23.02.2018

Et schéngt elo besser ze goen am Pandemic Legacy: Season 2 . Déi zousätzlech Ressourcen um Start hu béis gehollef, fir di nächst Méint vun der Campagne ze packen. Dono ass et mat deem leschte Kramer/Kiesling-Spill Reworld weider gaangen. Zum Schluss gouf et nach Broom Service: Das Kartenspiel , dat awer lo net dee grousse Succès hat.
De Presi huet d'Mela, den Dennis, an d'Christiane S. fir d'éischt op Puerto Rico geholl. Dono ass et mat Azul weider gaangen.
Am zweete Sall war natierlech erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game ugesot, mam John, Marc F., Christian L., a Ben L.
Méi spéit huet de John nach mam Mela a Christiane Qwirkle gespillt. Dono ass de John heem gefuer, an di zwou Dammen hu mat Mars Würfel opgehal.

15.02.2018

Den Tom, d'Tanja, an d'Sandra hu sech noenee mat Cacao , Ubongo , a Love Letter ameséiert.
De Presi huet mam Chrëscht a mam Mike de probéiert, deen e Kolleg vum Mike matbruecht hat. Wéi erwaart sinn do eng ganz Parti Raumschëffer ganz béis geshreddert ginn.
Den Alain huet mam Guy P., dem Christiane S., an dem Michelle Notre Dame: 10th Anniversary an Discoveries gespillt.
An am zweete Sall war den üblechen Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Scharmützel ofgehal ginn.

08.02.2018

De Rapporteur huet seng Notte fir deen Dag versoff a kann elo net méi am Detail soe wee wat gespillt huet. Op engem Dësch gouf emol Broom Service a 6 Nimmt! gespillt, op engem anere McMulti .
Just déi lafend Pandemic Legacy: Season 2 -Kampagne tëscht Alain, Guy R., Michelle, a Rol ass bekannt, an eng Schlusspartie tëscht Alain, John, a Presi am Keltis: Der Weg der Steine .

01.02.2018

Staark reduzéierte Kader haut an der Fabrik. Ausser dem Sophie an dem Christiane S. déi zesumme gepuzzlet hunn, koume just 6 aner Leit an de Sall.
D'Equipe vu Pandemic Legacy: Season 2 fänkt un zimmlech demotivéiert ze ginn, well och bei den dräi Partië vun haut gouf keng gewonn. Déi éischt war souguer schonn no 6 Tier eriwwer. Wéi wëll ee sou d'Welt retten?
De Presi souz niewendru mam John mat der neier Acquisitioun vum Club: Star Wars: Destiny . Nodeems dat studéiert a gespillt gouf, ass et am Weltraum mat Star Realms weider gaangen.

26.01.2018

Den Alain hat séng Legendary: A Marvel Deckbuilding Game -Sammlung mat bruecht, mëttlerweil mat 5 Expansiounen. Hien, de Rol, de Lol, an de Philippe si géint de Green Goblin ugetrueden. Et huet ee Moment ellen ausgesinn, mee d'Partie konnt awer just gewonne ginn. Et ass mat Engel & Bengel enchaînéiert ginn.
De Presi a seng besser Halschent hu mam Lex an enger frankophoner Madame Kingdom Builder gespillt. Herno goung et mat engem Duell am Das Labyrinth der Meister tëscht Presi a Lex weider.
D'Christiane S. an d'Sandra hu sech och duelléiert, an dat am Tobago an Die Siedler von Catan: Das Kartenspiel .
Zum Schluss hu sech de Marc, den Alain, d'Christiane, de Lex, de Lol, an de Philippe am King of New York zerschloen.
An am zweete Sall war natierlech erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game ugesot tëscht Marc F., John, Christian L. a Ben L.

11.01.2018

Haut koumen net vill Leit an d'Fabrik. Den Alain hat säin Euphoria matbruecht. Zu sechst (Alain, John, Guy R., Marc T., Rol, Guy P.) gouf hei déi perfekt Dystopie erschaaft. De Brudder Guy koum och nach eran, an do ass da mat Tummple! weider gefuer ginn.
Ansonste ware just nach d'Sandra, den Tom, an d'Tanja präsent. Si hunn de Sanssouci probéiert an dono de Simsala... Bumm? .

04.01.2018

Den Alain, d'Michelle, de Guy R., an de Rol sinn am Pandemic Legacy: Season 2 weider gefuer. Béid Partië goufe verluer, sou datt se lo offiziell d'Loser-Kaart konnte fräikrazen.
Dem Tom an dem Tanja huet Scythe anscheinend gutt gefall, well si hu sech haut dran duelléiert.
La Città stoung um Presi séngem Dësch um Programm. Hien hat de Marc S., de John, de Lex, an de Guy P. nach derbäi.
An de Chrëscht an den Dennis hu mat zwou weidere Persounen Kingdom Builder , What's Up , a Las Vegas .
Net ze vergiessen och d'Sophie an d'Christiane S. déi sech haut um éischte Puzzlefabrik-Dag mat engem Japano-funkege Motiv ameséiert hunn.
lu