28.08.2015

Haut stoung am Eldritch Horror (mat Eldritch Horror: Forsaken Lore an Eldritch Horror: Mountains of Madness ) de Cthulhu um Programm. Den Alain, Guy R., Marc S., Dennis W., an d'Christiane hu sech getraut géint den Haaptantagonist vum Mythos unzetrieden. Déi Schluecht huet dunn och dee ganzen Owend gedauert. Um Enn wor dee groussen Alen awer méi staark wéi eis Investigators.
Niewendrun sinn direkt dräi Dueller Star Wars: Armada ofgehale ginn. Well d'Plaz an Dëscher knapps waren hunn den Dennis K., de Roland, de Marc F., den Yves S., den Yves E., an de Kevin en ofgespeckte Setup benotzt. Mee dat Spill ass wuel awer eppes fir méi ee rouegen Ambiente.
Am Haaptsall souzen och eng 10 Leit beim Imperial Settlers , Zug um Zug: Europa , an
Engel & Bengel .

20.08.2015

Den Alain, Guy R., Lol, a Philippe hunn haut Die Tore der Welt opgebaut. Et ass vill besser gaang wéi deemols bei eiser éischter Partie, wou no deem éischte Véierel bal kee méi Punkten hat. No enger relativ serréierter Partie hat de Philippe zum Schluss di meeschte Punkten. Als Fortsetzung gouf et hei China , wou mer festgestallt hunn, dass do zéng giel Haisercher gefeelt hunn.
Niewendrun ass an 8 Minutten un engem Räich gebaut ginn: Huit minutes pour un empire stoung fir den Yves S., den Dennis, d'Christiane, de Gerry, an de Presi um Programm. Dono ass de Marc mam Christiane San Juan spille gaang, a si hunn herno d'Gaëtane derbäigeholl fir Engel & Bengel . Iwwerdeems hunn di dräi aner mam Rodrigo Town Center gespillt, wat awer anscheinend en zimmleche Reinfall war.
Beim Marc S., senger Duechter, dem Roland, dem Julie, dem Pierre, an dem Mike stounge Kaarten um Programm. Fir d'éischt Dominion mat Dominion: Die Intrige , an dono 7 Wonders .

13.08.2015

Haut ass spontan de Barbecue ugehäit ginn, obwuel d'Wieder net direkt matgespillt huet, a mir hu missen de Grill ënner Daach stellen. Dat huet awer näischt ausgemaach, a mir hate gutt vill Leit do.
Den Darth Presi huet am Star Wars: Imperial Assault d'Campagne weider gespillt géint d'Rebellen Alain, Guy R. Marc S., a Roland. Déi zwee Yvese waren och do an haten Zombie Dice an Heroes of Normandie dobäi. D'Jeia hat dat neit Spiel des Jahres Colt Express derbäi.
Et ass nach vill aneres gespillt ginn, wéi Istanbul , Qwirkle , King of New York , Dog , The Game , Star Realms , a Can't Stop . Insgesamt ware mer zu knapps 30 Leit an eise Spillowend war erëm e vollen Erfolleg.

06.08.2015

Well erëm gutt Wieder war, hu mer d'Dëscher op de Parking gesat. Et goung lass mat Port Royal tëscht Alain, Guy R., Gaëtane, Chrëscht, a Michelle. Si sinn herno op Ruhm für Rom iwwer gaangen.
De Chrëscht hat och, nodeems en et virun zwee Joer versprach hat, séng XXL-Versioun vum Yay! matbruecht. King of Tokyo gouf och um Parking gespillt, genau wéi Istanbul .
Herno hunn eis jonk a manner Jonk Memberen nach Six , Connections , Strike , Seventh Hero , Machi Koro , Doodle City , a Star Realms gespillt.

31.07.2015

D'Spillfabrik war haut, wéi di Däitsch sou schéi soen, "pickepackevoll". Iwwer 30 Memberen a Net-Memberen sinn erakomm, a mir kruten op eemol e fermen Dëschmangel. Dat louch virun allem och dorun, dass am zweete Sall de Marc F. eng Rise-Partie Star Wars: Armada opgeriicht hat.
Op engem Mini-Dësch niewendrun ass do nach Dominion a San Juan gespillt ginn.
Ansonste waren am grousse Sall vill aner Spiller am Asaz, an ech krut net all Detail mat. Zwou Koppelen, déi ech net erëmkannt hunn, hu Maka Bana , Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit a Café International gespillt. Um engleschen Dësch (Phil, Sylvie, Sandra, Nathalie, Christiane) ass Sushi Go! , Tales & Games: The Hare & the Tortoise an Trans Europa gespillt ginn. Den Alain, Max, Lynn, a Marc S. ware mat enger vill ze laanger Partie Suburbia beschäftegt, an hunn herno d'Mela mat bäi geholl fir Sushi Go! a Pandemic: The Cure . Ansonsten hate mer nach Strike , Machi Koro , Bluff , 6 Nimmt! , a Saboteur um Programm.

23.07.2015

Mir konnten haut zwee nei Membere begréissen, de Michel an de Samy. Häerzlech wëllkomm!
Si haten och eng Rei Spiller matbruecht. De Samy huet fir d'éischt mam Gaëtane eng Six gemaach, während de Michel mam J-C, Emma, a Gerard La Isla gespillt huet. Dono ass de Gerard bei deen éischte Grupp gestouss fir eng Abyss , an de Michel huet Istanbul a Splendor presentéiert.
Um drëtten Dësch hat den Alain ee Klassiker opgeriicht: La Città . De Presi war direkt dofir ze kréien, an d'Christiane an d'Michelle hunn och gäre matgespillt. Hei ass et du weider gaang mat Lost Legacy: Das Sternenschiff & Der fliegende Garten an enger Fungi tëscht Alain a Michelle.
De Marc S. an de Roland waren och do, dës Kéier mam Roland senger Duechter. Hei stoungen Jamaica a Lewis & Clark um Programm.

16.07.2015

D'Dëscher op de Parking! Et ass gutt Wieder!
Zeww Dëscher ware fir eng epesch Partie Yedo noutwenneg. De Presi, de Pierre, an d'Gaëtane hu sech eng spannend Course geliwwert, während den Alain a Guy R. kee Land gesinn hunn.
A propos Land: Burgenland stoung um Dësch niewendrun, an hei hunn de Mike, d'Martine, den Thierry, an de Steve gespillt. Dono goung et hei mat King of Tokyo a Qwirkle weider.
Um drëtten Dësch, "featuring" Michelle, Alex, a Max, gouf et Dominion a Mensch Ärgere Dich Nicht mat enger vum Max senge Kaarten-Erweiterungen (ech weess net genau wéi eng, ech soe mol einfach Nichts als Ärger ).
Bannena souzen den Dennis, J-C, Chrëscht, Sophie M., a Gerry bei op mannst enger Partie Cacao . Do ass vläicht och méi gespillt ginn, mee dat krut ech dobaussen net mat... 🙂

11.07.2015 – Viva-Vakanz

Bei allerbeschtem Wieder konnte mer haut insgesamt 20 Kandidate begréissen déi sech am Viva-Vakanz Tournoi matenee moosse wollten. Fir d'éischt hu mer och den Yves a Ben G. an de Laurent begréisst, déi och elo nei Membere sinn. Wëllkomm!
De Chrëscht hat en 1A-Risenzelt matbruecht, dat problemlos 5 Dëscher iwwerdaacht huet. Mat engem klenge Prabbeli fir dee 6. Dësch ware mer domat virun der SUmmersonn geschützt.
Et goufen dës Kéier zwou grouss Equipen, déi zum selwechten Zäitpunkt dat selwecht Spill gespillt hunn. Esou konnte mer verhënneren dass een dee ganzen Dag ëmmer géint di selwecht Leit huet misse spillen. Och de Punktesystem gouf adaptéiert op dee selwechte wéi fir de Wizard-Tournoi. Eng Finale gouf et och net méi.
Um Programm stounge 7 Wonders , Five Tribes , Machi Koro an Die Siedler von Catan .
Et goufen an deene 4 Ronnen laang Partien, kuerz Partien, héich an niddereg Scoren, an heiansdo richteg Action (vrun allem wann et e bëssi Loft gouf). Et gouf awer och eng gutt Spaghetti vum Sophie. Merci!
Um Enn vum Tournoi gouf et eng Gewënnerin. Jo, richteg, net de Presi, mee d'Jeia hat dës Editioun fir sech décidéiert, well hatt als eenzegt seng 4 Partië gewonnen huet. Gratulatioun!
Och wa mer keng richteg Finale haten, sou hat den Dag awer en epeschen Ofschloss; et gouf eng Antike II tëscht Marc T., Marc S., Alain, Guy R., a Christiane. Hei hat de Presi dunn awer nach seng Victoire (awer tout juste!).

09.07.2015

Et war un dësem Summerowend net grad esou dréckend waarm wéi d'lescht Kéier, mee et war awer gutt schuckeleg. Den Owend stoung zum gudden Deel am Zeeche vum Viva-Vakanz Tournoi e Samschdeg, an et ass fläisseg trainéiert ginn.
Den Alain huet mam Christiane, Pierre, a Roland mat Machi Koro ugefaangen, a si sinn dunn op eng länger Partie Dice Town , inklusiv Dice Town Erweiterung iwwer gaangen. Den Owend war op dësem Dësch Gold! , nodeems d'Christiane heem gefuer war.
D'Gaëtane hat d'Aline matbruecht a si souze mam Guy R., dem Gerry, an dem Marc S. bei de Funspiller Las Vegas , Why First? , Abluxxen , a Bluff .
7 Wonders ass niewendru gespillt ginn. Hei hunn d'Theisen-Bros mam Mike, Michelle, Thierry, a Steve gebaut. Dunn hu si sech opgedeelt; de Guy huet mam Michelle a Steve Machi Koro geübt a mat Can't Stop ofgeschloss. De Marc, de Mike, an den Thierry hu mam Lara Strike gewierfelt, an nodeems d'Kanner am Bett waren, gouf et ee Five Tribes -Duell.

02.07.2015

Et war dréckend waarm haut an der Fabrik no engem 35°-Dag, an et huet een op de Still gepecht. Trotzdem waren awer eng Partie Leit do.
Do war mol eis international Grupp, vertrieden duerch de Phil, d'Sylvie an d'Nathalie, déi Tales & Games: The Hare & the Tortoise , Imperial Settlers , a Can't Stop gespillt hunn. Den Dennis, de Rodrigo, an d'Sophie M. waren de Gros vum Owend mam Auf den Spuren von Marco Polo beschäftegt. De Lol, de Philip, an de Max hu sech un de Funkenschlag getraut an Zentraleuropa (Funkenschlag: Zentraleuropa/Benelux ) mat Stroum versuergt; dat war net esou einfach, well Polen partout keen Atomstroum wollt. Als Absacker gouf et bei hinne Why First?
Den Alain, Guy R., Pierre, Christiane, a Roland hunn d'Lords of Xidit probéiert sou gutt wéi méiglech ze programméieren. Hei hat de Pierre no e puer Startschwieregkeeten awer zolitt gewonnen. De Yannick war mam Svenja do, a si hu mam Guy T. Koryŏ , an du mat den Theisen-Juniors dobäi Strike gespillt. D'Lara ass mam Gaëtane iwwer UNO spille gaang, iwwerdeems säi Brudder mat séngem Papp, dem Yannick a Svenja 7 Wonders gebaut huet.
Den Ofschloss vun dësem waarmen Dag war dem Yannick säin Ascension: Sturm der Seelen , inklusiv , mam Svenja, Roland, Alain a Guy R. Em 1 Kristall hat de Yannick hei di lescht Victoire vum Owend.
lu