25.06.2021

Den Owend gouf et mol rëm eng Kéier eng fräi Nuecht déi hiren Numm och verdéngt hat. Eréischt géint halwer eng hu mer eis op de Wee fir heem gemaach.
Déi ganz Zäit ass beim Dennis A., John, Nancy, a Guy P. fir eng epesch Partie Great Western Trail drop gaangen.
Déi selwecht Zäit goufe beim Presi, Alain, Christiane S., a Guy R. véier Spiller gespillt. Ugefaang mat engem Viva-Vakanz-Training am Little Town a Port Royal , ass et herno weider gaang mat Funkenschlag op der Mittlerer-Osten-Kaart (Funkenschlag: Mittlerer Osten/Südafrika ). Heibäi hat um Enn jidderee 17 Stied alimentéiert, an et ass alleng duerch d'Geld entscheed ginn. Zum Ofschloss gouf et eng Partie Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit .

17.06.2021

Den Owend ass fir de Viva-Vakanz trainéiert ginn. En plus hu mer haut fir d'éischt zanter laangem erëm Dëscher op de Parking gestallt.
Beim Presi, Alain, Guy P., a Christiane S. koume Broom Service , Cat Lady , a Fertility . Während de Guy am Broom Service wäit ofgeschloe war, huet en sech an den zwee anere Spiller rattrapéiert.
Beim John, Claudine, Nancy, an Dennis A. koum dat neit Spill Little Town op den Dësch. Dono ass et hei mat Azul an Strike weider gaang.
Zum Schluss huet d'Nancy nach mam Dennis eng The Mind gespillt.

10.06.2021

Den Alain hat den Owend seng Small World -Sammlung matbruecht, an hien huet mam Michelle, John, an Dennis A. gespillt. Hei gouf als zweet Spill de Mein Traumhaus gespillt.
Op deem zweeten Dësch souzen d'Christiane S., de Presi, an de Guy P. Si hu sech mam Christiane sengem Legacy beschäftegt.
Als Ofschloss huet jiddereen sech zesumme gesat fir eng 6 Nimmt! .

03.06.2021

28.05.2021

Elo wou d'Ausgangsspär op Hallefnuecht geréckelt ginn ass, an och d'Restriktioune méi labber gi sinn, kommen och rëm méi Leit an d'Fabrik. Haut hate mer am ganze 16 Spiller, mat dräi neie Visiteuren inclus.
Beim Presi, Alain, Michelle, John, a Claudine war fir d'éischt Zug um Zug: Europa um Plang; dono ass mat Kribbeln enchaînéiert ginn. Niewendrun hunn d'Tanja, d'Sandra, den Tom, an d'Christiane S. mat Orbis ugefaang. No deem Spill sinn den Tom an d'Tanja heem gefuer, mee de Mike an d'Angelina sinn dee Moment an d'Fabrik schnuppere komm. Si hunn du mam Christiane a Sandra Azul a Las Vegas gespillt (an anscheinend am Azul e Rekordpunktwäert hugeluegt).
Am zweete Sall war den Yves S. erëm "Dungeon Master" an engem Fate -Rollespill, mam Ben a Christian L., Andy L., a Peggy K.
Den Alain, d'Christiane, an de Presi hunn däerweil mat Gizmos den Owend ofgeschloss.

20.05.2021

13.05.2021

Den Owend koum den Dennis A. op Besuch, well e viru kuerzem an d'Géigend geplënnert ass. Den Alain hat säin Dice Town matbruecht an huet zesumme mam Sandra, Guy P., a Rol den Dennis wëllkomm geheescht.
Mat Der Kartograph ass du weider gefuer ginn, ier den Owend mat Bluff ofgeschloss ginn ass.

06.05.2021

en