26.4.2019 — Pegasus-Spieleclubtage
Bei dëse Pegasus-Spieleclubtage krute mer 5 Spiller vum Verlag Pegasus geschéckt, a mir soe wéi ëmmer villmols merci!
Do war fir d'éischt Micropolis , an deem een eng Seechomëss-Koloni an engem Rondel opbaut, a kuckt fir déi beschte Punktenzuel ze kréien. D'Spill ass flott well et relativ kuerz an einfach ass, ouni awer ze simpel ze sinn, an et geet bis zu 6.
HexRoller ass ee sougenannt "Roll-and-Write"-Spill: d'Wierfele gi geworf an dann dréit een Zuelen an en hexagonalt Muster op engem Blat an. Et ass net einfach fir do déi meeschte Punkten ze kréien.
Bei Brains Family: Burgen & Drachen geet et dorëms fir am séiersten deng Plättercher sou op däi Plang ze leeën datt alles unenee passt an d'Draache kënne besiigt ginn.
Deadline liest sech wéi eent vun deene Rätsel-/Detektiv-Spiller, et geet awer éischter em d'Sammele vu Sets vu Symboler.
A Subtext ass staark inspiréiert vun Dixit a Pictionary. Bei dësem Party-Spill muss ee Begrëffer zeechnen, déi da vun de Matspiller sollen errode ginn.
Mee et goufen awer och nach aner Saachen aus dem Pegasus-Sortiment gespillt: den Alain hat säi Mystic Vale mat der Mystic Vale: Das Tal der Magie & Das Tal der Wildnis -Erweiterung matbruecht. Och de Port Royal an d'Love Letter Big Box koumen op den Dësch.
No Hallefnuecht hu mer dunn d'Pegasus-Regel e bësse gelabbert: den Alain, de Presi, d'Mela, de Frédéric, an de Guy R. hu mat Celestia an Tales & Games: The Hare & the Tortoise den Owend ofgeschloss.

18.04.2019
Den Alain, de Riccardo, de Rol, an de Guy R. sinn an de Wëlle Weste mat Lewis & Clark
gaangen. No dëser méi laanger Partie ass et mam Alain sengem Welcome
weider gaangen.
De Gerry hat Natives matbruecht a mam Chrëscht, Christiane K., an dem Presi gespillt. Si sinn dono op de Love Letter Big Box (deen ale Love Letter hu mer entsuergt) ëmgestigen an d'Merle an de John mat bäi geholl.

11.04.2019
Trains
läi schons eng Zäitchen am Club, an den Alain, de Marc S., de Rol, an de Guy R. hu sech sénger ugeholl. No dëser Partie sinn de Rol an de Marc heem gefuer, an de John ass derbäi komm fir eng Ganz schön clever
, dat den Alain matbruecht hat.
De Riccardo hat Heaven & Ale derbäi an d'Partie tëscht himm, dem Michelle, dem Andy, an dem Guy P. huet dee ganzen Owend gedauert.
De Gerry an d'Christianen S. a K. hunn noeneen Imhotep , Istanbul , an e Prototyp vum Gerry gespillt.
An de Marc F., Ben, Philippe, a Christian L. haten erëm eng Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Schluecht.

04.04.2019
Den Owend ass den Daniel op Besuch komm fir säi Prototyp virzestellen. Den Dennis, d'Sandra, an de Gerry hu matgespillt an dozou hire Feedback ginn. Hei ass et mat Strike
weider gaang.
De Riccardo, de Guy P., an d'Christiane K. hu sech um leschte Stefan Feld-Spill Carpe Diem probéiert.
Den Alain, de Rol, de Chrëscht, an de Guy R. hunn am Die Quacksalber von Quedlinburg hir Kesselen explodéiere looss. De Guy P. an d'Christiane K. koumen herno derbäi fir eng Heckmeck am Bratwurmeck .
Et gouf och erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game mam Marc F., a Ben a Christian L., an d'Christiane S. war mat puzzlë beschäftegt.

29.03.2019
Den Alain hat Roll for the Galaxy
a senger Tut, an de Marc S., de Presi, de Rol, an de Guy R. hu mat gespillt. No dëser Partie sinn déi meescht heem gefuer, sou dass den Alain an de Presi dat 2-Spiller-Spill vun der Capitaine-Meeple-Croisière Bienvenue à bord
teste konnten.
D'Mela, de Lex, de Pierre, an d'Sandra hunn noeneen Istanbul , Meltdown 2020 , an Strike gespillt.
De Marc F. an de Ben a Christian L. haten erëm hire Star Wars: X-Wing Miniatures Game gespillt.
Méi spéit owes koum et nach zu enger Dixit mam Presi, dem Alain, dem Mela, dem Pierre, an dem Lex.

14.03.2019
Op engem bal exklusive Kommiteesdësch (Alain, Chrëscht, Presi, a Guy P.) goufen haut Notre Dame: 10th Anniversary
a Paper Tales
gespillt, woubäi dat zweet e bëssen e komescht Spillgefill hat.
Dice City huet d'Christiane S., den Tom, an d'Tanja den Owend beschäftegt.
Allerlee Dominion an dono Azul gouf et beim Guy R., Dennis, Michelle, an Andy.
De Rol an de Marc S. hu sech am 7 Wonders: Duel an am Heckmeck am Bratwurmeck duelléiert.
De Lol, de Philippe, de Bob, an nach ee Spiller hu sech am Kitchen Rush gehetzt. Dono si si dem Dominion-Grupp bäigetruede fir Der Widerstand .