28.06.2019

Haut koumen de Joé an de Philippe op Besuch, a si hunn zesumme mam Alain, dem Gerry, an dem Christiane S. gespillt. Hei koumen noeneen Stone Age , Adel Verpflichtet , Bloom , a Qwixx un d'Rei.
Niewendru souzen de John, de Marc s., d'Mela, an de Rol. Hei ass fir d'éischt am Funkenschlag Däitschland mat Stroum versuergt ginn, an dono ass mat Strike a Wild Shots "abgesackt" ginn.
Beim Tom, Tanja, a Sandra ass fir den Tournoi trainéiert ginn, mat Fertility a Corinth .

20.06.2019

Haut krute mer zwou 5er-Gruppen zesummen.
Deen éischten huet mam Gerry sengem Ethnos ugefaangen; hei waren nach de Riccardo, de Paul, de Guy P., an d'Christiane S. derbäi. Dono hu si mat Celestia a Bluff weider gefuer.
Niewendru souzen den Alain, de Presi, de Rol, de Lex an de Lol beim City Tycoon . No dësem Spill war grouss Aufbruchstimmung, sou dass den Alain an de Lex alleng nach just e puer schnell Strike gemaach hunn.

15.06.2019 – Chill, Grill & Spill

Et hat haut wierklech net gutt ausgesi fir eise Grilldag, well et ware Wiedere gemellt, a moies huet et plazeweis nach gereent. De Buedem war naass, sou dass mer och méi spéit opgeriicht haten. Gutt dass de Guy R. an de Marc S. eis Plaz verdeedegt hunn.
Gott sei dank huet d'Wieder awer matgespillt a mir sinn dréchen duerch den Daag komm. Mir haten e puer manner Participante wéi soss, mee dat huet der Stëmmung net geschued.
Spillméisseg war verschiddenes um Programm: Den Dennis hat Orléans an Isle of Skye mat allerlee Erweiderunge mat bruecht. Fir den Tournoi ass mat Wettlauf nach El Dorado , Corinth , CuBirds , a Fertility trainéiert ginn. Et gouf och eng länger Partie Russian Railroads , eng flott 7 Wonders , an e puer Fillere wéi Strike , Lovecraft Letter , a Celestia .
Géint 19:00 hu mer no engem gelongenen Dag agepaakt fir enger Rei Jonker Plaz ze maachen déi do zelte wollten.
Mir soe jidderengem Merci dee gehollef huet.

13.06.2019

De Rol hat fir eisen Terraforming Mars mat sengem 3D-Printer super Spillbrieder gemaaach, sou datt déi dann och direkt getest goufen. De Verdikt vum Presi, Alain, Lol, a Guy R.: 1A-Material! Villmols merci!
Niewendrun ass et beim Riccardo, Gerry, Paul, an Tanja uechter d'Weltgeschicht gaangen: fir d'éischt e Wettlauf nach El Dorado , an dann an den Orient mat Century: Merveilles Orientales .
De Brudder Guy huet sech mam Christiane K. am Dominion a Ballon Cup duelléiert.

06.06.2019

De Presi, de Guy P., an d'Christiane K. hunn e Spill ausgegruewen dat scho laang net méi am Asaz war: Pantheon . Den Dennis, de Chrëscht, an d'Merle hunn Adventure Games: Die Monochrome AG gespillt.
Beim Riccardo, Sandra, Paul, an Tanja waren Die Quacksalber von Quedlinburg a Reef gespillt ginn.
An den Alain, de Guy R., de Rol, an de Brudder Guy hunn zwou Partien Heroes of Terrinoth gespillt, awer vläicht net 100%eg korrekt; vläicht war et och dowéinst esou einfach...

31.05.2019

Op dëser fräier Nuecht ware wierklech net vill Leit do; wahrscheinlech well et e Bréckendag bei guddem Wieder war. Nieft eiser Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Ekipp, déi dës Kéier aus dem John, dem Marc F., dem Ben a Christian L. bestanen huet, waren am éischte Sall den Alain, de Gerry, de Frédéric, d'Mela, an de Rol mam DownForce a Jórvík beschäftegt. Nom Gerry séngem Départ ass den Owend hei mat enger spannender Pandemic: The Cure ausgaangen.

23.05.2019

Den Alain hat haut déi 3. Editioun vum Arkham Horror (3rd Edition) matbruecht, mee d'Partie tëscht himm, dem Riccardo, dem Rol, an dem Marc S. war net vun Erfolleg gekréint.
De Gerry hat Gobi a Pyramids matbruecht an huet mam Michelle an Andy gespillt. Mat CuBirds hu si den Owend ofgeschloss.
De Presi huet alt nees Rajas of the Ganges gespillt, dës Kéier waren de Lex an den Jacob seng Konkurrenten.
Mat enger Star Realms tëscht Presi a Lex ass den Owend op en Enn gaangen.

16.05.2019

Och haut krute mer just zwee Dëscher besat: Op deem éischte souzen de Gerry, de John, de Riccardo, an d'Michelle beim Splendor , an dono, zesumme mam Guy P., beim Glen More .
Um zweeten Dësch ass Roll Player mat Roll Player: Monsters & Minions gespillt ginn tëscht dem Alain, Guy R., Rol, a Marc S.
Dono gouf et nach eng Ascension: Sturm der Seelen mam Alain, Guy R., an dem Presi deen owes nach era komm ass.

09.05.2019

Um Feierdag sinn net vill Leit komm, a mir krute just zwee Dëscher, mol net voll.
Den Alain, Gerry, a Riccardo hunn noeneen Portobello Market , Evolution: Der Einstieg , a Ganz schön clever gespillt. Niewendru souzen de Presi, d'Michelle, an de Guy P. bei Rajas of the Ganges .
Als Ofschloss ass King of New York gespillt gi mam Alain, Gerry, an dem Marc.

02.05.2019

Den Alain, de Marc S., de Rol, an de Guy R. hunn den Owend erëm de Mars koloniséiert. Am Terraforming Mars mat der Terraforming Mars: Präludium -Expansioun ass et ganz knapp zu Gonschte vum Alain ausgaangen.
De Presi huet säi Chrëschtcadeau matbruecht: Rajas of the Ganges . Hien huet mam Chrëscht, Gerry, a Michelle gespillt, an do ass et mat Subtext weider gaangen.
De Riccardo, de Lex, an d'Christiane K. hu sech um Thurn und Taxis probéiert, an herno mat San Juan enchaînéiert.
en