28.10.2022

Während d'Merle weider un deem lästege schwarz-wäiss Puzzle geschafft huet, huet sech op dräi Dëscher folgendes ofgespillt:
Den Alain hat säi Rune Stones mat Rune Stones: Nocturnal Creatures dobäi an huet mam Paul, Christian L., a Christiane S. gespillt. Dono ass dem Paul säin Honey Buzz probéiert ginn.
Beim Chrëscht, Michelle, Alain Bert. a John waren haut einfach Spiller um Programm: Würfelhelden , Triggs , a Brikks .
A beim Gerry, Gilles, Nancy, Sophie, an Eliane goufen zwee Szenarië vum Welcome to the Moon an dono eng Bluff gezockt. Dono nach eng schnell Fantastische Reiche , an eng So Kleever! .

20.10.2022

Den Alain, de Chrëscht, d'Monique, an de Christian L. hu Cabo probéiert, en eelert einfacht Spill mat Memory- a Riskelementer. Dono goung et mam Alain sengem Marvel Dice Throne weider, mee leider war d'4-Spiller-Variant eng desequilibréiert Affär. Mat Nova Luna a Kribbeln ass den Owend hei ofgeschloss ginn.
Beim Presi, Gerry, Nancy, an engem véierte Spiller ass haut Scout , Harvest Island , an och Cabo gespillt ginn.

13.10.2022

A Virbereedung zum GameOn hu mer haut nach e puer Spillreegelen opgefrëscht resp. nei Spiller studéiert.
De Presi, den Tom, d'Tanja, de John, an de Christian L. hu sech un de Spiller Neue Helden braucht das Land , a "Mainz aus dem Häuschen" probéiert. Dat zweet ass eng liicht Variatioun vu Mensch ärgere dich nicht, mee dat éischt ass anscheinend en zimleche Reinfall a just gutt fir an de Container.
Den Alain, de Paul, den Dennis A., an den Enrico hunn d'Kennerspill Living Forest geübt, an dono mam Alain sengem Paper Dungeons weider gefuer. Nom Paul an Dennis hirem Départ gouf et nach en Duell am Santiago de Cuba .
Beim Gilles K., Gerry, Nancy, an Davide waren dräi Spiller um Programm: Cascadia , Drakon , a Res Arcana .
De Presi, de John, an de Christian hunn nach mat Warlord Chess a Lovecraft Letter den Owend ofgeschloss.

30.09.2022

Méi roueg blouf et dës fräi Nuecht, well mir hate just 8 Leit. De Presi huet mam Christiane S. an nach zwee anere Legends , Dungeon Time , Split It , a Corinth gespillt.
Déi aner Säit hunn den Alain, de John, de Paul, an d'Thérèse Anno 1800 duerchgeackert, an dono mat Push a Salade 2 Points ofgeschloss.

08.09.2022

Haut ass et héich hir gaangen, well de John hat Top Ten 18+ matbruecht. Dat war bei himm, Thérèse, Michelle, Andy, Alain Bert., Nancy, Sophie, a Christian L. dee Brüller – wiertlech geholl.
Do hate Presi, Dennis A., an Davide Schwieregkeete mam Brain Burner Dungeon Lords matzehalen. D'selwecht ass et Alain, Gerry, Christiane S., a Christiane Kr. mat Gutenberg gaangen.
Zum Schluss huet d'Halschent vum Top-Ten-Grupp mat So Kleever! ofgeschloss.

01.09.2022

Haut war et méi roueg, mat just zwee Dëscher. De Gerry huet mam Nancy, Pascale, a Claudine Blue Moon City , an Just One gezockt.
Niewendru bei den zwee Alainen, dem Christiane S., an dem Paul koumen Otys an Augustus op den Dësch, an dono, verstäerkt duerch de Gerry an d'Nancy de Skull King .
en