30.04.2015

Ausnahmsweis war haut och fräi Nuecht. Dem Marc seng Kanner waren op zwee verschidden Dëscher: d'Lara huet mat sengem Papp an dem Alain a Lynn Trans Europa , Love Letter , an Zooloretto gespillt. Niewendru war de Mike mam Tom, Manon, a Gaëtane beschäftegt mat Atlantis , Lego Creator , a Formule Dé . Herno huet d'Lara mam Manon Cappuccino gedro-, ëh, gespillt.
Bei den "erwuesse" Spiller louch Stone Age um Dësch vum Emma, Jean-Claude, Dennis, a Jeia. De Marc T., den Alain an d'Lynn si mam Lewis & Clark op Expeditioun gaangen, woubäi de Marc bal bis a Florida geréckelt ass. Funkenschlag mam Benelux-Plang (Funkenschlag: Zentraleuropa/Benelux ) hat e Comeback um Dësch vum Christiane, Roland, Max, Pierre, a Marc S.
Am Sall niewendru souzen nieft eisem Stamminee erëm eng Equipe vu Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Spiller. Den Yves S., Claude H., Guillaume, Thierry K. a seng Frëndin hunn nees de Weltraum onsécher gemaacht.
Spéit owes ass mat Bluff a Wikinger ausklénge gelooss ginn. De Claude huet mam Marc S. nach een Duell am Opération Commando: Pegasus Bridge ausgedroen.

24.04.2015

D'Marsianer hunn haut d'Spillfabrik dominéiert, well op net manner wéi dräi Dëscher koum de Mars Würfel zum Asaz.
Fir d'éischt wor dat beim Alain, Guy R., a Lara, wou fir di zweet Partie de Pierre an d'Mela derbäi koumen. Dono sinn de Guy an d'Lara op en aneren Dësch gaange fir do mam Mike, Christiane, Ben, a Pia Wizard ze spillen. Nodeems de Ben an d'Pia rëm gefuer sinn, ass et do mat nach eemol Mars Würfel , UNO , a King of Tokyo weider gaangen.
Deen éischten Dësch krut mëttlerweil de Claude H. an den Yves S. bäi woubäi leschtere säi Huit minutes pour un empire mam neien Eight-Minute Empire: Europe Expansion Board -Plang matbruecht hat. Do ass mat Istanbul enchaînéiert ginn.
Een internationalen Dësch hate mer och, mam Phil, Sylvie, Nathalie, Sandra, a Gérard, déi Dixit , Carcassonne , Mars Würfel , 6 Nimmt! a Bohnanza gespillt hunn.
Zu gudder Lescht gouf et mol rëm eng Funkenschlag mam Benelux-Plang (Funkenschlag: Zentraleuropa/Benelux ) tëscht Guy R., Christiane, Alain, Mela, a Pierre.

16.04.2015

E Mix vun neien a manner neie Gesiichter den Owend an der Fabrik. Den Alain huet de Claude R. mat séngem Bouf Lex begréisst, a si hunn noeneen Verflixxt! , Zooloretto , a Formule Dé gespillt.
Den Dennis an de Max hu sech am Claustrophobia duelléiert an den Owend mam Alain mat Port Royal ausklénge looss.
De Rodrigo, d'Sophie M., d'Jeia an eisen neie Member d'Christine haten Tonne Kaarten am Imperial Settlers ausleien.
An d'Christiane, d'Sandra, d'Michelle, an e GeoCache-Visiteur (wou ech leider den Numm net méi weess) hunn extrem dominéiert am Dominion , mat Dominion: Die Intrige a Dominion: Seaside , an dono ass et op Puerto Rico gaangen.

09.04.2015

De Marc S. hat den Owend e Kolleg matbruecht, de Roland. Zesumme mam Sophie M., dem Rodrigo an dem Gaëtane hu si Gleise gebaut am Zug um Zug: Europa .
Niewendru souzen den Alain, de Pierre, de Yannick an d'Christiane an hei ass fläisseg gemolt ginn am Fresko .
Den Dennis hat säi Cuba matbruecht an och alles opgeriicht, mee leider koum kee méi bäi, sou dass hien du mam Steve eng kuerz Kahuna gespillt huet.
Méi spéit ass de Fresko -Dësch op de Port Royal iwwer gaangen. De Marc an de Roland hunn en Duell am Jamaica ausgedroen, an de Rescht vun der Equipe hu fläisseg Prototype getest.

02.04.2015

Iwwerdeems de Kommitee am zweete Sall eng Mini-Sëtzung hat, hunn am Haaptsall zwee Dëscher fir e Spill hirgehal, an alle béid waren och bis spéit just mat engem Spill besat.
Op deem engen souz d'Sophie M. mam Thierry, Martine, a spéider dem Guy T. fir Robinson Crusoe: Abenteuer auf der verfluchten Insel , an et huet effektiv no enger Victoire ausgesinn.
Op deem aneren Dësch waren zwou animéiert Wizard -Partië gelaf, di éischt mam Guy R., Christiane, an Dennis, an di zweet mi spéit mam Gaëtane an dem Chrëscht nach derbäi.
Op deem drëtten Dësch koumen nom Meeting den Alain, de Rodrigo, d'Gaëtane an de Jean-Claude fir den Chosŏn ze testen. D'Urteel iwwert dat Kaartespill war elo net allgemeng Begeeschterung. Während d'Gaëtane dono op deen aneren Dësch goung, hunn den Alain a Rodrigo zwee Dueller am Zug um Zug: Europa respektiv Gold! ausgedroen.
A propos Duell: deers gouf et och eent tëscht Steve a Marc am Schach .

27.03.2015

Groussen Interessi bei eiser dësjähreger Generalversammlung. Iwwer 30 Kommiteesleit a Memberen sinn zesumme komm. No deenen normale Punkte vum Ordre du jour koume mer zur Erneierung vum Kommitee, wou jo nach eng Plaz fräi war. Mir hate gläich dräi Kandidaturen, an zum Schluss ass de Rodrigo als eise siiwte Member gewielt ginn. Gratulatioun!
Nom traditionelle klenge Patt mat pains-surprise ass dunn nach monter gespillt ginn. Vill Dëscher goufe besat, an alles hunn ech net matkritt.
De Steve, de Guy T., d'Jeia an de Claude F. hu sech am Krosmaster Arena konfrontéiert. Den Dennis, Max, a Marc S. waren dee ganzen Owend an d'hallef Nuecht beim Mage Knight: Das Brettspiel . De Chrëscht an de Jean-Claude hu mam Rodrigo deem säi Mr House gespillt.
Den Alain, de Guy R., d'Mela, an de Christian L. hunn intensiv Machi Koro mat den Erweiterunge Minivilles: Marina a Minivilles: Green Valley opgebaut. Dono ass et op d'Expeditioun mam Lewis & Clark gaangen; hei war de Guy zum Schluss deen éischten zu Fort Clatsop.
Um leschten Dësch huet et fir d'éischt mat Antike II ugefaang tëscht dem Presi, Pierre, Christiane, Yannick, a Marc N. Dunn ass et weider gaang mat Port Royal . Zum Schluss huet de Presi eng zwee-Spiller-Partie Koryŏ mam Yannick ausgedroen.

19.03.2015

Extrem rouegen Owend haut; et koumen nëmmen dräi Spiller op d'Dëscher.
Den Alain hat säin Tzolk'in: Le calendrier Maya matbruecht an ass géint de Max, de Pierre, an de Marc S. ugetrueden, an de Marc huet knapp, awer verdéngt, gewonnen. Als Absacker huet de Max säi Buy Low Sell High vum Herr Doktor proposéiert. Heibäi ass de Marc duerch säin Namensvetter, de Presi, ofgleéist ginn. Den Alain hat hei zum Schluss sou just di meeschte Suen.
Um Dësch niewendrun souzen den Dennis, de Steve, de Yannick, an de Marc N. beim Mage Knight: Das Brettspiel . Mol kucken ob se fäerdeg gi sinn oder ob se fir d'Generalversammlung d'nächst Woch nach ëmmer do sëtzen... 🙂

07.03.2015 – GeoCache-Event

Beim GeoCache-Event haut war d'Clientèle e bëssen anescht wéi soss. Et koume wéineg Cacheren, awer dofir ware vill Kanner do. Aus deem Grond sinn och vill kannergerecht Spiller gespillt ginn, wéi Looping Louie , King of Tokyo , Balla Balla , UNO , Can't Stop , an Strike . Et goung och zimmlech haart hir, sou dass den Dennis, de Marc S., an d'Lynn sech an deen anere Sall verzunn hu fir hir Partie Lewis & Clark .
De Presi an den Alain hunn eng Cacher-Koppel an den Die Säulen der Erde an de Koryŏ agewisen (an dobei festgestallt, datt am Die Säulen der Erde ee Meeple zevill dra war).
Nodeems et wuertwiertlech mi roueg ginn ass, hunn den Alain an de Presi eng Factory Fun gemaach. Dono ass op dem Lynn seng Demande eng Partie Ursuppe tëscht himm, dem Presi an dem Steve gemaach ginn. Iwwerdeems hunn den Alain an de Marc S. am Eldritch Horror den Ithaqua verbannt.

05.03.2015

Den Owend ware mol net wéineg Leit do, mee ech kann nëmme vu fënnef Spiller berichten.
Den Alain, de Marc S., an d'Christiane hunn de Ciúb probéiert. De Max war vun deem Spill net sou enchantéiert, sou datt hie mam Steve säin neien Die Jagd nach dem Gral getest huet. Dat Spill ass zu zwee awer leider och net grad de Brüller.
Den Dennis hat niewendrun den Ancient Terrible Things opgeriicht an ugefaang mat erklären. Wéi dunn awer de Rodrigo an d'Sophie koumen, huet hie sech bei si gesat fir zesumme mam Chrëscht, Max, a Lol Scoville ze spillen.
Alain, Marc S., a Christiane sinn iwwer Kingdom Builder op Pergamon gaangen. Iwwerdeems souzen de Presi, säi Brudder, de Jean-Claude an de Steve am anere Raum, awer wat si gespillt hu weess ech net, a se waren och fréi fort.
lu