26.06.2015

Den Owend hu mer fir d'éischt de Jeff begréisst, deen a Begleedung vum Yves E. a mat enger Risekëscht Marvel Dice Masters: Avengers vs. X-Men -Wierfelen ukomm ass. Si zwee hunn den Alain an d'Feinheete vun dësem Dicebuilder an an d'Metaspill agewisen.
Niewendru souzen de Rodrigo, d'Sophie M., d'Lara, de Max, an den Dennis bei enger Zug um Zug: Märklin . Méi wäit erof war eng Partie Eldritch Horror amgaangen. De Guy R., d'Michelle, d'Christiane, an d'Mela hu verzweiwelt probéiert de Yog-Sothoth opzehalen, mee d'Wierfele wollten net.
Am Sall niewendru haten de Presi, de Mike, de Marc S., an de Roland mat de Die Legenden von Andor méi Chance am kooperative Segment. An dem Steve seng Ägypter hunn am Imperial Settlers de Claude H, de Philippe, an de Lol zimmlech iwerrannt.
Als Ofschloss vum Owend gouf et nach eng Pandemic: The Cure um Eldritch-Dësch, déi knapp verluer gouf, eng Heroes of Normandie tëscht Steve a Claude H., an eng Port Royal tëscht den zwee Marcen an dem Roland.
Den Owend ass och de Voting fir eise Viva-Vakanz-Tournoi ofgeschloss ginn. Eis Spiller sinn: Die Siedler von Catan , Machi Koro , Five Tribes , a 7 Wonders .

18.06.2015 – Pegasus-Spieleclubtage

Et ware rëm Spieleclubtage ugesot. Mir soe Pegasus erëm villmols Merci fir di nei Spiller.
D'Jeia huet op engem Dësch dem Claude F., dem Marc S., dem Roland, dem Pierre, an dem Christiane Seventh Hero erklärt, an dat ass och quasi de ganzen Owend op deem Dësch bliwwen. Och Why First? war ganz populär a koum op dräi Dëscher zum Asaz.
Eppes méi spéit sinn de Guy R., d'Michelle, de Max an de Ben op Empire Engine iwwer gaangen, iwwerdeems den Alain, de Marc T., d'Jeia an den Thomas op Istanbul gaange sinn. Nom Kennerspiel des Jahres 2014 ass d'Spill op Port Royal iwwer gaangen.
Zwee weider Spiller déi mer vu Pegasus kruten, waren Die Zwerge: Das Duell a Speed Snacks . Déi koumen awer den Owend net un d'Rei.

11.06.2015

D'Summerméint sinn definitiv méi roueg an der Fabrik; och haut krute mer just 11 Leit zesummen.
De Chrëscht huet zesumme mam J-C, Rodrigo a Gerard mat Cacao ugefaangen, sinn da mam Gaëtane op Pandemic: The Cure gaangen, a wéi de Rodrigo fort war ass mat Can't Stop ofgeschloss ginn.
Niewendrun huet den Dennis erëm eng Kéier probéiert de Max am Claustrophobia ze klappen, mee déi Hordlinge sinn zéi. Eng Partie Doodle City huet zu äifregem Prototypéiere gefouert.
Den Alain, d'Christiane, de Roland, an de Marc S. hu Five Tribes trainéiert, an d'Partie hat sech do op nëmmen ee Punkt décidéiert. Och den Dog ass ganz just ausgaangen. Als Ofschloss gouf et hei eng weider nei Aquisitioun vum Club: Tales & Games: The Hare & the Tortoise .

04.06.2015

Et war haut immens gutt Wieder, an en plus war dës Woch de Week-end vu Göttingen. Et war also net verwonnerlech, dass haut net vill Leit de Wee an d'Fabrik fonnt hunn.
Den Alain huet dräi nei Spiller fir de Club matbruecht; ënner anerem den Imperial Settlers , deen hien dann och direkt mam Guy R., mam Max a mam Christiane gespillt huet. Leider war sénge Réimer keng Gloire vergonnt, an no enger knapper Partie hunn dem Max seng Barabare gewonn. Den Absacker op dësem Dësch war Can't Stop , wou de Max och riicht duerch marschéiert ass.
Niewendru souzen de Presi, de Lol, an de Phillippe fir eng Caylus Magna Carta , ee Spill wat net oft um Programm steet. No dëser laanger Partie koum d'Gaëtane nach eran, an hatt ass bäigezu gi fir eng Koryŏ .
Um drëtten Dësch souzen de Rodrigo, d'Sophie M., an de Claude H. fir Zug um Zug: Europa ze spillen. Hei hat de Rodrigo säin Ticket to Ride: Asia -Plang dobäi. Och hei gouf et en Absacker: Bluff .

29.05.2015

Fräi Nuecht fir dëse Mount! De Claude R. koum erëm mat sengem Bouf Lex, a si hu mam Alain, Guy R., Sandra, a Christiane de King of New York an Trans Europa probéiert. Fir Zooloretto ware sechs Leit ze vill, dofir hunn den Alain an d'Christiane sech déi Zäit am Fungi duelléiert.
Op engem aneren Dësch souzen de Presi mam Mike, Marc S., a Roland B. fir Die Legenden von Andor .
An deem drëtten Eck souzen den Yves S., d'Lara, d'Mela, an de Max fir noeneen Zooloretto , Dragon Run , a Can't Stop ze spillen.
An deem anere Sall souzen nach eis englesch Kollegen Thomas a Phil mat hire Frëndinnen Tanja, Sylvie, Nathalie, a Lianne. Si hu sech mat Hook! , Concept , 6 Nimmt! , a Mars Würfel beschäftegt.
Eppes méi spéit hunn d'Dëscher gewiesselt. D'Gaëtane koum kuerz era fir eng Strike mam Max a Mela ze maachen. De Guy R. ass mam Sandra bei de Marc S. an de Rol gestouss fir Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit a Mars Würfel ; den Alain huet mam Christiane a Mela Meltdown 2020 gespillt.
Spéit an der Nuecht war just nach den haarde Kär do. Do koum eng 7 Wonders mat 7 Wonders: Cities a 7 Wonders: Wonder Pack grad gutt.

21.05.2015

Den Alain hat haut eng prall gefëllte Këscht Small World dobäi mat genuch Expansioune fir dass fir all Goût eppes dobäi war. De Yannick, de Guy R., an de Jean-Claude hu sech mat himm gemooss, an dobäi leider an engem ganz knappe Match verluer. Dono goung et (ouni den J-C) weider mat enger Turbo-Partie Dominion , a bei der ofschléissender Sankt Petersburg huet de Guy mat engem Punkt Differenz konnen en Duerchmarsch vum Alain verhënneren.
Dem Marc seng Kanner waren och erëm do, fir Zooloretto an Strike mam Marc S., dem Pierre, an dem Roland ze spillen. Wéi d'Kanner heem gaange sinn, ass den Dennis bei deen Dësch gestouss fir eng Zug um Zug: Europa . Virdrun hat hie säi Splendor presentéiert.
Um drëtten Dësch souzen d'Christiane, d'Gaëtane, an de Max. Si hunn ugefaange mat Koryŏ mam Marc N., a sinn herno mam Steve op Cacao an Abluxxen iwwer gaangen.

16.05.2015 – Chill, Grill & Spill

Bei äisegen Temperaturen (sou ass et engem emol virkomm) hate mer eis wéi ëmmer op der Grillplaz zu Rolléng fonnt. De Ludobus war dës Kéier net sur place, mee mir haten awer eng ganz Partie Spiller aus der Fabrik mat bruecht, an natierlech haten déi eng oder aner Spiller vun anere Memberen sech och heihi verluer gehat.
Sou hat den Dennis z.B. seng Spiller Flinke Feger , Funkenschlag: Die ersten Funken a Yay! derbäi. De Max hat nach eng Ausgab vu Sankt Petersburg do, sou dass dat konnt parallel gespillt ginn.
Et waren natierlech och erëm vill Kanner derbäi, an och Memberen déi soss seelen de Wee bis an d'Fabrik op sech huelen. Tëscht de Spiller ass sech ëmmer nees beim Feier gewiermt ginn.
Et gouf wéi ëmmer e Mix vu komplexen an einfache Spiller. Bei der Kenner-Serie waren et Kingdom Builder , Puerto Rico , Zug um Zug: Europa , La Isla , Tobago an Asara . Op der Fun-Säit stoungen 6 Nimmt! , Concept , Abluxxen , Dixit a Port Royal um Programm.
Wéinstens hate mer zimmlech Chance mam Reen a mat der Loft, och wann d'Sonn de Rendez-vous definitiv verpasst huet.

14.05.2015

Haut war en zimmlech rouegen Dag, well mir krute mol keng 10 Leit zesummen. Wouru louch et?
Den Dennis huet sech de ganzen Owend mam Max duelléiert, eng Kéier am Claustrophobia , an eng Kéier am Kingdom Builder , woubäi et net nëmme mam Basisspill bliwwen ass, mee och nach Kingdom Builder: Crossroads an Kingdom Builder: Nomads an eng Rei Goodies mat an d'Spill koumen. D'Opriichten an Erklären huet bal méi laang gedauert wéi d'Spill.
Op deem zweeten Dësch souzen den Alain, de Marc, d'Sandra, an d'Christiane fir eng Stone Age beieneen. Niewendru waren d'Lara, de Mike, d'Sophie an d'Gaëtane mat Mars Würfel , Love Letter , a Cappuccino beschäftegt.
Nodeem d'Kanner an d'Bett waren an d'Sophie op de Kontramitt-Dësch gaangen ass, ass d'Gaëtane bei den zweeten Dësch komm fir e puer Abluxxen -Ronnen.

09.05.2015 – Wizard-Tournoi

Nodeems souvill geübt ginn ass, war et haut esou wäit: D'Lëtzebuerger Meeschterschaft am Wizard huet haut statt fonnt.
Zweeanzwanzeg Kandidate krute mer zesummen. Et ware vill al Bekannter dobäi, awer och e puer Leit déi mer haut fir d'éischt begréisse konnten. Den Alain an de Steve hunn als Arbitter fungéiert, hunn awer och zwëschent de Manchen mat Le Havre: Der Binnenhafen a Gold! d'Zäit verbruecht.
Den Zoufall huet mat sech bruecht, dass an der éischter Manche de Presi konnt géint seng Fra a seng Schwëster untrieden, an de Guy T. géint säi Papp. Och den Thomas an d'Tanja hu sech misse bekämpfen, genau wéi d'Aarbechtskollege Jean-Claude a Gaëtane.
No der éischter Ronn sinn d'Gewënner alleguer op een Dësch gesat ginn. No der zweeter Ronn huet et exzellent fir d'Sophie T. ausgesinn, mee d'Jeia an de Christian M. waren net wäit hannendrun.
No der drëtter Ronn stoungen eis Gewënner du fest. D'Sophie hat an der leschter Manche Pech an ass vum Jeia a Christian iwwerholl ginn. D'Jeia koum op éischt Plaz, de Christian op zweet, d'Sophie op drëtt, an dee véierten, deen eng Taass konnt mat heem huelen, war de Max.
Et ass op alle Fall vill gelaacht ginn, an dat ganzt war e volle Succès.

07.05.2015

Och haut ass erëm Wizard geübt ginn. Fir d'éischt tëscht Alain, Guy R., Gerard a Marc, an dono nach eng Kéier de Marc mam Christiane, dem Guy T., an dem Max. D'Lara war och kuerz do fir Love Letter mam Ben, Christiane, a Max ze spillen.
Dono sinn d'Rebelle géint den Imperium am Star Wars: Imperial Assault ugetrueden. Leider haten d'Rebellen, geleet vum Ben, Guy R., a Gerard net vill Chance géint den Darth Alain. Nodeems dës Partie eriwwer war an de Ben gefuer ass, gouf et do nach eng Partie Qwirkle .
Um zweeten Dësch hunn de Marc an d'Christiane géint d'Gaëtane an de Max Tichu gespillt.
lu