bingo hu mer awer och nach eng Rëtsch aner nei Acquisitiounen am Club: Otys , Newton , Lords of Waterdeep , Orbis , Nine Tiles Panic , Neom , Root , a Wingspan (englesch Versioun vum Flügelschlag).

19.09.2019

Erëm stounge beim Gerry a Riccardo kleng Spiller un. Mam John a Christiane S hu si Red7 , Crypt , a Spirits of the Forest gespillt.
De Presi huet mam Tom an Tanja Dominion mat Dominion: Seaside trainéiert, ier si mat Ex Libris weider gefuer sinn.
Den Alain, de Guy R., an de Bob hunn Imperial Settlers ausgegruewen, an hunn dono mat Dungeon Mayhem an Hick Hack in Gackelwack den Owend ofgeschloss.
An de Ben a Christian L. hu sech am Trains duelléiert.

12.09.2019

De Gerry an de Riccardo hunn haut eng Rëtsch kuerz, kleng Spiller matbruecht, a si hu mam Bob a mam Christiane K Game of Trains , Manchots Barjots , Noch mal so gut! , an Absacker gespillt.
Den Alain, de Ben L., de Christian L., de Rol, an d'Sandra ware laang mat enger epescher Partie Scythe beschäftegt. Wéi de Rol an d'Sandra fort gefuer sinn, hunn di dräi aner nach mat engem Ganz schön clever enchaînéiert.
De Marc F. an Yves E. hu sech nach am Aeronautica Imperialis: Wing of Vengeance duelléiert, an d'Sophie, d'Christiane S., an zwou aner Persounen hu gepuzzelt.

05.09.2019

Den Owend stoung John D. Clair um Menu; de Gerry hat säi Space Base matbruecht an huet mam John, Alain, a Guy R. gespillt. Niewendru souzen de Lol, de Bob, den Tom, an d'Christiane K. beim Custom Heroes .
Deen éischte Grupp huet mat Mondrian: The Dice Game enchaînéiert an huet mat Sheep & Thief den Owend ofgeschloss.
De Lex huet mat den Theisen Bros Azul an Dominion gespillt, an ass du mam Presi am Lol säi Grupp gaange fir eng Partie Just One .
Donieft hat mer nach e puer Magic: The Gathering Dueller tëscht Yves S. a Philippe M., e Blood Bowl Duell tëscht Yves E. a Marc F., an d'Kanner koume méi spéit era fir e bëssen UNO ze spillen.
Um Puzzledësch souzen haut d'Sophie, d'Christiane S. an d'Tanja.
lu