31.10.2025

Während den Dennis, den Tom, d'Rachel, an de Paul hir Frosthaven -Kampagne suivéiert hunn, sinn déi zwee Alainen, den Davide, an den Eric op Arkham gaangen, an zwar mat Elder Sign (plus Elder Sign: Unseen Forces ). Hei ass et mat Xenology weider gaangen.
D'Hanna, de Sebastian, d'Mela, an d'Sandra haten erëm eng Rëtsch Spiller dobäi: Ghostbumpers , Viva Catrina , Take Time , an Nocturnis . Och beim Lynn an den dräi Christianë sinn e puer Spiller gespillt ginn: Let's Go! To Japan , Kuhfstein , a Strike .
Beim Presi, Christian L., Myriam R., Simone, an engem fënnefte Spiller koumen Horrified: World of Monsters a Skizz It op den Dësch.
Mat enger Codenames ass den Owend ofgeschloss ginn.

16.10.2025

De John hat haut erëm Heat dobäi an ass mam Alain Bert., Christian L., an Eric gefuer.
Den Alain hat säi Paladins of the West Kingdom an huet mam Lynn, Presi, a Sebastiaan gespillt.
D'Sandra, de Marco, de Sebastian, d'Victoria, an d'Aline hu sech mat Duck & Cover , Flip 7 , an Just One ameséiert.
An den Davide, d'Rachel, an d'Christiane K. hunn Dog Park an Etherstone gespillt.

09.10.2025

Den Alain, den Davide, den Dennis, an d'Christiane S. waren haut de ganzen Owend mat Underwater Cities beschäftegt.
De Presi an de John hu sech am Die Burgen von Burgund duelléiert.
Beim Romy, Gerry, Steve, a Christiane K. koum Phraya op den Dësch.
D'Hanna, d'Sandra, de Sebastian, an d'Aline hu sech mat The Fox Experiment , Waddle beschäftegt, a beim Christian a Philippe L., Paul, Marc F., a Marguy war et Mind MGMT .
Zum Schluss gouf et nach eng Sandbag mam Presi, John, Christiane K., a Christian a Philippe L.

02.10.2025

Den Alain, den Eric, de Christian L., an de John sinn op Arrakis gaangen am Dune: Imperium . Herno koum dem John säi Bouf nach dobäi fir eng kleng Trio .
De Sebastiaan hat The Big Five dobäi an huet mam Christiane K., Aline, Gerry, a Steve gespillt. Mat Faraway a Luminos ass enchaînéiert ginn.
Beim Presi, Davide, an Dennis war den ganzen Owend Etherstone ugesot.
A beim Marco, Lol, Hanna, Sandra, Sebastian, a Caroline koume Celestia: Big Box , Moustache , Rebel Princess , a Courtisans op den Dësch.

26.09.2025

De Rapporteur war haut net präsent. Geloggt goufe Pirates de Maracaibo , Moustache , Keine Ehre unter Dieben , Abgestaubt! , a Frosthaven .

18.09.2025

Den Alain an de Presi hunn de ganzen Owend mat enger Vantage verbruecht. Och eis Frosthaven -Ekipp (Dennis, Rachel, Tom, Paul) huet de ganzen Owend un hirer Kampagne geschafft.
Beim Christiane K., Marco, Davide, an Aline ass et mat Let's Go! To Japan lass gaangen. Dono koum d'Lis dobäi fir eng Trio .
Beim Christian L., Alain Bert., John Simone, Eric, a Sebastiaan koumen noenee Mind MGMT , 6 Nimmt! , a Skull King op den Dësch. A beim Hanna, Caroline, Sebastian, a Sandra gouf et , a .

11.09.2025

Den Owend goufen d'Bistrospill-Kandidaten Abgestaubt! , Fischfutter , Keine Ehre unter Dieben , Flip 7 , a One Round? getest. Och Scout koum op den Dësch.
De Marco huet mam Lis mat Heckmeck am Bratwurmeck ugefaang an den Alain huet mam Dennis eng Everdell gespillt. Dono hunn déi véier zesummen eng Trans Europa an eng Pixies gemaach.

04.09.2025

Expeditions heescht dat zweet Spill dat den Alain bei Stonemaier Games bestallt hat, an hiet huet mam Marc S. a Marco gespilt.
Beim Sebastian, Dennis, Gerry, Lol ass Tower Up a Res Arcana op den Dësch komm, a bei de Christianen S., K., a Kr., dem Lis, an dem Alphonse waren et Trio , Sur les traces de Darwin , a Quando .
De Sebastiaan, d'Aline, d'Carole, an den Alain Bert. sinn a Mëttelamerika mat Tikal gaangen, an déi zwee éischtgenannt hunn dono am Sky Team e Fliger gelandt.
Zum Schluss huet den Alain dem Lol säi Grupp vergréissert fir déi zwee Bistrospill-Kandidaten Abgestaubt! a Fischfutter ze testen.
en