Geschicht

Wei ass et zu dem Club komm?

Dat Ganzt baséiert op enger Spillsucht déi bei jidderengem vun eis schonn a fréier Kandheet ugefaangen huet. Eis Elteren hunn deemools mat eis Klassiker, ewéi “MENSCH ÄRGERE DICH NICHT” a “MONOPOLY” gespillt. Am Laf vun der Zäit koumen dunn ëmmer méi Spiller dobäi.

Ab engem gewëssen Zäitpunkt huet dat Spillen awer e bësse méi nogelooss an et gouf just nach periodesch bei deem engen oder aneren Zesummekomme gespillt. 1993 hunn ech dunn d’Carole kenne geleiert, a mat him och säi Brudder de Marc, eise President vun der Spillfabrik. De Marc wor déi Zäit nach e bësse méi aktiv um Terrain vun de Gesellschaftsspiller an hat séier mäi Feier fir ze spillen nees ugefaangen. Séier woren de Laurent, den Nëckel an de Guy och nees aus dem Dornröschenschlof erwächt. Aus der enger oder anerer Kéier, goufen du regelméisseg Spillowenter.

1995

…mam Klaus Teuber sengem “SIEDLER VON CATAN”, ass et du richteg lass gaangen. All Kéier wa mer zesumme woren huet et geheescht: ‘Maache mer eng Siedler?’ Mier hu gesiedelt bis eis d’Schof an d’Kuelen zu den Oueren eraus houngen. Ab dëser Zäit ass och vill um Spillmarché geschitt. Et koumen ëmmer méi interessant a gutt Spiller op de Maart. Eis Spillsammlung ass lues awer sécher gewuess. Aus de Spillowenter goufe Spillmarathoner. Zesumme mat eise Meedercher hu mer eis ofwiesselnd bei engem anere getraff a gespillt. Meeschtens ass esou en Marathon Samschdesmoies ugaangen an huet Sonndesmëttes opgehalen!

2002

…wor de Marc mat senger Fra op Essen op d’Spiel. D’Spiel ass déi weltgréissten Ausstellung fir Gesellschaftsspiller. E Mega-Event wou sech Verleeg a Spiller aus der ganzer Welt 4 Deeg laang treffe fir ze testen an ze spillen. Do fënnt ee vum Kaartespill, iwwert déi normal Brietspiller, bis hin zum Rollespill alles wat d’Spillerhäerz begiert.

2003 sinn de Marc an ech zesumme mat eise Fraen op Essen gefuer. An do wor séier kloer: Hei däerfe mir net mei fehlen! Fir dat Joer drop wor de Rescht vun eiser Spillcrew séier iwwerzeegt an zanter hier heescht et: ‘Wie geet mat ob Essen?’ Do kafe mir dann zanter hier déi neiste Spiller fir ëmmer up to date ze sin.

2004

…hu mer iergendwéi onbewosst schonn de Grondstee vun engem zukünftege Club geluecht. Dat Joer hu mer decidéiert eis fir Essen T-Shirte maachen ze loossen. Esou wollte mir weisen dass mir ebe Spillverréckter sinn an ob eis opmierksam maachen.

Esou gemaach, gouf och en Numm gesicht. Dobäi koum dunn de ‘Pakt vun der verspillten Brudderschaft’ eraus.

Mat der Zäit, wei dat dann iwwerall esou ass, gëtt et ëmmer méi schwéier fir esou Spilleventer ze organiséieren. Mier sinn all méi grouss ginn an hu mëttlerweil och eis eege Familljen. Do gëtt et net méi sou einfach se all un den Dësch ze kréien.

2010

… kuerz virum Untrëtt op d’Spiel, koum de Marc mat der Idee fir e regelrechte Spillclub ze grënnen. Hien duecht et mussen dach nach méi Spillverréckter an eisem klenge Ländche ginn. Zudem hätte mer dann eemol d’Woch en feste R-V, fir ouni Zwang ze spillen. Mier duechten all: ‘Jo Marc, dreem weider’. Mais iergendwéi huet dee Gedanke kee méi sou richteg lass gelooss. Jiddereen hat op eemol Iddie wei esou ee Club ausgesi kéint.

Den 2. November 2010 wor dunn och deen éischten offizielle Komiteesowend. De Grondstee wor geluecht. E gudde Mount méi spéit gouf de Club mam Numm ‘Spillfabrik’ gedeeft a mir hunn eis Statutten op der Lëntgener Gemeng eragereecht, wou d’Spillfabrik dann den 10. Dezember 2010 offiziell ageschriwwe gouf.

Zanter dem 13. Januar 2011 spille mer zu Gousseldeng an eisem Clublokal an der aler Spillschoul. Den Dag hu mir mat 8 Leit ugefaangen an zanterhier wiisst eis kleng Spillergemeinschaft.

Geschicht

2011

Den Alain erzielt:

Wat ass zanter der Grënnung passéiert?
Wéi ech am September 2011 bei der Sich no engem Spillclub op d’Spillfabrik gefall sinn, war ech direkt begeeschtert. Hei waren e ganze Grapp Leit, mat deenen ee gutt konnt zesumme spillen, a wou sech jidderee verdroen huet. D’Spillsammlung huet nach gréisstendeels aus dem Marc senger privater Sammlung bestanen, a se huet an zwee metalle Schief gepasst.

2012

…war dunn deen éischte grousse Changement am Kommitee. Ech an de Jean-Claude si bäigetrueden, an de Laurent an den Néckel hunn ofgedankt. Während de Jean-Claude säi Konzept vum Ludobus abruecht huet, an eis och an d’Richtung vun der Spillmotivatioun fir d’Jugend gepusht huet, hunn ech mer de Webserver op d’Long gezunn an a groussen Deeler nei gemeet. Dat Joer war och deen éischte Viva-Vakanz-Tournoi, wou mer leider just 7 Kandidaten haten, mee dat huet sech herno och verbessert. Enn des Joers hate mer och eisen éischte Pegasus-Spieleclubtag, wou mer vu Pegasus mat villen neie Spiller versuergt goufen.

Geschicht

2013

…war op dem Chrëscht seng Initiativ e GeoCache-Spillowend organiséiert ginn. Hei konnte begeeschtert Cacher emol an d’Brietspillwelt eraschnoffelen. Dono huet de Steve eise Kommitee verstäerkt. Am Mee hate mer eisen éischte “Chill, Grill & Spill”-Event, dee mer wéi eisen Tournoi als dauerhaften Event bäibehalen hunn. Mir haten e klengen Event zu Iechternach (wou mer leider wäitgehend ënner eis bloufen), a mir waren déi éischte Kéier beim Playgirls & Gameboys am Carré Rotondes derbäi.

2014

ware mer bei der éischter LuxCon derbäi, wat leider aus diverse Grënn eng eemoleg Saach war. Mir hunn och de Lëtzebuerger Deel vum weltwäiten Zug um Zug Tournoi ausgedroen, wat e grousse Succès war. Dat Joer hate mer och am Carré Rotondes eng Partie “Jeudiscover”-Eventer, wou mer interesséierte Leit eng Rei einfach Spiller gewisen hunn. Eng flott Saach, déi awer leider sech am Joer drop ausgelaf huet.

Geschicht

2015 an 2016

Sou goung et weider mat eise regelméissegen Eventer. 2015 an 2016 huet de Komittee sech erëm erneiert. De Steve huet opgehal, an de Rodrigo an d’Gaëtane si bäikomm. E puer Méint méi spéit hu mer eis 5-Joer-Gebuertsdagsparty am Kuelbécher Haff gefeiert. Am August hu mer eng gescheit Schallisolatioun op de Plafong montéiert. Doduerch ass d’Atmosphär direkt méi gemittlech ginn. De Playgirls & Gameboys ass dëst Joer an den neie Rotonden ofgehal ginn, a mir haten do eisen éischte Second-Hand-Shop, wat sech zu engem Dauerbrenner entwéckelt huet.

2017

Am Laf vun de Joere war eis Spillsammlung ordentlech gewuess. Am Joer 2017 hu mer mëttlerweil 6 Schief gebraucht, och well mer elo Pëzzelen am Sortiment hunn. D’Sophie ass an de Kommitee gestouss an huet den Trésoriers-Rôle vum Guy iwwerholl, an et huet och seng Passioun fir Pëzzelen an d’Fabrik bruecht. Mir waren och elo endlech déi ural Schief vun der Spillschoul lass. Enn 2017 hate mer och eisen éischte Game On Event mat eise Kollege vum Social Gaming Club a videogames.lu. Obwuel duerch d’Météo de Succès net dee beschte war, sou huet sech dat awer an de Joeren dono gutt weider entwéckelt.

Spillfabrik

2018

…sinn d’Pëzzelen endgülteg zu engem feste Bestanddeel vun der Spillfabrik ginn. Duerch d’Ausfale vum Staminet gëtt elo all Woch un engem Pëzzel geschafft, dem Sophie seng Equipë fir Arel an Hannut si méi grouss ginn, a mir hu souguer eisen eegenen Event op d’Bee gesat, zesumme mam DT Ell. Eisen Zéng-Stonne-Puzzle-Tournoi war e vollen Erfolleg, a mir sinn och schonn ausgebucht fir d’Joer drop. Dat huet sech och an eisem neie Logo gewisen, dee mer dat Joer presentéiert hunn.

2019

…ass de Kommitee nach weider gewuess, well de Lol an den Dennis derbäi komm sinn, nodeems se schonn oft bei diversen Events gehollef hunn.

Eis üblech jährlech Evenementer wéi Viva-Vakanz, Chill & Grill, ware scho gutt rodéiert, an och en zweete Puzzle-Tournoi zu Ell war erëm e Succès. Beim Game On a beim Playgirls & Gameboys ass awer elo d’Iddi opkomm, fir dat ganzt op ee groussen Evenement ze kombinéieren, sou dass d’Decisioun geholl ginn ass, deen nächste Game On an de Rotonden ofzehalen.

Spillfabrik

2020

Mee et sollt bekanntermoossen alles anescht kommen. 2020 war d’Joer vum Coronavirus, an och wa mir am Pandemie-Brietspill gewanne kënnen, sou hu mer eis awer missen als Club de gesetzleche Consignë fügen, an dofir hu mer d’Dire missen zwee mol e puer Méint zou maachen. Während deem éischte Lockdown si mer dann op BoardGameArena ausgewach, a mir hunn en Discord-Server fir d’Kommunikatioun op d’Bee gestallt. Natierlech sinn och all gréisser Evenementer ausgefall: keen Essen, kee Game On, kee Puzzle-Tournoi, just ee klenge Viva-Vakanz Tournoi konnte mer ofhalen. Allerdéngs hu sech e puer “hartgesottener” am Kuelbécherhaff getraff fir e Weekend als Ersatz fir d’SPIEL.

2021

Obwuel op der Virus-Front et mat den Impfungen ugaangen ass, war et awer nach net fir onviirséchteg ze sinn. Mir konnten awer eis Evenementer ofhalen, wann och a verännerter Form. Eisen éischte Game On an de Rotondes war op 300 Leit gläichzäiteg limitéiert, Essen war reduzéiert a mat Maskeflicht, an de Puzzle zu Ell war nach ëmmer net méiglech. Eisen Chill, Grill & Spill hu mer am September ofgehalen, dofir awer op der neier Grillplaz beim Festsall Mouschelt, wat enorm Virdeeler hat.

Spillfabrik

2022

Elo wou et keng Restriktioune méi gouf, konnte mer eis Evenementer erëm wéi gewinnt ofhalen. Alles war e grousse Succès, mee eng ganz flott Saach war eis 10-Joer-Gebuertsdagsfeier déi mer am Juni nodréiglech am Festsall Mouschelt ofgehalen hunn. Och eisen éischte “richtege” Game On an de Rotondë war e vollen Erfolleg.

Géint Enn dës Joers ass dann och ugefaange ginn eisem Website e méi modernen Ustréch ze ginn.

Chrëscht an Alain

Geschicht

Wei ass et zu dem Club komm?

Dat Ganzt baséiert op enger Spillsucht déi bei jidderengem vun eis schonn a fréier Kandheet ugefaangen huet. Eis Elteren hunn deemools mat eis Klassiker, ewéi “MENSCH ÄRGERE DICH NICHT” a “MONOPOLY” gespillt. Am Laf vun der Zäit koumen dunn ëmmer méi Spiller dobäi.

Ab engem gewëssen Zäitpunkt huet dat Spillen awer e bësse méi nogelooss an et gouf just nach periodesch bei deem engen oder aneren Zesummekomme gespillt. 1993 hunn ech dunn d’Carole kenne geleiert, a mat him och säi Brudder de Marc, eise President vun der Spillfabrik. De Marc wor déi Zäit nach e bësse méi aktiv um Terrain vun de Gesellschaftsspiller an hat séier mäi Feier fir ze spillen nees ugefaangen. Séier woren de Laurent, den Nëckel an de Guy och nees aus dem Dornröschenschlof erwächt. Aus der enger oder anerer Kéier, goufen du regelméisseg Spillowenter.

1995

…mam Klaus Teuber sengem “SIEDLER VON CATAN”, ass et du richteg lass gaangen. All Kéier wa mer zesumme woren huet et geheescht: ‘Maache mer eng Siedler?’ Mier hu gesiedelt bis eis d’Schof an d’Kuelen zu den Oueren eraus houngen. Ab dëser Zäit ass och vill um Spillmarché geschitt. Et koumen ëmmer méi interessant a gutt Spiller op de Maart. Eis Spillsammlung ass lues awer sécher gewuess. Aus de Spillowenter goufe Spillmarathoner. Zesumme mat eise Meedercher hu mer eis ofwiesselnd bei engem anere getraff a gespillt. Meeschtens ass esou en Marathon Samschdesmoies ugaangen an huet Sonndesmëttes opgehalen!

2002

…wor de Marc mat senger Fra op Essen op d’Spiel. D’Spiel ass déi weltgréissten Ausstellung fir Gesellschaftsspiller. E Mega-Event wou sech Verleeg a Spiller aus der ganzer Welt 4 Deeg laang treffe fir ze testen an ze spillen. Do fënnt ee vum Kaartespill, iwwert déi normal Brietspiller, bis hin zum Rollespill alles wat d’Spillerhäerz begiert.

2003 sinn de Marc an ech zesumme mat eise Fraen op Essen gefuer. An do wor séier kloer: Hei däerfe mir net mei fehlen! Fir dat Joer drop wor de Rescht vun eiser Spillcrew séier iwwerzeegt an zanter hier heescht et: ‘Wie geet mat ob Essen?’ Do kafe mir dann zanter hier déi neiste Spiller fir ëmmer up to date ze sin.

2004

…hu mer iergendwéi onbewosst schonn de Grondstee vun engem zukünftege Club geluecht. Dat Joer hu mer decidéiert eis fir Essen T-Shirte maachen ze loossen. Esou wollte mir weisen dass mir ebe Spillverréckter sinn an ob eis opmierksam maachen.

Esou gemaach, gouf och en Numm gesicht. Dobäi koum dunn de ‘Pakt vun der verspillten Brudderschaft’ eraus.

Mat der Zäit, wei dat dann iwwerall esou ass, gëtt et ëmmer méi schwéier fir esou Spilleventer ze organiséieren. Mier sinn all méi grouss ginn an hu mëttlerweil och eis eege Familljen. Do gëtt et net méi sou einfach se all un den Dësch ze kréien.

2010

,kuerz virum Untrëtt op d’Spiel, koum de Marc mat der Idee fir e regelrechte Spillclub ze grënnen. Hien duecht et mussen dach nach méi Spillverréckter an eisem klenge Ländche ginn. Zudem hätte mer dann eemol d’Woch en feste R-V, fir ouni Zwang ze spillen. Mier duechten all: ‘Jo Marc, dreem weider’. Mais iergendwéi huet dee Gedanke kee méi sou richteg lass gelooss. Jiddereen hat op eemol Iddie wei esou ee Club ausgesi kéint.

Den 2. November 2010 wor dunn och deen éischten offizielle Komiteesowend. De Grondstee wor geluecht. E gudde Mount méi spéit gouf de Club mam Numm ‘Spillfabrik’ gedeeft a mir hunn eis Statutten op der Lëntgener Gemeng eragereecht, wou d’Spillfabrik dann den 10. Dezember 2010 offiziell ageschriwwe gouf.

Zanter dem 13. Januar 2011 spille mer zu Gousseldeng an eisem Clublokal an der aler Spillschoul. Den Dag hu mir mat 8 Leit ugefaangen an zanterhier wiisst eis kleng Spillergemeinschaft.

2011, Chrëst

Wat ass zanter der Grënnung passéiert?
Wéi ech am September 2011 bei der Sich no engem Spillclub op d’Spillfabrik gefall sinn, war ech direkt begeeschtert. Hei waren e ganze Grapp Leit, mat deenen ee gutt konnt zesumme spillen, a wou sech jidderee verdroen huet. D’Spillsammlung huet nach gréisstendeels aus dem Marc senger privater Sammlung bestanen, a se huet an zwee metalle Schief gepasst.

Geschicht

2012

…war dunn deen éischte grousse Changement am Kommitee. Ech an de Jean-Claude si bäigetrueden, an de Laurent an den Néckel hunn ofgedankt. Während de Jean-Claude säi Konzept vum Ludobus abruecht huet, an eis och an d’Richtung vun der Spillmotivatioun fir d’Jugend gepusht huet, hunn ech mer de Webserver op d’Long gezunn an a groussen Deeler nei gemeet. Dat Joer war och deen éischte Viva-Vakanz-Tournoi, wou mer leider just 7 Kandidaten haten, mee dat huet sech herno och verbessert. Enn des Joers hate mer och eisen éischte Pegasus-Spieleclubtag, wou mer vu Pegasus mat villen neie Spiller versuergt goufen.

Geschicht

2013

…war op dem Chrëscht seng Initiativ e GeoCache-Spillowend organiséiert ginn. Hei konnte begeeschtert Cacher emol an d’Brietspillwelt eraschnoffelen. Dono huet de Steve eise Kommitee verstäerkt. Am Mee hate mer eisen éischte “Chill, Grill & Spill”-Event, dee mer wéi eisen Tournoi als dauerhaften Event bäibehalen hunn. Mir haten e klengen Event zu Iechternach (wou mer leider wäitgehend ënner eis bloufen), a mir waren déi éischte Kéier beim Playgirls & Gameboys am Carré Rotondes derbäi.

Geschicht

2014

ware mer bei der éischter LuxCon derbäi, wat leider aus diverse Grënn eng eemoleg Saach war. Mir hunn och de Lëtzebuerger Deel vum weltwäiten Zug um Zug Tournoi ausgedroen, wat e grousse Succès war. Dat Joer hate mer och am Carré Rotondes eng Partie “Jeudiscover”-Eventer, wou mer interesséierte Leit eng Rei einfach Spiller gewisen hunn. Eng flott Saach, déi awer leider sech am Joer drop ausgelaf huet.

Geschicht

2015 and 2016

Sou goung et weider mat eise regelméissegen Eventer. 2015 an 2016 huet de Komittee sech erëm erneiert. De Steve huet opgehal, an de Rodrigo an d’Gaëtane si bäikomm. E puer Méint méi spéit hu mer eis 5-Joer-Gebuertsdagsparty am Kuelbécher Haff gefeiert. Am August hu mer eng gescheit Schallisolatioun op de Plafong montéiert. Doduerch ass d’Atmosphär direkt méi gemittlech ginn. De Playgirls & Gameboys ass dëst Joer an den neie Rotonden ofgehal ginn, a mir haten do eisen éischte Second-Hand-Shop, wat sech zu engem Dauerbrenner entwéckelt huet.

Geschicht

2017

Am Laf vun de Joere war eis Spillsammlung ordentlech gewuess. Am Joer 2017 hu mer mëttlerweil 6 Schief gebraucht, och well mer elo Pëzzelen am Sortiment hunn. D’Sophie ass an de Kommitee gestouss an huet den Trésoriers-Rôle vum Guy iwwerholl, an et huet och seng Passioun fir Pëzzelen an d’Fabrik bruecht. Mir waren och elo endlech déi ural Schief vun der Spillschoul lass. Enn 2017 hate mer och eisen éischte Game On Event mat eise Kollege vum Social Gaming Club a videogames.lu. Obwuel duerch d’Météo de Succès net dee beschte war, sou huet sech dat awer an de Joeren dono gutt weider entwéckelt.

Geschicht

2018

…sinn d’Pëzzelen endgülteg zu engem feste Bestanddeel vun der Spillfabrik ginn. Duerch d’Ausfale vum Staminet gëtt elo all Woch un engem Pëzzel geschafft, dem Sophie seng Equipë fir Arel an Hannut si méi grouss ginn, a mir hu souguer eisen eegenen Event op d’Bee gesat, zesumme mam DT Ell. Eisen Zéng-Stonne-Puzzle-Tournoi war e vollen Erfolleg, a mir sinn och schonn ausgebucht fir d’Joer drop. Dat huet sech och an eisem neie Logo gewisen, dee mer dat Joer presentéiert hunn.

Spillfabrik

2019

…ass de Kommitee nach weider gewuess, well de Lol an den Dennis derbäi komm sinn, nodeems se schonn oft bei diversen Events gehollef hunn.

Eis üblech jährlech Evenementer wéi Viva-Vakanz, Chill & Grill, ware scho gutt rodéiert, an och en zweete Puzzle-Tournoi zu Ell war erëm e Succès. Beim Game On a beim Playgirls & Gameboys ass awer elo d’Iddi opkomm, fir dat ganzt op ee groussen Evenement ze kombinéieren, sou dass d’Decisioun geholl ginn ass, deen nächste Game On an de Rotonden ofzehalen.

Geschicht

2020

Mee et sollt bekanntermoossen alles anescht kommen. 2020 war d’Joer vum Coronavirus, an och wa mir am Pandemie-Brietspill gewanne kënnen, sou hu mer eis awer missen als Club de gesetzleche Consignë fügen, an dofir hu mer d’Dire missen zwee mol e puer Méint zou maachen. Während deem éischte Lockdown si mer dann op BoardGameArena ausgewach, a mir hunn en Discord-Server fir d’Kommunikatioun op d’Bee gestallt. Natierlech sinn och all gréisser Evenementer ausgefall: keen Essen, kee Game On, kee Puzzle-Tournoi, just ee klenge Viva-Vakanz Tournoi konnte mer ofhalen. Allerdéngs hu sech e puer “hartgesottener” am Kuelbécherhaff getraff fir e Weekend als Ersatz fir d’SPIEL.

Corona, BGA, and Discord

lu