31.08.2018

Op dëser fräier Nuecht ass am zweete Sall natierlech... T.I.M.E. Stories gespillt ginn. Jo, eis Raumschlachtler waren net do, dofier awer eise Member vun der éischter Stonn, de Max, deen erëm op Besuch war a sech mam Alain a mam Rol un de T.I.M.E. Stories: Der Marcy-Fall gewot huet. No dësem Spill koum den Dennis mat engem anere Rätselspill geschärt: Exit: Das Spiel: Die vergessene Insel huet eng Stonn intensiven Denksport geliwwert, och wa mer d'Ost-West-Skala net fonnt hunn.
Am éischte Sall gouf et zwou Gruppen: den Yves S. war mam Christiane S. an dem Michelle zesumme fir Reliques & Co , Qwirkle , a Love Letter . Deen zweete Grupp war de Lex, de Guy P., de Gerry, an d'Christiane K., a si hu Star Realms , Durch die Wüste , Age of War , a Bluff gespillt.

23.08.2018

Den Tom an d'Tanja waren haut mat zwee Frënn do an hu mat hinnen déi zwee Wierfelspiller Strike a Las Vegas gezockt, ier se bei d'Handelsspill If Wishes Were Fishes! iwwer gaange sinn.
D'Michelle ass erëm ënner d'Wikinger gaang, dës Kéier mam Christiane K., dem Guy P., an dem Lex. Dono ass et mat Linie 1 weider gaangen.
Den Dennis huet den Alain an de Rol an den T.I.M.E. Stories agewisen. An am zweete Sall ass haut natierlech erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game mat der Famill L., dem Marc F., an dem John.

16.08.2018

Haut goung d'Charterstone -Kampagne op en Enn. De Mike M. ass fir di lescht Partië bei den Alain, de Rol, de Guy R., an de Marc S. gestouss, an den Alain konnt duerch seng vill deier Gebaier d'Kampagne fir sech entscheeden.
De Presi an d'Jeia a 4 aner Spiller waren de ganzen Owend mat Wikinger am gaangen.
D'Sandra an de Gerry hu sech am Hero Realms , Die Zwerge: Das Duell , an am Qwirkle duelléiert.
A wéi üblech eis Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Equipe Marc F., John, Ben a Christian L.

09.08.2018

Et ass weider gaang mam Charterstone mam Alain, Rol, Guy R., a Marc S. (an engem Automat-Spiller). Iwwerdeems war och erëm den Star Wars: X-Wing Miniatures Game beim Marc F. a Christian, Ben, a Philippe L. op den Dësch komm.
Presi an de Lex huStar Realms a gespillt, während d'Michelle, de John, d'Christiane K., an de Gerry ënner d'Wikinger gaange sinn. Dono hunn dës zwou Gruppe sech mam Lara zesumme gesat fir eng Party Bugs .

02.08.2018

Während de John an de Gerry sech noeneen am Santorini , Cappuccino , a Six duelléiert hunn, hunn den Alain, de Rol, de Marc S., an de Mike M. Zivilisatiounen opgebaut am Civilization: A New Dawn .
De Presi a seng Fra hu mam Christiane S. an nach enger Spillerin Azul gezockt. Dono goung et mam Presi, John, Gerry, a Lara mat Illusion a Mars Würfel weider.
Am zweete Sall waren de Marc F. an de Christian, Ben, a Philippe L. mat Star Wars: X-Wing Miniatures Game beschäftegt.

27.07.2018

Den Alain, de Rol, de Guy R., an de Marc S. hunn haut hir Charterstone -Campagne weider gefuer, woubäi dës Kéier dee roude Spiller vun engem "Automat" iwwerholl ginn ass.
Den Thomas an d'Tanja hu sech am Legends an am Azul duelléiert.
De Chrëscht hat de Woodlands matbruecht; senger Meenung no dat valabelst Spill vu Ravensburger dëst Joer. Hien huet mam Merle, Dennis, a Gerry gespillt, a si sinn dono op Sagrada iwwer gaangen.
An de John, Marc F., Yves E., Christian a Ben L. waren erëm mat Star Wars: X-Wing Miniatures Game beschäftegt.

21.07.2018 – Viva-Vakanz

An och dëst Joer ass erëm e Viva-Vakanz Tournoi gespillt ginn. Aus Vakanzegrënn war den Termin em zwou Woche verréckelt ginn, an dat war wahrscheinlech och de Grond firwat mer "nëmme" 14 Kandidaten haten. Mee mir haten awer och dëst Joer erëm Spaass. Leider hu mer missen dobanne spillen, well de Parking voll mat Camionettë stoung. Mee et war souwisou scho vill ze waarm.
Moies ass et mat Isle of Skye an Azul lass gaangen, a Mëttes koum Mein Traumhaus an Imhotep un d'Rei.
An der Mëttesstonn gouf et eis traditionell Spaghetti. Merci un d'Kächin!
Am spéiden Nomëtteg stoung d'Resultat fest, a fir eis Viva-Vakanz-Veterane gouf et eng fatzeg Iwwerraschung: eise Champion ass dëst Joer de Chrëscht, virum Michelle a Guy P. An di rout Lanter huet dëst Joer eise Presi kritt! Dem Chrëscht säi Kommentar dozou: Mission accomplished!

19.07.2018

Och haut war erëm Training fir de Viva Vakanz ugesot: De Presi huet mam Guy P. an de Christianen S. a K. Mein Traumhaus a Linie 1 gespillt. Dono koum d'Lara nech derbäi fir eng Bluff .
Beim Alain, Gerry, Guy R., Rol, a Michelle koum fir d'éischt Isle of Skye , an dono SteamRollers , dat den Alain an de Guy vun der BGG-Croisière matbruecht hunn.
Haut war och erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game ugesot, an dat beim John, Marc F., Yves E., Christian a Ben L.

12.07.2018

Merci un den Yves S., deen haut Rapporteur spillt: "14 Spillerinnen a Matspiller ware präsent.
Op zwee Dëscher gouf fir d'Turnéier vum 21.07. geübt: De John, d'Sandra, an d'Christiane hu Mein Traumhaus an Isle of Skye getest. De Gerry, d'Michelle, d'Christiane, an den Yves S. hunn niewendrun Azul an Imhotep gespillt.
D'Sophie T. huet sech bei déi dräi Spillkollege vum Staminet gesat. Beim Marc T., sengem Bouf an engem jonke Visiteur koume Pandemie an Dominion op den Dësch."
en