21.06.2018

16.06.2018 – Chill, Grill & Spill

Haut war erëm eise grousse Grilldag. D'Wieder huet dobäi och gréisstendeels matgespillt; mir waren awer och mat dräi groussen Zelter ekippéiert.
Mir haten zwar dës Kéier e puer manner Participanten, mee déi déi do waren, ob al oder jonk, hu sech gutt ameséiert.
Wéi ëmmer gouf et eppes fir all Goût. Einfach Saache wéi Codenames , Las Vegas , Quoridor , Love Letter , an Heckmeck am Bratwurmeck ; an awer och Gamer-Spiller wéi Isle of Skye , Azul , Santa Maria , Wild Shots ,
Mein Traumhaus , Zauberlehrling Gesucht , Kingdomino , an Trans Europa .
Et gouf och eng grouss Captain Sonar -Partie déi awer huet als Gläichstand misse gewäert ginn, well dee Moment en zolitte Schluet erof gaangen ass an d'SPill in extremis huet missen agepaakt ginn.

14.06.2018

D'Superhelde waren erëm um Dill haut beim Legendary: A Marvel Deckbuilding Game , dat den Alain zesumme mam Christiane S. a Rol gespillt huet.
D'Christiane K., d'Michelle, an de Lex hunn Imhotep an de Can't Stop gespillt.
De Frin an d'Ezgi waren haut och erëm do a si hu mam Gerry an Dennis mat Engel & Bengel ugefaang. Dono koum eise Boss eran an hien huet mat hinnen zesummen dann The Boss gezockt.

07.06.2018

De Marc S. huet haut säi Rajas of the Ganges matbruecht an huet den Alain, Rol, a Mike M. mat an Indien geholl. Iwwerdeems sinn d'Michelle, de Guy P. an d'Christiane K. sinn op Tréier mat Porta Nigra gaangen. Den Dennis, de Chrëscht, an de Gerry hunn alt nees Prototypen getest.
De Frin koum méi spéit mam Ezgi eran, a si hu Las Vegas probéiert. Dono hu si sech bei d'Ganges-Equipe gesat fir Zack & Pack .
Méi spéit koumen nach Kingdomino a Love Letter op den Dësch.

31.05.2018

Haut ass et mam Charterstone viru gaangen. De Gerry wollt awer net méi matspillen, an de John ass fir hien agesprong.
D'Michelle an d'Christianen S. a K. hu mat Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit ugefaang. Dono ass de Presi bäikomm an huet den Dammen Thurn und Taxis erklärt.
D'Merle, de Chrëscht, an de Gerry hunn Azul gespillt a mat Strike ofgeschloss.

25.05.2018

Den Alain huet haut säin Charterstone matbruecht, een net kooperativt Legacy-Spill. De Guy R., Rol, Marc S., a Gerry ware mat derbäi, an d'Spill huet esou vill Spaass gemeet, dass direkt véier Partië gespillt goufen.
Niewendru souzen den Tom, d'Tanja, an d'Sandra fir d'éischt beim Train Heist , engem kooperative Spill, dat anscheinend net vun Erfolleg gekréint war. Dono ass en an d'Steinzeit gaange mat Stone Age .
Am zweete Sall war nach eisen üblechen Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Grupp amgaangen, an eise Staminet war haut zu dräi.

17.05.2018

Den Tom, d'Tanja, d'Michelle an de John sinn haut ënner d'Rohstoffsammler am Stone Age gaangen. Dono gouf mat Love Letter enchaînéiert.
D'Christianen S. a K. hu sech am Kahuna an am Raptor duelléiert.
De Marc S. hat säin Ein Fest für Odin matbruecht. Zesumme mam Alain, Rol, a Lex huet dës Partie dee ganzen Owend gedauert.
Spéit owes waren nach d'Michelle an d'Christiane K. mat 7 Wonders: Duel beschäftegt.

10.05.2018

De Presi huet zesumme mam Michelle, Gerry, an engem véierte Spiller Santa Maria probéiert (garnéiert mat Roland Kaiser). Do ware si dee ganzen Owend amgaangen.
Niewendrun hunn den Alain, Rol, a Marc S. direkt dräi Spiller gemaach: Fir d'éischt Die Tore der Welt , dono Kingdomino , an zum Schluss Azul . Nom Marc S. séngem Départ gouf et nach zwee Dueller am Star Realms .

03.05.2018

Pegasus huet eis nees nei Spiller geschenkt - dës Kéier fënnef un der Zuel! Mir soe villmols merci!
Véier vun dene Spiller goufen och direkt deen Owend getest; leider hate mer kee ganz grousse Kader - nieft eise Puzzleren an dem Staminet hate mer just zwou Gruppen.
Den Alain, Marc S., Rol, a John hu sech am Santa Maria probéiert. Bei dësem Spill muss een ee Spillgebitt opbauen an da mat engem flotte Wierfel-Drafting-System u Rohstoffer a Punkte kommen. Et erënnert staark un dem Ostby säi Virgänger Doodle City .
Dono hunn den Alain an de Rol den Nofolger vum Einfach Genial probéiert: Axio . De Spillprinzip bei dësem abstrakte Knobelspill ass nach ëmmer sou intressant, mee leider ass d'Material net méi sou flott wéi beim Virgänger.
De Guy R., d'Michelle, d'Christiane K., de Guy P., an nach ee fënnefte Spiller hunn de Loot Island getest, wou ee Kaarten an engem bestëmmte System uleet fir dann u Schätz ze kommen. Hei goufen et anscheinend a puer Diskussioune zu de Regelen, déi hätte kënnen e bësse méi kloer sinn.
Dono hunn d'Michelle an d'Christiane sech um Cat Lady probéiert, engem Kaartespill an enger extrem rosaer Këscht, wou een di meeschte Punkte sammele muss andeems ee Reien oder Kolonne vu Kaarte sammelt.
Dat lescht Spill war Go Go Gelato , ee Geschécklechkeetsspill wat awer haut net op den Dësch koum.
en