27.04.2018

De Claude H. an den David hate fir haut ee Wargame-Spillowend preparéiert an eng ganz Partie Spiller vun dëser Zort matbruecht. Eent dovunner war de Quartermaster General , wat ënner anerem de Presi, d'Mela, an de Marc S. gespillt hunn.
Den Alain hat säin neie Kickstarter matbruecht: Roll Player mat der Roll Player: Monsters & Minions -Erweiterung. Hien, den Yves S., de Rol, de Guy R., an d'Michelle hunn hei hire Charakter opgebaut fir dann di meeschte Punkten ze hunn.
De Gerry huet mat dräi anere Spiller Les bâtisseurs: Moyen-Age an Tobago gezockt.
Eisen Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Grupp war och erëm do, huet awer missen duerch de Wargaming am 1. Sall spillen.
Am spéiden Owend gouf et nach eng Qwirkle tëscht Alain, Guy R., Michelle, a Mela.

19.04.2018

Haut konnte mer de Julien begréissen, dee mam John séngem Bouf an nach engem anere Kolleg Russian Railroads , Azul , an Deep Sea Adventure gespillt huet.
Den Alain hat Brügge mat Brügge: Die Stadt am Zwin matbruecht, well de Rodrigo dat probéiere wollt. D'Sophie M., d'Jeia, an d'Christiane S. si mat an d'Belsch gaangen.
De Guy R., de Rol, de Chrëscht, an d'Merle hunn Dice City a Love Letter gezockt. Dono gouf et nach Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit bei Guy a Rol.
De Gerry hat säin Innovation derbäi an huet mam Michelle a Christiane K. gespillt. Dono koum den Alain derbäi fir Lanternes . Zum Schluss huet d'Christiane K. d'Michelle am Imhotep duelléiert.

12.04.2018

No der "Durststrecke" d'lescht Woch war haut rëm richteg Betrieb an der Fabrik. Nieft eisem Staminet an dem üblechen Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Grupp hu sech nach 15 aner Spiller ameséiert.
De Pierre, d'Michelle, de Mike M., an de Marc S. hunn Istanbul an Zug um Zug: Europa gespillt. Beim Tom, Tanja, Sandra, a Christiane K. koum Die Burgen von Burgund op den Dësch.
Den Alain hat seng nei Acquisitioun Clank! In! Space! matbruecht an huet dat mam Dennis a Rol gespillt, an dono mat Istanbul enchaînéiert. An de Presi souz mat eise jonke Spiller Mike, Lenny, a Joseph beim King of Tokyo , Mysterium , an Strike .

05.04.2018

Klenge Kader haut an der Spillfabrik. De Marc F., John, Ben a Christian L. waren erëm mat enger zünfteger Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Schluecht am gaangen. An deen eenzegen anere Grupp (ausser dem Staminet) souzen den Alain, de Marc S., de Mike M., de Rol, an d'Michelle bei enger Pathfinder Adventure Card Game: Rise of the Runelords . Hei ass den Szenario réischt am zweeten Ulaf gepackt ginn. Als Absacker gouf et hei nach What's Up .

30.03.2018

D'Assemblée Générale ass haut ofgehale ginn, an et ass alles wéi geschmiert ofgelaf, ausser datt den halwe Kommitee gefehlt huet. De Brudder Guy war op sénger Weltrees dobäi grad duerch d'Weltstad Bingöl gefuer.
No der Agape ass et du mat spille lass gaangen: Während eis Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Equipe (Marc F., John, Ben a Christian L.) séier den zweete Sall beschlagnahmt huet, hunn de Jean-Claude, de Guy P., d'Michelle, de Lol, an d'Christiane S. Century: Spice Road gespillt. Dono ass et mat engem Prototyp an Memoarrr! weider gaangen.
Den Alain huet mam Pierre, Lex, Rol, a Jeia Heimlich & Co. an dono Zug um Zug: Europa gespillt. Nodeems d'Jeia an de Lex gefuer sinn, koum d'Nickie nach derbäi fir eng Azul .
Azul war och beim Presi um Programm, zesumme mat Atlantic Star an Strike . Hie souz mam Sandra, Christiane Kr., a mam Paule op engem Dësch.

22.03.2018

Haut hate mer nieft dem Staminet just zwou Gruppen zesumme kritt. Op deem engen Dësch souz de Presi an hien huet dem Guy P., Lex, John, a Michelle de Caylus erklärt.
Den Alain, Dennis, Chrëscht, a Rol hu sech mam Wild Shots opgewiermt. De Plat de résistance war de Glen More , woubäi d'Christiane K. sech nech bäigesat huet. Zum Schluss hunn den Alain an d'Christiane sech nach am Imhotep duelléiert.

15.03.2018

Et ass vollbruecht! De Pandemic Legacy: Season 2 ass haut fäerdeg gespillt ginn. Obwuel den Dezember huet missen zweemol gespillt ginn, hunn den Alain, de Guy R., d'Michelle, an de Rol d'Campagne mat enger Victoire ofgeschloss. De finale Score war dobei awer mol nach net sou schlecht.
Um Dësch niewendrun ass ent mam John, Marc S., Mike M., Christiane S., Lol, a Philippe mat enger Formule Dé -Course um Formule Dé: Silverstone -Circuit lass gaangen. Dono goung et an de wëlle Westen mam Colt Express . Um Enn sinn d'Christiane, de Lol, an de Philippe nach an d'Cacao -Plantagë gaangen.
Beim Tanja, Sandra, a Christiane K. goung et op Istanbul . Nom Tanja séngem Départ gouf et nach Dueller am Kahuna .
A beim Presi, Chrëscht, an Dennis gouf et eng Partie Azul .

08.03.2018

Am Pandemic Legacy: Season 2 goung et och haut weider wéi op Schinnen. Oktober an November goufen direkt am éischten Ulaf gepackt. Wär et net scho spéit gewiescht, hätte mer den Dezember nach drugehaangen.
Deen eenzegen anere Spilldësch ausser dem Staminee war besat vum John, Lex, Christiane S., Presi, an, no laanger Zäit, dem Pierre an dem Gerry. Hei koume Flamme Rouge an Atlantic Star op den Dësch.

01.03.2018

No deem absolutt frustranten Ufank ass di zweet Halschent vun der Pandemic Legacy: Season 2 -Campagne vun engem absolutten Durchmarsch geprägt. Den Alain, de Guy R., de Rol, an d'Michelle hate keng Problemer fir hir Partien ze packen.
De Guy P., d'Sandra, an d'Christiane K. souzen op engem aneren Dësch mat Orongo an Azul .
Um drëtten Dësch gouf et Roll for the Galaxy a Quadropolis . Hei souzen de John, de Chrëscht, den Dennis, de Lol, an de Philippe.
An d'Christiane S. an d'Tanja hu sech un de Puzzlë versicht.
en