29.04.2022
Beim Alain, Rol, a Guy R. stoung haut just ee Spill um Programm, dat bal de ganzen Owend ausgefëllt huet: Underwater Cities
.
Niewendrun hunn de Brudder Guy an den Axel sech am Hula-Hoo! duelléiert, während de Presi mam Mela, Michelle, a Christian L. eng Kingdom Builder gemaach huet. Dono hunn déi 6 Persounen sech zesumme gedoe fir am Funkenschlag Südafrika (Funkenschlag: Mittlerer Osten/Südafrika ) mat Stroum ze versuergen. Zum Schluss ass do am groussse Krees Hula-Hoo! gespillt ginn.
Beim Gerry, Christiane S., a Nancy koumen Yspahan , Calico , a Sushi Go! op den Dësch. Dono koum den Alain derbäi fir nach eng Savannah Park an eng Ganz schön clever .

21.04.2022
Et ass alt nees Stroum gemeet ginn: de Presi, den Enrico, de John, an de Christian L hunn am Funkenschlag
Japan (Funkenschlag: Russland/Japan
) alimentéiert. Dono ass et mat Kingdom Builder
viru gaangen.
Den Alain, de Rol, an de Lol hu mam Alain séngem Die Glasstraße ugefaang, an hunn da mam Lol sengem Cascadia enchaînéiert. Mat Gold! als Absacker ass den Owend ofgeschloss ginn.
De Gerry, de Paul, d'Nancy, an d'Christiane S. hunn dem Gerry säin The One Hundred Torii , dem Paul säi Cascadia , an der Fabrik hire Qwixx gespillt.

14.04.2022
Den Owend krute mer dräi Gruppen zesummen. De Gerry hat Meadow
matbruecht an huet mam Nancy, John, a Christiane S. gespillt. Beim Sandra, Tanja, Christiane K., an Dennis A. stoung Tzolk'in: Le calendrier Maya
um Programm, an den Alain, Guy R., Rol, a Marc S. hunn Die Rote Kathedrale
an am Uschloss eng Yay!
gezockt.
Um spéiden Owend gouf et nach eng Just One mat negem Mix vu Leit aus de verschiddene Gruppen.

07.04.2022
De Gerry hat haut eng ganz Rei Spiller derbäi, déi hien der Rei no mam Nancy, Lynn, a Christiane K. gespillt huet: dat eedelt Renature
, da Battle Sheep
, Spicy
, an dat chaotescht Taco Katze Ziege Käse Pizza
.
Niewendrun hunn de Brudder Guy an de John sech am Star Realms a Ballon Cup duelléiert. Dono hunn déi zwou Gruppe sech zesumme gedoe fir eng Smart 10 .
An op deem drëtten Dësch souzen den Alain, de Rol, de Marc S. an d'Christiane S. fir eng Lost Ruins of Arnak mat Lost Ruins of Arnak: Expedition Leaders .

31.03.2022
Den Alain huet fir den Owend Anno 1800
proposéiert, an um Enn vum Spill hat den Dennis A. hien, den Enrico, an d'Christiane K. zimlech eendeiteg besiigt.
De Gerry huet säi Formosa Tee matbruecht. Hien huet mam Nancy a mam Christiane S. gespillt. Dono hu se sech am MicroMacro: Crime City op d'Sich no Gangstere gemaach.

25.03.2022
Fir d'AG an déi uschléissend Fräi Nuecht huet de Rapporteur krankheetshalwer gefeelt, dofir gëtt et haut e reduzéierte Bericht.
Lost Ruins of Arnak ass vun den zwee Dennisen, dem Lol, an nach engem Spiller gespillt ginn, ouni Erweiderung. Och Corrosion a Bad Company koumen op den Dësch. De Gerry huet mat senge Matspiller op mannst Bumúntú a Jurassic Snack gespillt, woubäi e vu leschterem net sou iwwerzeegt war.
An de Marc S. an de Rol hunn an hirem Grupp Terraforming Mars (wahrscheinlech mat Terraforming Mars: Präludium ) gespillt.

17.03.2022
De Christian L. hat erëm säi Project L
matbruecht. Den Alain, de John, an d'Christiane S. ware seng Géigner. Dono huet den Alain seng komplett Mystic Vale
-Sammlung op den Dësch gesat.
Beim Gerry, Paul, Nancy, a Christiane K. koumen haut 3 Spiller un d'Rei: Le roi des 12 , Trails , a Salade 2 Points .
An de Presi huet mam Rol a mam Marc S., déi no laanger Zäit mol erëm era komm sinn, Terraforming Mars mat Terraforming Mars: Präludium gespillt.

10.03.2022
Haut gouf et klassesch beim Christian L., deen dem Presi, dem Sophie, an dem John Tarot
erklärt huet. Si waren dunn och dee ganzen Owend domat am gaangen.
Niewendrun hat den Alain säin Die Speicherstadt mat Kaispeicher matbruecht. D'Christiane K., d'Sandra, an de Paul hu matgespillt. Hei ass den Owend mat Explorers ofgeschloss ginn.

03.03.2022
Haut koumen eng Rei Spiller op den Dësch, déi scho rezent eng Kéier gespillt goufen. Esou gouf et zum Beispill eng Re-editioun vun der Terraforming Mars
-Partie (inklusiv Terraforming Mars: Präludium
) vun e Freideg, dës Kéier awer mam Christian L., deen dem Lynn seng Plaz iwwerholl huet.
Och de Cascadia koum erëm op den Dësch beim Paul, Nancy, a Christiane K. Si hunn dono mat If Wishes Were Fishes! weider gefuer.
Um drëtten Dësch ass Funkenschlag um Funkenschlag: Brasilien/Spanien & Portugal -Plang gespillt ginn. Hei war et eng knapp Victoire vum Tanja virum Alain, Jonathan, an Tom.
Dono ass den Alain nach bei de Paul, d'Nancy, an d'Christiane eriwwer gaang an huet säi Marvel United erëm ausgepaakt, dës Kéier mat der Erweiterung Marvel United: Der Aufstieg des Black Panther . An no kuerzer Zäit haten de Black Panther, d'Black Widow, de Captain America an den Hulk de Killmonger platt gemaach.