29.12.2017

Op dëser leschter Fräi Nuecht ass vill Schnéi gefall, dofir huet sech och nëmmen en haarde Kär op Goussel beméit.
De Presi huet mat séngen zwee Kanner an engem vun hire Kollege gespillt. Hei koum fir d'éischt Formula D , dono Kerala , an zum Schluss Linie 1 op den Dësch.
Niewendrun um groussen Dësch gouf et eng Partie Scythe tëscht Alain, Guy R., Rol, Tanja, an Tom. Nodeems d'Tanja an den Tom heem gefuer sinn, gouf et nach eng Qwixx mat denen aneren dräi. Dono gouf et nach eng Die Glasstraße tëscht ALain, Guy, a Presi, während de Rol niewendru gaangen ass an dem Marc F., dem John, an dem Christian L. mat sénge Bouwen beim Star Wars: X-Wing Miniatures Game spillen nogekuckt huet.

21.12.2017

Haut goufen et véier Gruppen, déi zesumme gespillt hunn.
De Guy R. souz mam Marc S., Karim, a Christiane K. beim Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit . Dono goung et mat Adel Verpflichtet an Die Siedler von Catan: Das Würfelspiel weider.
Niewendrun souzen den Tom an d'Sandra beim 7 Wonders: Duel . Wéi d'Tanja derbäi koum, ass hei mat Hanabi enchaînéiert ginn.
D'Michelle, d'Christiane S., de Guy P., an den Alain haten den drëtten Dësch an hu Rialto gespillt. Absacker war hei de Simsala... Bumm? .
An am zweete Sall gouf et wéi üblech Star Wars: X-Wing Miniatures Game mam Marc F., dem John, dem Christian L. an dem Ben L.

07.12.2017

Den Alain hat haut säi Mystic Vale derbäi, dës Kéier mat der neier Erweiterung Mystic Vale: Das Tal der Magie & Das Tal der Wildnis . De Chrëscht, de Rol, an de Marc S. hu mat gespillt. Absacker war hei den Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit .
Niewendru gouf et fir d'éischt ee grousse Grupp mam John, Pierre, Lol, Philippe, Christiane K., a Michelle déi sech mat POK an Der Widerstand ameséiert hunn. Dono hunn de John an de Pierre Colour Chess + Lure a Matterhorn gespillt, während déi aner 4 probéiert hunn engem Escape Room: Das Spiel ze entkommen.

30.11.2017

Flamme Rouge an Der Palast von Alhambra war haut an engem 6er-Grupp mat ënner anerem dem John, dem Christiane S., dem Guy P., dem Lol, an dem Philippe.
De Brudder Guy, d'Christiane K., an de Pierre hu sech mat Dominion ameséiert.
An haut ass et och mam Pandemic Legacy: Season 2 weider gaangen. Leider konnt de Februar och an zwou Partien net gepackt ginn. Dono hat d'Equipe de Kéis an et ass mat Colt Express opgehal ginn, wou nach d'Christiane K. an de Pierre mat bäigeholl goufen.

24.11.2017

Eng epesch Parti Eldritch Horror gouf et haut, mat villen Expansiounen. Den Alain, de Guy R., de Marc S., de Rol, de Mike M., an d'Christiane S. si géint de Shudde M'ell ugetrueden. Et gouf vill op an of a vill geckeg Investigators, a finalement war d'Parti dann awer knapp verluer.
Wat am éischte Sall gelaf ass, hunn ech net weider mat kritt, ausser dass den Georgio, de Philippe B., an de Guy P. mat Dominion beschäftegt waren, an et gouf och eng zimmlech lautstaark Parti Der Widerstand mat ënner anerem dem Presi, de Christianen S. a K., dem Michelle, an dem John.

16.11.2017

Haut den Owend hunn den Alain, de Guy R., de Rol, an d'Michelle di zweet Season vu Pandemic Legacy: Season 2 ugefaangen. De Prolog an di éischt Partie hu scho mol gutt geklappt; mol kucke wéi et do weider geet. Dono ass et mat Kerala weider gaang.
Beim John, Guy P., Christiane K., a Lex huet et mat Pioneers ugefaangen. Dono si si op dem Jean-Claude säi Rat Trap geswitcht.
De Chrëscht, d'Merle, de Marc S., an de Mike M. hu sech mat Kaartespiller ameséiert: hei koumen The Game , Bohnanza , a Jump In zum Asaz.
An no laanger Zäit koum de Romain H. mol erëm eran. Hien huet sech mam Presi duelléiert, an zwar am Brave Rats an am Babel .
Als Ofschloss gouf et nach Der Widerstand tëscht Presi, John, Guy P., Christiane K., Marc S., a Mike M.

09.11.2017

Extrem reduzéierte Kader den Owend: ausser dem Staminet koume just 7 Leit haut eran. Ënner hinnen de John, dee seng ganz Sammlung vu Formule Dé -Pläng matbruecht an an der Fabrik deponéiert huet.
Also hunn hien, den Alain, de Guy P., de Rol, de Pierre, de Jérôme, an d'Christiane S. sech op de Formule Dé: Silverstone -Circuit gewot, an no zwou Ronne war de Jérôme incontestéierte Gewënner. Wéinstens ass jiddereen an d'Zil ukomm.
Als Absacker gouf et nach eng 5-er Partie Tummple! , wou mer bal all 54 Steng platzéiert kruten, ier de John de ganze Butték astierze gelooss huet.

02.11.2017

De Marc S. huet erëm ee Kickstarter matbruecht: Folklore: The Affliction , zesumme mat Folklore: The Affliction: Dark Tales . Mam Rol, Alain, Guy R., an Dennis si si an dëser Fantasywelt lassmarschéiert.
Um zweeten Dësch waren de John, d'Christianen S. a K., d'Michelle, d'Sandra, den Yves S., an de Fränz mat Tummple! beschäftegt. Dono koum de Presi eran, an d'Grupp huet sech a Männlein a Weiblein opgedeelt; d'Männer sinn am Flamme Rouge op de Vëlo geklomm, an d'Frae sinn am Dungeon Time an de Keller gaangen.
Als Ofschloss hunn d'Vëlosfuerer an d'Folkloristen nach e puer Partien Der Widerstand gespillt, iwwerdeems eis Dammen nach ëmmer am Dungeon waren.
en