30.08.2029

Haut ass erëm Wingspan op den Dësch komm, dës Kéier dem Lol säin Exemplar. Hien huet mam Philippe, mam John, mam Alain, a mam Guy R. gespillt, an de Philippe huet eis punkteméisseg alleguer ewech gebotzt.
Parallel hunn de Presi, d'Mela, an d'Christiane S. eng Rajas of the Ganges gemeet.
Dono ass de John bei dem Presi seng Ekipp gestouss fir Kerala an Dog , iwwerdeems deen éischte Grupp mat Elder Sign (mat Elder Sign: Unseen Forces an Elder Sign: Omens of the Deep ) viru gefuer ass.

22.08.2029

De Gerry hat erëm haut eent vu senge Spiller matbruecht; dës Kéier war et de Space Explorers , deen e mam Christiane S. a Sandra gespillt huet. Hei ass et dono mat Der Palast von Alhambra weider gaang.
Den Axel huet sech mam Brudder Guy zesumme gesat fir Einfach Genial a Star Realms .
Den Alain hat seng Legendary: A Marvel Deckbuilding Game -Sammlung derbäi, mee hien, de Guy R. an de Chrëscht haten an zwee Versich keng Chance géint dee Béisen. Dono koum den Axel bäi fir eng kleng Diceland .
Tournay a King of Tokyo koume beim Presi, Riccardo, Christiane K., a Guy P. op den Dësch.
De Marc F., de Rol, de Christian an de Ben L. hunn nees Star Wars: X-Wing (Second Edition) gespillt.
A méi spéit koumen d'Kanner eran. D'Lara, d'Yana, d'Mona hu mat Dackel Drauf a Villa Paletti ugefaang, an de Mike an de Joseph koumen derbäi fir eng Bluff .

15.08.2029

De Gerry hat dat neit Topspill Wingspan derbäi, an hien huet mam Alain, Christiane S., a Riccardo gespillt. Obwuel et e Mëssverständnis em eng Regel gouf, huet d'Christiane d'Männer do schéi gebotzt. Dono ass et mat Der Elefant im Porzellanladen a Keltis: Der Weg der Steine weidergaang, woubäi fir de Riccardo de Marc agesprong ass (nee, net de Presi, an och net den S. oder F.).
Wa mer scho vun deene Marce schwätzen, déi waren all am zweete Sall. Den F. war natierlech erëm mat Star Wars: X-Wing (Second Edition) amgaangen, an dat mam Yves E., John, an dem Christian L. mat séngen zwee Bouwen. Déi zwee aner Marce souze mam Yves S. an dem Rol bei enger Partie Talisman , déi souguer nach virun 23:00 fäerdeg war.
Gepëzzelt ass och ginn, dat vum Sophie an dem Gaëtane.

08.08.2029

Och haut hate mer eng gutt Partie Leit do. Déi éischt Grupp waren de Gerry, de Presi, d'Sandra, an de Riccardo, déi dem Gerry säi Blue Lagoon , an dono, mam Chrëscht, Puerto Rico an d'Love Letter Big Box gespillt hunn. Donieft hunn de Marc S. an de Mike M. mat hirer Deadline -Partie vum Abrëll weider gefuer.
Den Alain hat Die Schlösser des König Ludwig derbäi an huet mam Guy R. an dem Lex gespillt. Dono ass am Dice City weider gebaut ginn.
D'Sophie, d'Lara, an nach en drëtte Spiller hunn eng ganz Rëtsch kleng, séier Spiller gezockt. Dat goung vun Das verrückte Labyrinth iwwer Kingdomino , Double Shutter , Dackel Drauf , an Strike bis hin zu The Mind .
Am zweete Sall war erëm Star Wars: X-Wing (Second Edition) ugesot, dës Kéier mam Rol, John, Marc F., Ben a Christian L.

01.08.2029

Haut war d'Bud krachend voll. Zu engem Moment hate mer 27 Leit an den zwee Säll. An dat matzen an der Vakanz.
Am "Weltraumsall" sinn haut zwee X-Wing Spiller gelaf: eemol Star Wars: X-Wing Miniatures Game mam Yves S., Roland B., Andy, a Peggy, an eemol déi Star Wars: X-Wing (Second Edition) mam Alain, Rol, Christian L., Ben L., Marc F., a John.
Wat am éischte Sall alles gelaf ass, hunn ech net ganz mat kritt. De Chrëscht hat Villainous an Heul doch! Mau Mau derbäi, béides nei Spiller vu Ravensburger, an hien huet ënner anerem mam Lol, Philippe M., a Jeia gespillt. De Presi souz mat dräi anere Leit op engem Dësch an huet mat hinnen ënner anerem Ohne Furcht und Adel gezockt.

26.07.2019

Haut goufen et nieft eiser Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Ekipp (John, Marc F., Ben a Christian L.) zwou grouss Gruppen. Op der enger Säit waren dat de Lol, de Philippe M., de Max R., d'Michelle, d'Manon, an nach ee 6. Spiller, déi noeneen Evolution mat Evolution: Flight , Engel & Bengel , a Second Chance gespillt hunn.
Op der anerer Säit waren den Alain, de Gerry, d'Mela, d'Sandra, de Ricardo, an d'Joana, déi dem Gerry säi Sagrada mat Sagrada: Erweiterung a Colt Express gespillt hunn.
Dëse leschte Grupp huet sech herno opgedeelt: d'Sandra an d'Mela hu mam John a mam Presi Micropolis , Dog , an Strike weider gespillt, während déi aner 4 mat Splendor a Yay! weider gefuer sinn.
Zulescht gouf et nach e Fungi -Duell tëscht Alain a Gerry.

18.07.2019

De Rapporteur war haut an der Vakanz, mee mat enger Foto an engem Mail vum Yves S. konnte mer awer de Gros rekonstruéieren.
De Gerry, d'Sandra, de Riccardo, an d'Christiane S. hu Bärenpark a Majesty gespillt. Beim Lol, Michelle, Max R., Rol, Lex, a Ricardo (mat engem C), war et ënner anerem Die Quacksalber von Quedlinburg mat der Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen -Erweiterung.
Den Yves S. huet mam Philippe M. a mam Thierry K. Keyforge gespillt, an eis üblech Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Ekipp (John, Marc F., Ben a Christian L.) war och erëm um Dill.

11.07.2019

Eng grouss Ekipp, bestehend aus Alain, Rol, Dennis, Christiane S., Lol, Chrëscht, Marc S., a Guy R., huet sech mat de Party-Wuertspiller Werwörter a Just One ameséiert.
Niewendru souzen de Gerry, d'Michelle, den Andy, an de Riccardo bei The City an Tournay .
Eis Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Ekipp huet haut aus John, Marc F., Ben, Philippe, a Christian L. bestanen.

06.07.2019 – Viva-Vakanz

Haut hate mer erëm eise Viva-Vakanz Tournoi, an dat bei beschtem Wieder. Also goufen Zelter opgeriicht an um Parking gespillt.
Mir haten 12 Kandidaten, an um Programm stounge moies Wettlauf nach El Dorado a Fertility , a mëttes Corinth a CuBirds .
Niewelaanscht huet een och nach konnten en 120-Stécker-Puzzle maachen, fir esou de Score am ex aequo ze departagéieren.
Um Enn vum Dag war d'éischt Plaz erëm un de Presi gaangen, gefollegt vum Lol, an dem Alain.

04.07.2019

Mini-Präsenz haut an der Fabrik. Nieft eiser Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Ekipp (John, Marc F., Ben a Christian L.) ass just ee Grupp zesumme komm.
Den Riccardo hat Coimbra matbruecht an dat mam Alain an de Christianen S. a K. gespillt. No dëser laanger Partie ass de Gerry fir d'Christiane S. agesprong fir eng Partie Skull .
en