24.02.2017

Strike war den Hit vum Owend, well en ass op net manner wéi 3 Dëscher gespillt ginn. Wat mer och haut haten ass eng ganz Rëtsch nei Memberen, déi haut fir d'éischt do waren. Häerzlech wëllkomm!
De Guy P., Philippe B, an Georgio wollten am Formule Dé eng Course fueren, an d'Startfeld gouf vum Steve a Violeta ergänzt. No der Partie si si noeneen op Antike II , Kingdom Builder , a Rasende Roboter iwwer gaangen.
Dräi Szenarien am Pathfinder Adventure Card Game: Rise of the Runelords goufen haut souverän gepackt. An der Equipe waren den Alain, de Guy R., de Marc S., d'Christiane S. an d'Michelle. No dësem Spill an dem Marc sengem Départ koum hei Simsala... Bumm? an eben Strike op den Dësch.
Um drëtten Dësch souzen ënner anerem d'Christiane K., de Karim, an de John, an hei war Jamaica , Las Vegas , an och Strike ugesot.
Wat am zweete Sall gelaf ass hunn ech leider net matkritt. De Marc F.war do, dofir huelen ech mol un dass Star Wars: X-Wing Miniatures Game gespillt gouf. An de Presi hat de K2 , de King of Tokyo an de Flick 'em Up! mat eriwwer geholl.

16.02.2017

Den Owend koum de Ben no laanger Zäit erëm eran, an hien huet sech bei den Alain, Steve, a Violeta gesat fir Die Burgen von Burgund . Dat Spill braucht zu 4 vill Zäit, dofir huet et och de ganzen Owend gedauert bis de Steve als Gewënner fest stoung.
De Rodrigo an d'Sophie M. hunn dem Alain H. de Scythe erklärt. Och hei war dat eng Affär fir de ganzen Owend.
Um drëtten Dësch finalement souzen d'Christiane S., de John, an de Rol fir Legends . Méi spéit koum de Presi nach derbäi fir eng Isle of Skye .

09.02.2017

No engem Aussetzer duerch Liichtmëssdag ass et dës Woch erëm mat spille weider gaangen.
De Rol hat Blood Rage matbruecht, ee Wikinger-Spill mat super Miniaturen. Den Alain hat mat senger Kanounefudder-Strategie laang d'Nues vir, mee de Marc S. huet en zum Schluss awer nach erëm kritt. De Rol an de Guy R. hate leider net esou vill Chance.
Nodeems de Marc an de Guy gefuer sinn, hunn den Alain an de Rol nach een Duell am 7 Wonders: Duel ausgedroen.
Um zweeten Dësch souzen d'Christianen S. a K., de Guy P., an d'Marianne. Hei si vir d'éischt am Asara Tierm gebaut ginn, an dono Kinnékräicher am Kingdom Builder .
De Steve an d'Violeta souze mam Lex B. zesumme beim Fresko an Einfach Genial .

27.01.2017

An et geet weider mat eiser Pandemic Legacy: Season 1 Kampagne. Dräi Szenarië goufe gespillt, an allen dräi méi oder manner grandios verluer. Mee wéinstens si mer an eise Recherche viru komm. No dëser awer e bëssen demoraliséierender Episod sinn den Alain, de Rol, an de Guy R. Op eng Partie 7 Wonders mat 7 Wonders: Cities a 7 Wonders: Wonder Pack iwwer gaangen.
De Steve an d'Violeta haten am Ufank Antike II ausgepaakt. Du koum d'Marianne bei si fir Zug um Zug: Märklin , a finalement ass de John derbäi gestouss fir Asara an Der Palast von Alhambra .
Um nächsten Dësch souzen den Yves S., de Paul, de Marc S., an d'Christiane S. Hei huet et mat Zug um Zug: Europa ugefaangen, ass dunn op Der Palast von Alhambra iwwer gaangen, an huet mat Meltdown 2020 säin Enn fonnt.
Och d'Christiane K. war mam Karim do. Mam Mela, Sandra, a John si si fir d'éischt op Istanbul gefuer, dunn ass et (ouni de John) an den Insekten Hotel gaangen, a mat e puer Concept -Ronnen war hei och den Owend eriwwer.
Ansonsten ass nach eng zimmlech eesäiteg Can't Stop -Partie ze mellen, den traditionellen Star Wars: X-Wing Miniatures Game mam Marc F. an de Lucius Boys, an eng Star Realms tëscht Jean-Claude a Christian L. De Presi an de Chrëscht waren och präsent, ob a wat si gespillt hunn, hunn ech awer net matkritt.

19.01.2017

De Spillowend haut ass an engem e bësse méi klenge Kader ofgelaf. De Lol war mam Philippe do, a si haten och de Bob am Schlepptau. Zesumme mam Presi a mam Alain hu si dunn eng Scythe gespillt, déi de ganzen Owend gedauert huet.
Um Dësch niewendru souzen d'Christiane S., de Rol, de Guy P., an de Marc S. Hei ass et fir d'éischt drëm gaangen, ween als éischte moies opsteet, an zwar am Fresko . Dono, de Marc war du scho fort, ass et mat Port Royal weider gaangen.
Um drëtten Dësch waren de Steve, d'Violeta, an de Lex B. beienee fir Five Tribes a Cacao .

12.01.2017

De Rodrigo an d'Sophie haten 3 Frënn invitéiert, an zesumme mam Marc S. si si all op Jamaica gefuer. Niewendrun huet d'Christiane K. dem Lex Istanbul erklärt.
Di zwee Dëscher hu sech herno zesumme gedoe fir Las Vegas .
Bei Pandemic Legacy: Season 1 ass et och haut viru gaangen mat zwou Partien. Di éischt ass dobei mat enger spektakulärer Ausbroch-Kettereaktioun op en Enn gaangen. Do konnt just nach Can't Stop als Absacker hëllefen.
Beim Christiane S., Paul, John, a Guy P. stoung Stone Age um Programm.
An d'Theisen Bros, de Steve an d'Violeta waren am zweete Sall. Hei war ënner anerem Funkenschlag um Australien-Plang (Funkenschlag: Australien/Indischer Subkontinent ) ugesot.

05.01.2017

Deen éischte Spillowend am neie Joer! Wéi scho bal Traditioun ass, huet de Presi fir haut Gedrénks a Geknabbers spendéiert.
Iwwerdeems am zweete Sall reng Star Wars: X-Wing Miniatures Game gespillt ginn ass (insgesamt 4 Partië mam Christian L. mat séngen zwee Bouwe Ben a Philipp, de Marc F. an den Yves S.), sinn den Alain, de Guy R., de Rol, an d'Michelle mat hirer Pandemic Legacy: Season 1 -Kampagne viru gefuer. Si hunn et bis bei den August gepackt, an dobei ganz vergiess fir nom Juni d'Legacy-Deck virunzefueren. Ups!
Nodeems e joerelaang ongespillt am Schaf louch, koum haut de McMulti zum Zuch. De Guy P., d'Christiane S., de John, an de Lex hu sech duerch d'Anleitung gekämpft an hiren Uelegimperium opgebaut.
De Steve, d'Violeta, de Marc T., de Mike, d'Julie an de Marc S. hu mat 7 Wonders ugefaangen. Dono hu si sech getrennt; de Marc S. an d'Julie hu mam Brudder Guy, dee bäikomm war, Einfach Genial a San Juan gezockt, a bei deenen anere véier koum Scythe op den Dësch.
lu