26.02.2021
De John hat haut eng Spezial-Editioun vu Scotland Yard matbruecht: Scotland Yard: Venice
. De Presi, den Alain, D'Michelle, d'Christiane S., an d'Nancy hunn en och direkt iwwerried fir de Mr. X ze spillen. Effektiv konnte si och no eppes méi wéi der Halschent vum Spill de Mr. X emzéngelen.
Dono ass et mat enger Partie Trails of Tucana weider gaangen, an dono Why First? .
Bei Las Vegas ass et finalement just fir eng hallef Partie duergaangen.

18.02.2021
Haut koume mer souguer nëmmen op dräi Leit. Den Alain, de John an d'Christiane S. hu sech am Heaven & Ale
probéiert, a louchen herno an de Punkten allen dräi bal gläich.
Dono hunn den Alain an d'Christiane de Blitz und Donner getest, mee wéint der Ausgangsspär konnt d'Partie net fäerdeg gespillt ginn.

11.02.2021
Ugefaange ginn ass den Owend mat Bluff
, an dono si mer op Era: Das Mittelalter
iwwer gaangen. De John, den Alain, d'Michelle, an d'Christiane S. waren dobäi. De Presi ass méi spéit era komm, an huet flichtbewosst de Frigo gefëllt.
04.02.2021
Den Owend ware mer zu 6, dofir hu mer op dem Nancy seng Demande hi Codenames
gespillt, zesumme mam Alain, Presi, Christiane S., John, a Michelle. Nodeems jiddereen zwee mol "Cluegiver" war, war et och schonn neess Zäit fir heem ze goen.
29.01.2021
Well elo rezent eng Jubiläumseditioun vum Zug um Zug: Europa annoncéiert gouf, hat den Alain proposéiert fir eppes vun däer Serie ze spillen. De Presi huet dee mol fir d'éischt rëm missen heem siche goen...
Finalement ass de Choix op Zug um Zug: Märklin gefall. D'Christiane S., d'Michelle, an d'Nancy hu matgespillt. Um Enn hat d'Michelle d'Nues fir, mat nëmmen zwou erfëllte Strecken, awer dofir ville laanger Segmenter.
Eng Love Letter Big Box ass ugefaange ginn, mee no zwee Duerchgäng hu mer missen d'Partie wéinst der Ausgangsspär ofbriechen.

21.01.2021
D'Mesurë géint de Coronavirus sinn erëm e bësse gelabbert ginn. Dofir konnte mer eis elo rëm am klenge Krees gesinn, mat Maskeflicht.
Haut waren de John, d'Christiane S., d'Nancy, an den Alain präsent. Ugefaang hu mer mat enger Partie Legends . Dono ass de John heem gefuer, mee de Presi war mëttlerweil era komm. Dofir ass du mat enger Die Quacksalber von Quedlinburg (mat Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen ) weider gefuer ginn. D'Partie ass esou just vum Christiane virum Marc gewonn ginn. Dunn huet awer misse séier agepaakt ginn fir dass d'Leit pünktlech fir d'Ausgangsspär doheem waren.