23.12.2021

16.12.2021

Mol rëm méi Leit den Owend do, a mir kruten dräi Gruppen zesummen.
D'Melanie an de Germain koumen haut fir d'éischt, an den Alain an d'Christiane S. hu si an den Orbis , Azul , a Las Vegas agefouert.
De John hat haut zwee Spiller dobäi fir mam Michelle, Dennis A., a Christian L. ze spillen: Albedo a Magellan Elcano .
De Gerry hat och erëm e puer Saachen derbäi: Balade à Burano , Mot Malin , an Happy City . D'Nancy an de Paul ware seng Kontrahenten.

09.12.2021

Erëm sechs Leit, erëm zwou Gruppen. Dës Kéier awer zu dräi an dräi. Während de Gerry mam Nancy a Christiane S. de ganzen Owend säin Tyrants of the Underdark gespillt huet, ware beim Alain, Paul, a Christian L. den Imperial Settlers: Empires of the North an Explorers um Programm, an, nom Christian sengem Départ, eng 7 Wonders: Duel .

02.12.2021

Och haut ware mer rëm zu sechs, mee dës Kéier hu mer eis opgedeelt. De Presi an d'Nancy hu sech fir d'éischt am Azul duelléiert, an hunn dono am The Mind a The Game zesumme geschafft.
Niewendrun ass eng weider nei Uschafung vum Club gespillt ginn: Parks . D'Spiller hei waren den Alain, de John, de Paul an d'Christiane S. Dono ass mam John sengem Magellan Elcano ugeschloss ginn.

26.11.2021

Haut krute mer just een Dësch mat sechs Persounen zesummen. De Presi, den Alain, de John, d'Nancy, d'Lynn, an d'Christiane S. hu mat den zwou nei-Acquisitioune vum Club Bad Company a Riverside ugefaangen, an hunn dono mat Trans Europa an Just One weider gefuer.

18.11.2021

Den Dennis A. hat haut erëm säi Wasserkraft derbäi, an huet dës Kéier mam Presi, John, a Christian L. gespillt.
De Gerry, d'Nancy, de Paul, an d'Christiane K. hu mam Gerry sengem Babylonia ugefaang, an hu mat Lucky Loop weider gefuer.
A beim Alain, Enrico, Boris, a Lex waren direkt 4 Spiller gespillt ginn: 2 Partië Marvel United , eng Dice Forge , eng The Mind (déi relativ séier an de Ginz gaangen ass) an als Absacker eng Keltis: Der Weg der Steine .
An d'Sophie war erëm mat engem Puzzle beschäftegt.

11.11.2021

Haut ware mer nawell gutt besicht. De Presi an de Lol hu mat Chakra ugefaang, an um Dësch niewendru souzen d'Christiane K., d'Nancy, de Gerry, an d'Monique bei L'Île des Chats a The Game . Dono hu si sech zesumme gesat fir eng Adel Verpflichtet an eng Machi Koro .
Den Alain, den Dennis A., an de Christian L. hunn entretemps mam John säin Anno 1800 gespillt.
An op engem weideren Dësch souzen de Boris, de Paul, an d'Christiane S. Hei ware Scythe , Azul , an Hanabi um Programm.

04.11.2021

Am zweete Sall gouf et haut direkt zwou X-Wing-Partien: Den Andy, d'Peggy, an den Yves S. hunn déi Star Wars: X-Wing Miniatures Game , an de John, de Ben, an de Christian L. déi Star Wars: X-Wing (Second Edition) gespillt.
Am éischte Sall gouf et zwou Gruppe vu 5. Den Alain, de Guy R., d'Sandra, d'Christiane S., an d'Lynn hu Villercher am Wingspan gesammelt. Nom Sandra sengem Départ gouf et als Absacker nach Diceland .
De Gerry, d'Nancy, de Paul, d'Christiane K., an d'Monique hu mam Gerry sengen L'expédition perdue a Canvas ugefaang. D'Monique ass du gefuer, an et ass mat Kill Doktor Lucky weider gefuer ginn, dat awer wéint Mangel u Spillspaass ofgebrach gouf. Als Absacker huet de Gerry säi Völuspá ausgepaakt.
en