27.06.2025

De Rapporteur war haut net do. Et ass ënner anerem Flower Fields , Piña Coladice , Skull King , a Spirit Island gespillt ginn.

19.06.2025

D'Christiane S. hat haut e gudde Laf: souwuel am Cities , wéi och am Kuhfstein a Pixies huet et géint de Presi an den Alain gewonn.
De Gilles huet mam Marco a Sebastiaan den Owend mat Emberleaf verbruecht. Och beim Rachel, Tom, Davide, an Dennis war den Owend mat engem Spill gefëllt: Wundersame Wesen .
Beim Sandra, Hanna, Caroline, a Christian L. stoungen dogéint Für die Krone , Kauri , an Dinosaur Island: Rawr 'n Write um Programm.

12.06.2025

Déi zwee Alainen si mam Carole an Aline haut an de wëlle Weste gaang mat Great Western Trail .
De Gilles hat erëm Endeavor: Eaux profondes dobäi an huet mam Paul, Christiane S., an Davide gespillt. Hei ass mat Ganz schön clever ofgeschloss ginn.
Beim Gerry, Sandra, Hanna, Sebastian, a Caroline koume Rauha a Château Combo op den Dësch.
De John, Christian L., Marc F., a Sebastiaan sinn dës Kéier zu Spa Course gefuer: Formula D mat Formula Dé: Zandvoort 2 & Spa-Francorchamps . Hei ass mat de Fillere Bluff , Lovecraft Letter , a Skull King ugeschloss ginn.
An den Dennis, de Presi, den Tom, an d'Rachel hunn den Owend mat Concordia verbruecht.

05.06.2025

Beim scho bal fixe Grupp Sebastian, Caroline, Hanna, a Sandra gouf et den Owend Café Baras , Quorum , a Scout .
De Gilles hat Endeavor: Eaux profondes dobäi an huet mam Tom, Rachel, an Davide gespillt. Knarr huet hei den Owend ofgeschloss.
Den Alain hat seng Small World -Sammlung dobäi an huet mam Lol, Presi, an Dennis gespillt.
D'Lis, de Marco, de John, de Lex, de Christian an de Philippe L., an d'Aline si Formula D gefuer an hunn dono mat Trio a Strike enchaînéiert.
A beim Romy, Marguy, Sebastiaan, Michelle, an Alain Bert. koumen Der Palast von Alhambra a Lovecraft Letter op den Dësch.

30.05.2025

D'Bud war haut brechend voll, et sinn déi ganzen Zäit Leit erakomm, sou datt mer souguer een Dësch hu missen op de Gank stellen.
Den Alain Bert., d'Mela, de Marc F., an d'Michelle hu mat Die Quacksalber von Quedlinburg ugefaang, an niewendrun hunn d'Hanna, d'Sandra, de Sebastian, an d'Caroline Porto , Der Herr der Ringe: Die Gefährten - Das Stichspiel , Fantastic Factories , an Nine Tiles Panic gespillt.
De Frank an d'Elisabeth hate véier Kollegen invitéiert, a si hu mat hinne King of New York , Der Palast von Alhambra , a Wizard gespillt.
Beim Gerry, Christiane S., Paul, an dem Marco koume Brian Boru , Hutan , an Ananda op den Dësch. Niewendrun war de ganzen Owend Food Chain Magnate ugesot, mam Dennis, Sebastiaan, Rachel, an Tom.
De Presi huet d'Véro an den Yves M. Mycelia an Diamonds Club gewisen, a si sinn och direkt Member ginn.
Den Alain, huet mam Rol, André, a Joanna Anno 1800 gespillt.
Méi spéit gouf et nach eng Terraforming Mars mat den zwee Alainen, dem Paul, an dem Mela. Niewendrun ass Hitster gespillt ginn, an de Komitees-Alain konnt sech net ëmmer beherrschen, fir do net och "matzespillen."

22.05.2025

De John, de Christian L., de Marc F., an e véierte Spiller hu mat Der Herr der Ringe: Die Gefährten - Das Stichspiel ugefaang, an hunn herno mat Ben Hur a Can't Stop ugeschloss. Beim Peter, Caroline, Sandra, Hanna, a Sebastian koumen Dungeon Designer , Fun Facts , a Rebel Princess op den Dësch.
Den Dennis hat Nippon matbruecht an huet dee ganzen Owend mam Rachel an Tom dobäi verbruecht.
Déi zwee Alainen, d'Michelle, d'Christiane S., an de Sebastiaan hu mat New Frontiers ugefaang. Eng Partie Sky Team mam Alain a Sebastiaan war leider net vun Erfolleg gekréint.
A beim Davide, Gerry, an zwee weidere Spiller gouf et Gunkimono an Trio .

15.05.2025

Den Alain huet dem Romy, Isabelle, a Michelle Caldera Park a Cubitos erklärt. Niewendrun hunn d'Caroline an d'Michèle sech am Cities , Solstis , a Spectacular duelléiert.
Beim Gerry, Monique, Sebastian, an Dennis koumen Hutan , Sweet & Spicy , a Lovecraft Letter op den Dësch.
Beim Christian a Ben L., dem John, an zwee weidere Spiller sinn UNO a Skull King gespillt ginn. Zu drëtt ass et dono weider gaang mat Ben Hur a Strike .
Den Alain huet sech herno bei d'Caroline an d'Michèle gesat fir eng 3 Chapters .

08.05.2025

Haut waren e puer länger Spiller um Rendez-Vous. Beim Alain, John, Christian a Ben L. ass et a Richtung Maracaibo gaang (mat Lovecraft Letter fir ofzeschléissen). De Gerry, de Sebastiaan, d'Christiane S., an d'Romy hate Phraya , a beim Presi, Marguy, Pit, Marc F., Michelle koum Agricola op den Dësch.
Beim Davide, Dennis, Rachel an Tom G. sinn Dungeon Lords a Gizmos gespillt ginn. A beim Sandra, Hanna, Sebastian, Michèle, Marco, an enger weiderer Spillerin stounge Long Shot: The Dice Game , Welcome , an Just One um Programm.

01.05.2025

D'Mela wollt endlech mol Funkenschlag léieren, an dofir huet hatt mam Christian L., Sebastiaan, Carole, an Alain Bert. Baden-Württemberg mat Stroum versuergt (Funkenschlag: Québec/Baden-Württemberg ).
D'Sandra, d'Caroline, de Sebastian, an d'Hanna hunn den Owend mat Life of the Amazonia verbruecht.
Den Alain huet mam Aline an Thomas: Die Quacksalber von Quedlinburg gespillt, an d'Rachel an den Tom Wasserkraft .
en