28.12.2018

D'Dany an de Jerry waren haut erëm do, a si hu mam Charlie an zwee anere Spiller eng ganz Rëtsch Saachen duerchgespillt. Fir d'éischt de Maka Bana , dee si vum Presi erklärt kruten, dono UNO , The Mind , Durch die Wüste , an zum Schluss Der Palast von Alhambra .
Den Alain, de Rol, de Guy R., an de Claude S. hu sech um neien AuZtralia probéiert. Nom Claude séngem Départ ass et hei mam Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit weider gaangen.
D'Christiane S. hat säi Le siècle d'or derbäi, an de Riccardo, d'Michelle, an d'Sandra ware bei himm am Grupp. Hei ass et mam Riccardo séngem Dynasties viru gaangen.
An de John, Marc F, Ben a Christian L. hu sech erëm am Star Wars: X-Wing Miniatures Game beschoss.

20.12.2018

Den Dennis hat haut Century: Edition Golem derbäi, an hien huet dat mam Ricardo, dem Chrëscht, an dem John probéiert. Dono ass et mat Azul weider gaangen.
Niewendru koum erëm Sanssouci op den Dësch, mam Alain, Michelle, a Christiane S. Hei war dono Clank! In! Space! um Programm.
Dem Presi seng Kanner hu mat engem Frënd Love Letter gespillt, an eise Staminet war zu drëtt och präsent.

13.12.2018

Haut ass de Ricardo fir d'éischt an de Club komm, an hien ass och direkt Member ginn. Häerzlech wëllkomm! Hien huet och direkt bei enger 6er-Partie Funkenschlag matgemaach, dëst mam Presi, dem Mike, dem Alain, dem Sandra, an dem Guy P. op der UK/Irland-Kaart (Funkenschlag: Nordeuropa/United Kingdom & Irland ). An engem ganz knappe Match hat de Mike do zum Schluss d'Nues vir.
Niewendrun hunn d'Christianen S. a K. sech am Sanssouci a Kingdom Builder duelléiert. Eis Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Ekipp (John, Marc F., Ben a Christian L.) war och präsent. D'Sophie an d'Lara hu gepuzzelt.
Méi spéit gouf et nach eng kleng Cacao tëscht Presi, Alain, Ricardo, a Christiane K.

06.12.2018

30.11.2018

Deen éischten Dësch huet haut zu sechst ugefaangen: Den Alain, de Rol, de Marc S., d'Sandra, d'Dany, an de Jerry hunn eng Partie Der Palast von Alhambra gespillt. Dono sinn d'Dany an de Jerry gefuer, an déi aner véier hu mat Bohnanza viru gefuer, mam Alain sénger Bohnanza: High Bohn -Erweiterung. Du war d'Sandra fort, an et koum Diceland op den Dësch.
Niewendru souzen de Presi an d'Christiane S. mam Adrien, deen hinne Keyforge bäibruecht huet, woubäi d'Begeeschterung awer net wierklech opkomm ass. Déi uschléissend Partie Die Quacksalber von Quedlinburg asshallef zu drëtt, hallef zu zweet gespillt ginn.
Um drëtten Dësch war eisen Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Grupp rëm amgaangen.
Méi spéit am Owend hu sech de John, d'Christiane S., de Presi, an den Alain nach un den neie Fertility getraut.

22.11.2018

Um Spillowend virum Playgirls and Gameboys koumen ausser dem Staminet just 4 Leit: den Alain, de Gerry, de Guy P., an d'Christiane K. hunn Die Quacksalber von Quedlinburg gespillt. De Presi koum méi spéit eran an huet nach zwou nei Acquisitiounen presentéiert: CuBirds an Who did it? .

15.11.2018

Factory Fun war heut beim Alain, Marc S., a Rol um Programm. Dono ass et mam neie Welcome viru gaangen.
Den Tom, d'Tanja, d'Sandra, an de Gerry hunn noeneen Android: Mainframe a Völuspá gespillt.
An um drëtten Dësch war DownForce um Programm, wou ënner anerem de John an de Chrëscht matgespillt hunn.

08.11.2018

Den Alain huet haut mam Marc S., Rol, Guy R., a Mike M. den Terraforming Mars mat der Terraforming Mars: Präludium -Expansioun, déi elo neierdéngs dem Club gehéieren, gespillt.
De Presi huet entretemps mam Christiane K., dem Gerry, an dem John VektoRace an dono Flamme Rouge . Hei waren also dee ganzen Owend Coursen ugesot.
en