30.08.2024

De Presi a säi Brudder hunn haut mam Pierre, Luc, Frank, an Elisabeth Funkenschlag am Benelux (Funkenschlag: Zentraleuropa/Benelux ) gespillt, gefollegt vu Schnitzeljagd , Trio , 6 Nimmt! , an Just One .
Beim Davide, Carola, Carole S., a Marguy war et eng eeler Editioun vu Fury of Dracula (2nd Edition) .
Beim John, Gilles, Hanna, Christophe, an engem fënnefte Spiller waren et Foundations of Rome , Trio , a Courtisans , déi op den Dësch koumen.
A beim Alain, Chrëscht, Aline B., an Thomas ass Lumicora , Cover Your Assets , Five Tribes , a Cat in the Box: Deluxe Edition gespillt ginn.

22.08.2024

Eng Sechser-Partie Der Palast von Alhambra ass haut tëscht dem Alain, Frank, Elisabeth, Christiane K., Rachel an Tom G. ausgedroe ginn. Dono hunn déi sechs sech opgedeelt: den Alain huet mam Frank an Elisabeth mat Dice Forge an Harmonies ugeschloss an déi aner dräi mat Lost Ruins of Arnak .
De Presi, d'Lynn, d'Christiane S. an de Paul hunn hir Kampagne am Pandemic Legacy: Season 0 weider gefuer.
Beim Aline B., Gerry, Sebastiaan, an Davide waren haut Llamaland , Tic Tac Town , Pinguin-Party , Trio , a Push ugesot.
A finalement beim Christian L., Marguy, John, Carole S., a Carola goung et ëm Mind MGMT .

15.08.2024

Déi zwee Alainen, de Paul, an d'Christiane K. hunn haut mat Scythe ugefaang an hu mat Keltis: Der Weg der Steine abgesackt.
Beim Gerry, den zwee Sebastia(a)nen, an dem Dennis koum déi nei Editioun vun El Grande zum Asaz, an dono Tic Tac Town .
A bei den Theisen Bros, dem Christiane S., an dem Carola gouf et Antike II , an Odin (ouni Fest).

08.08.2024

Vun de Moler zu de Weltraumschmuggler: den Alain, de Sebastiaan, d'Rachel an den Tom G. hunn haut Fresko mat der Fresko: Die Glasermeister -Erweiterung a Scorpius Freighter gezockt.
De Gerry hat Monasterium an dono 12 Chip Trick dobäi an huet mam Christiane S., Sebastian, a John gespillt.
A beim Myriam R., Christiane K., Aline B., Thomas, an Dennis war haut liichte Kascht ugesot mat Las Vegas Royale a Push .

01.08.2024

Den Alain huet haut den Tom G., Ben a Christian L. mat op Orléans geholl, während den Tom M., d'Tanja, an d'Rachel G. mat Legends a Caldera Park ugefaang hunn.
D'Christianen S. a Kr. hu mam Lex an engem anere Spiller eng Wingspan ugefaang, déi awer no der halwer Partie ofgebrach ginn ass. Dunn ass mat Strike enchaînéiert ginn.
De Gerry hat och erëm Spiller matbruecht. Zesumme mam Hanna, Sandra A., an dem Sebastian koum hei Mille Fiori , Looot , a Piña Coladice op den Dësch.
Den Alain, Tom, Rachel, Ben a Christian L. hunn den Owend mat King of New York ofgeschloss.

26.07.2024

D'Lynn konnt haut nees ee Spill vu sengem T-Shirt sträichen: mam Alain, Carola, a Paul huet hatt Lost Ruins of Arnak gespillt.
De Christian L., d'Christiane K., de Sebastian, d'Hanna, den Alain Bert., d'Simone, an de John hunn an Iwwerbesetzung Funkenschlag op der Benelux-Kaart (Funkenschlag: Zentraleuropa/Benelux ) gespillt.
Den Dennis, den Davide, den Tom an d'Rachel G. hunn den Owend mat Nukleum verbruecht.
Méi spéit sinn de Christian, d'Christiane, de Sebastian, d'Hanna, an d'Simone ann de Weltraum gaang mat MLEM: Space Agency , an d'Lynn, de John, déi zwee Alainen, d'Carola, de Paul an de Jeff hun den Owend mat Just One ausklénge looss.

18.07.2024

Während de Gerry, d'Hanna, an den Davide sech duerch eng Encyclopedia gekämpft hunn, hunn den Alain an den Dennis un de Russian Railroads gebaut an e Wettlauf nach El Dorado ausgedroen.
Beim Presi, dem Lara, an enger weiderer Spillerin waren Azul: Die Buntglasfenster von Sintra , Next Station: London , a The Mind um Programm.
De Lol hat erëm Foundations of Rome dobäi an huet mam Sandra A., Carola, Rachel S., a Myriam R. gespillt. Mat Windjammern ass et hei weider gaangen.
An de Ben a Christian L. hu mam John a Paul den Owend mat Anno 1800 verbruecht.

11.07.2024

Beim Pandemic Legacy: Season 0 ass et mat der üblecher Ekipp weider gaangen. Op der anerer Säit ass dee ganzen Owend Anno 1800 gespillt ginn, dat mam Alain, Carole S., Jeff, a Christian L.
D'Christiane K. huet mam Aline B. an Thomas Istanbul gezockt.
De Gerry hat Middle Ages matbruecht an huet mam Sandra A., Simone an Hanna gespillt. Hei ass et mat Die Wandelnden Türme a Baron von Zom's Dice Of The Undead weider gaang.
An d'Rachel an den Tom G. hu Lost Ruins of Arnak an Discoveries gespillt, déi si scho kannt hunn.

04.07.2024

Beim Hanna, Sandra A., an den zwee Sebastia(a)nen ass et mat Rajas of the Ganges lass gaangen, an dono hu si mat Rebel Princess enchaînéiert.
Den Alain huet Die Tore der Welt aus der Versenkung gehuewen, zesumme mam Irad, Rachel, a Jeff. Hei ass et mat The Vale of Eternity weider gaangen.
A beim Presi, Dennis, an den zwee Christianen S. a K. Ass et mat Tang Garden an d'Botanik gaangen.
en