27.02.2015

Bei dëser Fräi Nuecht krute mer d'Bud mol erëm eng Kéier voll. Den Alain souz haut um engleschen Dësch mam Phil, Sylvie, Nathalie, an Thomas fir noeneen Wizard , Tsuro , Tadaaam! , a 6 Nimmt! ze spillen. Dono koum d'Lianne nach bäi, an et ass an deen anere Sall geplënnert gi fir eng 7 Wonders (mat 7 Wonders: Cities a 7 Wonders: Wonder Pack ) an eng Cards Against Humanity .
De Presi, de Mike, de Marc S., an d'Christiane hunn déi éischt Szenarien vun Die Legenden von Andor gespillt, a sinn dono op Jamaica gaangen.
De Max huet säin Hellweg Westfalicus matbruecht a mam Sophie M. a Rodrigo gespillt. Méi schaarf ass et beim Rodrigo sengem Scoville zougaangen.
Den Yves S. huet mam Christian L., dem Mela, dem Sandra, an herno mam Tanja Machi Koro , Haste Worte? an Adel Verpflichtet gespillt.
An de Monni Guy huet mam Lara Kahuna an Elchfest gespillt.
Dat war doudsécher net alles, mee et gëtt ëmmer méi schwiereg eis Spillfabrikler total z'iwwerwaachen 😉.

26.02.2015 – Jeudiscover

D'Spillfabrik war den Owend erëm am CarréRotondes fir de Jeudiscover. Leider waren nieft Alain, Marc, Chrëscht, Jeia, Dennis, Peter, Philippe, a Lol nëmme ganz wéineg Visiteuren do. Mee mir hunn eis awer och gutt ameséiert mat Love Letter , Hook! , Port Royal , Abluxxen , Koryŏ , Packeis am Pol , Strike , an der neitster Acquisitioun vum Club: Wizard .

19.02.2015

Fir haut war de Rapporteur an der Vakanz, dofir Merci un den Yves S. fir den Text an d'Foto:
Haut den Owend hunn déi zwee Yves'en de Roland (vum Cercle d’Alea) mat bei d'Spillfabrik bruecht, fir e bëssi ze Star Wars: X-Wing Miniatures Game en. D’Muecht war dës Kéier zwar ab der zweeter Ronn op der Säit vum Empire, mee et war erëm ganz grousse Kino.
Trotz dem Chantier hate relativ vill Leit de Wee op Gousseldeng fonnt. Ronn 18 Leit ware präsent, inklusiv eise Stamminee. Et ass soss nach Puerto Rico an Antike II gespillt ginn.

12.02.2015

Wou sinn nëmmen all eis Memberen hin? Och haut krute mer just zwee Dëscher besat. Kommt dach emol erëm spillen! Am Fernseh leeft jo dach nëmme Blödsinn. 😉
D'Christiane hat fir den Owend e puer Spiller vigreschloen, dorënner och den Antike II . De Marc, Alain, a Max waren och dobäi, mee et huet no enger halwer Partie missen ofgebrach ginn, well de Max huet misse fort.
Et ass mat enger Pandemie enchaînéiert ginn, an et huet och gutt ausgesinn, mee dunn ass d'Pescht zu Essen ausgebrach a ruck zuck ware keng blo Cubë méi do – domm gaangen.
Iwwerdeems hunn de Jean-Claude, de Chrëscht, den Dennis, d'Gaëtane, an de Pierre niwendru Cacao gedronk, ëëh, gespillt, a sech dono den Hook! gekroopt.
D'Gaëtane wollt onbedéngt eng Kéier Tichu spillen, dofir huet de Marc seng Editioun an der Metallkëscht matbruecht. Si zwee si géint de Chrëscht an den Dennis ugetrueden.
De Jean-Claude, Pierre, Alain, an d'Christiane hu sech am Sifaka de Kapp zerbrach.

05.02.2015

Bei dësem méi schwaach besichten Owend krute mer just zwee Dëscher besat. De Chrëscht huet di nei Uschafunge vum Club matbruecht, an déi hunn et a sech: Istanbul , Strike , Chosŏn , Lewis & Clark , Antike II , Hook! , Skull King , Five Tribes , Orongo , Burgenland , Ciúb , Escape , Port Royal , Abluxxen , a La Isla hu mer elo.
D'Jeia war och emol nees do, an huet dem Alain, Ben, Christiane, a Rodrigo den Istanbul erklärt. Hei hat den Alain sech konnte fréi ee Virsprong erausspillen deen e bis zum Schluss knapps konnt verteidigen, och wann d'Jeia ganz no dru war. Méi easy ass et du bei Strike weider gaangen. Nodeems de Rodrigo an d'Jeia gefuer sinn, war Santiago de Cuba den Absacker hei.
De Marc souz ufanks ganz alleng mam Gaëtane, a si hu Chosŏn a 6 Nimmt! zu zwee gespillt. Dono koumen noeneen den Dennis an een anere Marc eran, an do gouf mat deem fuschneie Cacao a mat Koryŏ enchaînéiert.

30.01.2015

Dësen Themenowend stoung ganz am Zeeche vun de Wierfelen. Dee ganzen Owend goufe Wierfele geworf, gehäit, a gerullt... just net gehouscht... Och eng Partie nei Visiteure konnte begréisst ginn. D'Bud war no laanger Zäit mol erëm voll.
Den Alain, Guy R., Pierre, a Michelle hu sech duerch d'Anleitung vum Railroad Dice gekämpft – mat éischter moderatem Succès. Mee de Pierre hat awer zum Schluss verdéngt (knapp gewonn). Den Alain ass dunn niewendru gaange fir mam Claude eng Marvel Dice Masters: Avengers vs. X-Men ze spillen; di dräi aner hunn iwwerdeems nach Die Siedler von Catan: Das Würfelspiel a BANG! The Dice Game gespillt.
Niewendrun hat de Rodrigo de Lap Dance matbruecht a mam Dennis, Mela, a Sophie M. gespillt.
Do dernieft souzen de Phil, d'Sylvie, d'Nathalie, an d'Sandra fir Las Vegas , Dixit , Qwixx , Age of War , an Tobago .
De Steve, d'Christiane, de Christian L., an d'Laurence souzen och beim Die Siedler von Catan: Das Würfelspiel a sinn herno op Mars Würfel , King of Tokyo , an (verstärkt vum Max) Der Palast von Alhambra .
Um leschten Dësch souzen de Claude, den Yves S., den Charlie an d'Laura fir Pandemic: The Cure a Luchador! ; de Steve ass fir de Claude agespronge fir Boss Monster a Love Letter .
Net ze vergiessen nach eng spannend Partie Yay! tëscht Guy R., Christiane, an Alain, eng Tobago tëscht Dennis, Max, Sophie M., a Rodrigo, an eng The Boss tëscht Marc, Christian L., Mela, Michelle, a Pierre.

22.01.2015

Dësen Owend huet eise Presi seng Fra um Staminet vertrueden.
Den Dennis an de Max hunn hire Prototyp dem Sophie M., Rodrigo, Christiane a Pierre ze teste ginn an äifreg Feedback gesammelt. Nom Schinne leeën ass et do mat enger Schéisserei bei BANG! weider gaangen.
Iwwerdeems huet den Alain säi Five Tribes mam Guy R., Chrëscht, a Jean-Claude gespillt, woubäi eise Sekretär haushéich gewonnen huet. Hei gouf mat King of Tokyo enchaînéiert, wou den Alain vun Tokio aus seng Kontrahenten deziméiert huet.
Um drëtten Dësch souzen d'Martine an den Thierry S. zesumme mam Gaëtane an dem Guy T. fir eng klassesch Partie Die Siedler von Catan .
Méi spéit am Owend sinn de Max, Dennis, Christiane, a Pierre mam Zug um Zug: Europa erëm ënnert d'Schinnebauere gaangen. Dofir ass et mat der Schéisserei niewendru weider gaangen: am Sitting Ducks Deluxe hu Martine, Thierry, Gaëtane, Alain, an di zwee Guyen monter op Inte geschoss, bis just nach dem Thierry seng lieweg waren.

15.01.2015

Den Owend ass de Komitee fir eng Sëtzung virum Spillowend zesumme komm, sou datt, wi si vum Iessen zréck koumen, schonn e Spill am gaange war. Den Dennis hat säin Alhambra: Das Würfelspiel matbruecht an dat de gréissten Deel vum Owend mam Max, Christiane, Pierre, Sophie M., a Rodrigo gespillt.
Den Alain, Steve, Yannick an d'Theisen Bros sinn erëm an d'Karibik op Puerto Rico gaangen. Hei hat den Alain d'Chance dräi grouss Gebaier ze bauen, sou datt d'Victoire do zimmlech sécher war. Op dësem Dësch ass herno mat Zug um Zug: Europa enchaînéiert ginn, an hei hat de Steve mat senger Hellewull vu 7-Punkte-Verbindungen géint den Alain an de Guy gewonnen.
De Marc huet mam Gaëtane, Yannick, a Chrëscht Koryŏ gespillt, woubäi eng fundamental Regel nei entdeckt gouf. De Max an den Dennis hunn iwwerdeems iwwert en neie Prototyp fachsimpelt.

08.01.2015

Haut den Owend koumen no längerer Absenz eis englesch Kollege mat hire Frëndinnen eran. Den Tom, de Phil, d'Nathalie, d'Sylvie, an d'Tanja hunn am Laf vum Owend ganzer véier Spiller duerchgeholl: Strike , Tadaaam! , 7 Wonders an Dixit .
Den Dennis war och haut fir d'éischt am neie Joer dobäi an hien hat Deus am Gepäck, wat hien dem Alain, Guy R., a Max erklärt huet. Wéi de Fonken endlech gefall ass, hat de Max do di meeschte Punkten. Hei war den Ofschloss mat Doodle City gemaach ginn.
De Rescht vun der Equipe, constituéiert duerch d'Theisen Bros, de J-C, d'Emma, d'Martine an den Thierry S., hu fir d'éischt eng 6er-Partie Silk Road gemaacht. Dono hu si sech opgespléckt: Theisens hu mam Thierry eng San Juan gespillt, während di aner dräi zesumme mam Chrëscht op La Isla iwwer gaange sinn.

02.01.2015

Deen éischte Spillowend am neie Joer war och schonn direkt eng Fräi Nuecht. De Kommitee huet fir dësen Owend d'Gedrénks spendéiert, an et waren eng gudd Partie Leit komm, souguer nei Visiteuren.
De Claude H. hat säi Pandemic: The Cure matbruecht, an den Alain, Chrëscht, Marc a Guy R. hu sech voller Enthusiasmus drop gestierzt. Dësen Enthusiasmus war awer no dräi schnelle Mësserfolleger zimmlech gedämpft. Op deem Dësch ass mam Alain séngem Arcanum enchaînéiert ginn.
Um zweeten Dësch souzen de Guy T., d'Sophie M. an de Pierre bei enger klasssescher USA-Partie Funkenschlag .
Deen nächsten Dësch hat Tikal drop leien. Hei huet den Yves E. mat zwee neie Visiteure gespillt: den Axel an d'Martine. Ween elo denkt dat waren den Thierry Axel an d'Martine S., déi mer jo scho kennen, deen iert sech: well déi souzen niewendru mam Max fir X-Net an Die Säulen der Erde .
Am zweete Sall du war alles fir eng zünfteg Partie Star Wars: X-Wing Miniatures Game opgeriicht. Den Yves S., de Christian L. an eisen drëtten neie Visiteur fir haut, de Roland B., hunn do am Weltall gekämpft. Hei hu fir d'éischt d'Rebellen de Virdeel gehat, mee si sinn um Enn vum Wierfelgléck am Stach gelooss ginn.
De Marc ass méi spéit mam Gaëtane bei de Guy T. a Pierre gestouss fir San Juan an Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit . Deen éischten Dësch huet iwwerdeems zu véier Jamaica a Las Vegas gespillt, woubei bei leschterem eise Sekretär vun de Wierfelen zimmlech verlooss ginn ass.
lu