29.12.2023
Fir de leschten Owend vum Joer ass et nach eng Kéier richteg flott ginn. De Chrëscht hat zwee Spiller matbruecht a mat him, dem Presi, an dem Christian a Ben L. ass Res Arcana
, Stich für Stich
, a Pirate Tales
gespillt ginn.
Beim Alain, John, Paul, Christiane S. war Lost Ruins of Arnak ugesot, mat den zwou Erweiderungen Lost Ruins of Arnak: Expedition Leaders , a Lost Ruins of Arnak: The Missing Expedition . Du koum Noch mal! Deluxe un d'Rei, deen zwar e flotte Wierfeltuerm huet, deen awer esou vill Kaméidi mécht, dass op séng Benotzung verzicht hunn.
Nom John sengem Départ huet dese Grupp mat Age of Wonders: Planetfall a CuBirds ofgeschloss.
Beim Lex, Lynn, Michelle, Thomas, an Aline B. waren Die Quacksalber von Quedlinburg an Doodle City um Programm. Nom Michelle sengem Départ koum Chakra un d'Rei.
Dunn ass d'Lynn bei dem Presi säi Grupp gestouss fir d'Absackeren That's Not a Hat , Lovecraft Letter , a So Kleever! .

21.12.2023
No laanger Zäit koum de Pierre mol erëm an d'Fabrik. Hien huet sech mam Alain Bert., Sebastian, a Sandra A. un de Minecraft: Builders & Biomes
an wou Partien Azul
gesat.
Beim Alain, Jenny, Lynn, a Christiane S. war Orléans op den Dësch komm. Nom Jenny sengem Départ war nach eng schnell Partie Welcome um Programm.

14.12.2023
Haut goufen et zwou "abendfüllend" Partien déi bis ca. halwer zwielef gedauert hunn. Engersäits eng 5-er Partie Terraforming Mars
mam Christian L. a senge Bouwen, dem Aline, an dem Alain Bert. Op der anerer Säit waren den Dennis A., d'Christiane S., an den Enrico mat Great Western Trail: Argentinien
beschäftegt.
De Presi huet d'Jenny als neie Member empfaang an zesumme mam Sebastian an Aline B. Azul , Azul: Die Buntglasfenster von Sintra , Cacao , an Trio gespillt.
A beim Alain, John, Lex, a Carole S. waren Die Weiße Burg , Kingdom Builder , an HexRoller ugesot.

07.12.2023
Erëm ass haut mat Stroum gehandelt ginn: de Presi, den Alain Bert., an de Christian L. mat sengen zwee Bouwen hu Funkenschlag
um Indien-Plang gespillt (Funkenschlag: Australien/Indischer Subkontinent
). Eng Partie mat engem memorable Schlussresultat, well et hei en ex aequo gouf. Mat Skull King
ass ofgeschloss ginn.
Iwwerdeems waren den Alain, Dennis A., Guy P., a John mat Maracaibo beschäftegt.

30.11.2023
Beim John, Christian L., a Paul ass et haut em Coursë gaangen: Heat
a Flamme Rouge
waren hei um Dësch. Dono ass mat der neier Love Letter (2019)
-Editioun ofgeschloss ginn.
Bei den zwee Alainen, dem Presi, dem Philippe L., dem Aline, an dem Carole S. war e ganzen Owend Funkenschlag ugesot. Dës Kéier um Plang vum Mëttleren Osten (Funkenschlag: Mittlerer Osten/Südafrika ).

16.11.2023
Den Alain, den Enrico, den Tom, an d'Tanja hu fir d'éischt deen neien Emerge
getest an hunn du mat der Koppel hirem Stella: Dixit Universe
enchaînéiert.
De Presi an de Lol hu mat zwee weidere Spiller HeroQuest probéiert.
Beim Guy P., Lynn, an Aline B. war Tang Garden um Programm. A beim Gerry, Christian L., an Alain Bert. waren et Photosynthese a Für eine Handvoll Meeple .

02.11.2023
Haut ass erëm fir de Game On trainéiert ginn: Déi zwee Alainen, and d'Carole S. hu sech mat den zwee Volontairë Pascal a Marina zesumme gesat fir Farm Club
, Double Donkey
, Claro
, Trio
, a Get It!
ze léieren. Mat Las Vegas
ass hei den Owend ofgeschloss ginn.
Beim Presi, John, a Sandra A. waren e puer Partië My Island ugesot. Dono ass d'Sandra gefuer, an de Presi an de John hu sech u Mindbug: Der erste Kontakt a Cartaventura Odyssée: Le Secret des Pharaons gewot. Mat Schach ass et hei klassesch op en Enn gaang.