27.12.2019

De Rol hat haut Cthulhu: Death May Die matbruecht; ee Spill aus dem Lovecraft-Universum wat mol eng Kéier net vu Fantasy Flight Games ass. De Marc S., de Guy R., an den Alain hu mat himm zwee Szenarie gespillt.
De Presi huet de Guy P., d'Monique, den Tom, an den Yves S. an Der Kartograph agefouert, an dono ass mat Draftosaurus enchaînéiert ginn.
Finalement hunn déi zwou Gruppe sech fir Love Letter Big Box zesumme gesat.
An der anerer Halschent vum Sall souzen d'Michelle, den Andy, d'Nancy, d'Christiane S., an zwee aner Spiller fir Codenames a Subtext ze spillen. Dono ass et hei mat Twin It! a Can't Stop weider gaang.
Als Ofschloss hunn de Presi, den Alain, de Guy R., an d'Monique Strike a Wizard gespillt.

05.12.2019

Haut den Owend hunn den Alain, d'Nancy, de Lex, an d'Christiane K. noenee Five Tribes , Pandemic: The Cure , a Meltdown 2020 gespillt. Während beim Pandemic alles gutt gaangen ass, ass am Meltdown ee Reaktor explodéiert an et goufen net vill Meeples gerett.
D'Tanja an den Tom hu sech am Raptor an am Brains Family: Burgen & Drachen duelléiert. Niewendrun hunn de Lol, de Philippe M., an d'Monique mat engem véierte Spiller Everdell gespillt.
An um véierten Dësch souzen de Guy R., de John, de Bob, an de Rol beim Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit an Dice City .

29.11.2019

De Guy R. hat erëm Carnival of Monsters an huet mam Lis, Michelle, an Andy gespillt. Dono ass den Alain derbäi komm fir Der Kartograph , Funkenschlag mam neie Südafrika-Plang (Funkenschlag: Mittlerer Osten/Südafrika ), a Lovecraft Letter .
De Brudder Guy souz mam Guy P., Mela, Nancy, Axel, an engem sechste Spiller bei enger Rëtsch Party-Spiller. Noenee gouf dem Nancy säin Nobody is Perfect , Codenames: Images , den normale Codenames , a Bluff gespillt. A souguer wéi de Guy P. fortgefuer ass, ass et mat 6 Nimmt! a Love Letter Big Box weider gaang.
Am zweete Sall war erëm Star Wars: X-Wing (Second Edition) ugesot, mam John, Ben a Christian L.

21.11.2019

Den Dennis hat The Artemis Project derbäi an huet mam Rol, Mike M., Marc S., an Nancy gespillt. Do souzen si och de ganzen Owend derbäi.
Niewendru waren de Lol, den Alain, de Max, an d'Christiane K. mat Hawaii beschäftegt. Dono ass et mat Wingspan viru gaangen, wat bis no Hallefnuecht gedauert huet.
D'Monique huet sech mam Presi am Babel , Kingdomino , an am 6 Nimmt! duelléiert.

14.11.2019

Ugefaang huet den Owend mat enger Partie Jaws tëscht Guy R., Merle, Chrëscht, an Nancy. Niewendru huet den Alain dem Sandra, Monique, a Christiane K. Die Säulen der Erde erklärt.
Déi zwou Gruppen hu sech herno zesumme gedoe fir eng Codenames: Images (den Original war grad net am Schaf).
De Presi huet mam Max a John: Camel Up: Second Edition , Tales & Games: The Hare & the Tortoise , an Harry Potter Hogwarts Battle gespillt, an d'Sophie huet gepuzzlet.
Spéit um Owend ass mat enger Just One ofgeschloss ginn.

07.11.2019

Beim Riccardo, Max, Bob, Christiane K., an Nancy koumen den Owend Istanbul a Camel Up: Second Edition op den Dësch.
Den Alain hat säi Mystic Vale mat mëttlerweil dräi Expansioune matbruecht. Hien huet mam Rol, Guy R., a John gespillt, an den Owend ass hei mat Simsala... Bumm? op en Enn gaangen.
De Lex, de Guy P., an d'Christiane S. ware bal de ganzen Owend mat Otys beschäftegt.
Nodeems de Max heem gefuer war, huet säi Grupp mat Santo Domingo weider gefuer, an nom Bob sengem Départ mat Cacao ofgeschloss.
en