28.08.2020

An Indien, an de Wëlle Westen, an "down under" ass et haut gaangen, well et gouf op dräi Dëscher gespillt. D'Tanja, den Tom, an d'Nancy hu Rajas of the Ganges gespillt, den Alain, de John, de Guy R., an de Rol hunn an AuZtralia déi grouss Béis gejot (a mat Kribbeln ofgesackt), an de Presi, d'Michelle, de Guy P., an d'Christiane S. ware bis spéit mam Great Western Trail beschäftegt.

20.08.2020

Den Alain, d'Christiane S., an d'Michelle hunn haut Kraftwagen getest, dat zwar zimlech langweileg ausgesäit, awer vum Spill hir ganz intressant ass. Dono ass et hei mat Chakra weider gaangen, a wéi d'Christiane fort war, mat engem Duell am Bienvenue à bord .
De Presi, de John, d'Nancy, an de Lex hunn noeneen Dice Forge , Kontour , a Würfel Bohnanza gespillt.

13.08.2020

05.08.2020

Och haut gouf just op engem Dësch gespillt: Beim Alain, John, Sandra, a Christiane S. stoungen haut Dice Forge , Fertility , a Lovecraft Letter um Programm.

31.07.2020

Eigentlech sollte mer haut eis AG hunn, mee déi hate mer wéinst dem Corona op en Donneschdeg an an de virtuelle Raum (Discord) verluecht. Duerch e klenge Kommunikatiounsmëssel war dofir net kloer dass haut normal fräi Nuecht war. Dofir ware mer haut och just zu 3 mat der Theisen-Famill.
Den Alain huat mam John a Michelle mat Die Quacksalber von Quedlinburg ugefaang. Dono ass de Marc mat der Famill erakomm fir e bësse Kingdomino , Strike , a Kaitō .
Dunn ass de Marc bei den anere Grupp gestouss fir Axio a Wettlauf nach El Dorado .

25.07.2020 – Viva-Vakanz

Op dësem Viva-Vakanz war d'Wieder net esou villverspriechend, dofir hunn eis 12 Kandidaten dobanne gespillt. Duerch déi nach ëmmer präsent Coronavirus-Gefor hu mer eis an zwou Gruppe vu 6 gespléckt an dertëschend eis Masken ugedoen.
Copenhagen: Roll & Write , Trails of Tucana , Ganz schön clever , an Der Kartograph stoungen um Programm. Déi dräi éischt waren dofir express nei fir de Club ugeschaaft ginn.
An der Mëttesstonn hu mer dës Kéier eppes bei der Pizzeria bestallt.
Géint 15:45 stoung de Gewënner fest, an et war dëst Joer den Tom, dee virum Alain a Guy P. d'Victoire dovu gedroen huet. Gratulatioun!
Nom Tournoi ass nach mat Fertility , Zooloretto , Codenames , a Keltis: Der Weg der Steine weider gespillt ginn.

23.07.2020

Haut war just een Dësch besat. Den Alain, d'Nancy, an de Guy P. hunn d'Spiller fir de Viva-Vakanz getest. Fir de Copenhagen: Roll & Write , an den Trails of Tucana ware se nach zu drëtt. Dunn ass de Presi nach erakomm an huet sech bei si gesat fir Ganz schön clever , an Der Kartograph .
Méi spéit ass och nach Azul gespillt ginn.

16.07.2020

Beim Tanja, Tom, Sandra, a Christiane S. waren d'Spiller Isle of Skye a Kerala um Menu.
Den Alain huet d'Neiuschafung Dice Forge matbruecht dat mer op BoardGameArena kenne geléiert hunn. Hien huet mam John, Nancy, a Guy P. gespillt. Dono ass et mat Einfach Genial weider gaang an enger 7 Wonders: Duel tëscht Alain an Nancy.

09.07.2020

D'Tanja an den Tom hu sech den Owend an dräi Spiller duelléiert: Loot Island , Cat Lady , a What's Up .
De John hat säi fuschneie Rallyman GT matbruecht, an den Alain, de Presi, d'Nancy, de Guy R., an d'Christiane S. si matgefuer. Ofgeschloss gouf hei mat Atlantic Star .

02.07.2020

Beim Alain, Guy R., Christiane S., a Guy P. stoung haut de ganzen Owend Civilization: A New Dawn um Programm.
Deen zweeten Dësch war gutt besat mam Presi, John, Olga, Nancy, Sandra, an Tanja. Hei ware Kill Doktor Lucky , Strike a Bluff ugesot.
Am spéiden Owend hun de Presi an d'Nancy festgestallt dass si en Don bei The Mind hunn.
en