28.02.2019

Vill verschidde Spiller gouf et haut den Owend net. De Gerry hat Parade an e Prototyp matbruecht, déi hie mam Riccardo, Christiane K., an dem Presi gespillt huet.
Ex Libris gouf et beim Tom, Tanja, Sandra, a Christiane S.
An den Alain hat erëm säi Pathfinder Adventure Card Game: Rise of the Runelords dobäi. Mam Rol, Guy R., Marc S., a Lol goufen hei dräi Szenarië gespillt.

22.02.2019

E puer eeler Spiller gouf et haut beim Alain, Guy R., Marc S., a Mike M.Five Tribes an Die Burgen von Burgund koumen hei op den Dësch.
Porta Nigra huet d'Michelle, den Andy, de Frérédic, an de Guy P. de ganzen Owend beschäftegt.
D'Jeia, de Gerry, d'Christiane S. an d'Mela haten eng ganz Rëtsch gespillt: Reef , Auf nach Indien , Showtime , Skyjo , an Engel & Bengel gouf et hei.
An eis X-Winger sinn haut emol um Buedem bliwwen an hu VektoRace mat coole Cars-Autoe gespillt. Dono goung et weider mat Würfel Bohnanza

14.02.2019

Den Alain, Dennis, a Rol hunn haut eng nei Uschafung vum Club getest: Carpe Diem . Dobei ass d'Spill ganz okay, mee d'grafesch Opmaachung ass ... uäh! Dono koum de Frédéric bäi an et ass mat Burgenland weider gaangen.
Stone Age an Strike stounge beim Michelle, Andy, Marc S., a Christiane S. um Programm.
Beim Gerry, Riccardo, Christiane K., a John gouf et Auf nach Indien an Huns .
Spéit owes hunn den Alain an de Frédéric sech am Ascension: Sturm der Seelen duelléiert.

07.02.2019

Kontrastprogramm haut an der Spillfabrik: Op der enger Säit hate mer en epesche Match Great Western Trail mam Chrëscht, Presi, Rol, an Alain, dee bis no Hallefnuecht gedauert huet. Op der anerer Säit hunn de Guy R., de Marc S., d'Michelle, an den Andy lauter kuerz Saache gespillt: Las Vegas , Strike , Love Letter , Machi Koro , a Wild Shots koumen do noeneen op den Dësch.
Dann hate mer nach de Gerry, Christiane K., Riccardo, Lol, a Philippe déi Ganymede an Half-Pint Heroes gezockt hunn, an d'Sophie, d'Christiane S., an den Dennis hu gepëzzelt.

31.01.2019

Haut koumen net vill Leit op de Spillowend, well Schnéi ugesot war. Ee vun denen déi koume war de Frédéric, deen eis iwwer Google entdeckt huet. Hien huet mam Alain, Christiane S. a Rol den neie City of Rome gespillt. Iwwerdeems huet de Presi mam Christiane K. Diceland gemaach.
Dono ass d'Christiane S. bei d'Sophie gestouss fir ze pëzzelen, an déi aner fënnef hunn eng SteamRollers -Partie gespillt.

25.01.2019

Haut war d'Renée, dem Nickie séng Mamm, op Besuch komm. Den Alain, Guy R., a Rol hu si an den Zooloretto an de Stone Age agewisen. Nodeems d'Renée fortgefuer ass, hunn di dräi aner nach eng kleng Parti Seeland gemaach.
Um Presi séngem Dësch souzen nach d'Christiane S., de Lex, an d'Mela. Hei ass et mat Die Quacksalber von Quedlinburg , lass gaangen, du koum San Juan , Fertility , an Strike .
De John, de Marc F., de Ben an de Christian L. hunn natierlech rëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game gespillt, dës Kéier mat lauter klenge Schëffer.
An d'Sophie huet u séngem Puzzle weider geschafft.

10.01.2019

Haut gouf et en Neijoeschpatt mat Snacks a Gedrénks. Mee gespillt gouf natierlech och. Um éischten Dësch souzen de Jean-Claude, de Chrëscht, de Gerry, an de John bei Realm of Sand a Krass Kariert . Den Alain, d'Christiane S., de Marc S., an de Rol hunn Ex Libris getest an dono mat Fertility weider gefuer.
Den Tom hat Dinosaur Island matbruecht a mam Tanja a Sandra gespillt. An den Dennis huet no multiplë Partië RoboRama d'Spill Unita erklärt. Bei himm souzen nach de Riccardo, d'Michelle, an de Lex um Dësch.

03.01.2019

Ulkegerweis haten haut souwuel den Dennis wéi och de Riccardo zoufälleg dat selwecht Spill matbruecht: First Class . Den Dennis hut säi mam Alain, Rol, a Chrëscht gespillt, an de Riccardo huet de Presi, d'Paule, an d'Christiane Kr. mat an den Zuch geholl.
Beim éischte Grupp ass nom Dennis séngem Départ Qwixx gespillt ginn, an am zweete Grupp koum Strike op den Dësch.
En drëtte Grupp huet aus dem Gerry, dem Michelle, an dräi Guyë bestanen. Hei ass Samurai Spirit a Las Vegas gespillt ginn.
Mir haten och erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game , dës Kéier mam John a mam Yves S.
An am Sall niewendrun hunn an aller Rou d'Sophie an d'Merle mat nach zwee Leit gepuzzlet.
en