19.10.2017
Den Alain hat seng Legendary: A Marvel Deckbuilding Game
-Sammlung derbäi, komplett mat Legendary: Dark City
, Legendary: Secret Wars Vol. 1
, a ganz nei Legendary: Fantastic Four
. Hei war hie mam Rol, Marc S., a Guy R. dee ganzen Owend beschäftegt.
Um zweeten Dësch souzen de Jean-Claude, de Presi, de John, d'Michelle, de Lex, d'Christiane S., an den Yves S. Hei sinn tëscht zwee Prototype vum Jean-Claude nach Formule Dé a Kill Doktor Lucky gespillt ginn.

12.10.2017
De Guy P., d'Michelle, d'Christiane S., an de John hate sech schonn zesumme gesat fir Die Unbezwingbare Stadt
ze spillen, wéi den Alain mat séngem Fremde Federn
, awer ouni säin übleche Grupp, era koum. Wéi dunn nach de Presi koum, hunn di zwee Kommiteesmemberen dem Friese säi Spill gespillt. Als Ofschloss hunn di sechs Leit sech fir eng Codenames
zesumme gesat.
05.10.2017
Den Alain hat den Owend erëm säi Pathfinder Adventure Card Game: Rise of the Runelords
derbäi an huet mam Rol, Marc S., a Guy R. gespillt. De Lol an den Yves S. hu sech am Russian Railroads
duelléiert.
Deen drëtten Dësch hat e puer méi Spiller: Yay! am XXL, Durch die Wüste , Strike , a Bluff koum hei zum Asaz, an dat beim John, Christiane K., Guy P., Jeia, a Brudder Guy.

29.09.2017
Haut waren alt nees richteg vill Leit do, an et koumen och vill Spiller op den Dësch.
De Marc S. hat séng Kickstarter-Editioun vun Champions of Midgard , komplett mat Champions of Midgard: The Dark Mountains a Champions of Midgard: Valhalla , an enger schéiner Spillmatt, matbruecht. Den Alain, Guy R., an de Rol ware wéi üblech mat him um Dësch. Dono ass et mam Alain séngem Augustus weider gaangen. Den Ofschloss war hei Power Grid: Factory Manager , dee mer awer leider zimmlech falsch gespillt hunn...
Den Dennis, de Steve an d'Violeta waren dee ganzen Owend mam Terraforming Mars beschäftegt. Och beim Lol, Philippe M., a Michelle gouf et just ee Spill: Die Legenden von Andor . De Marc F., de Christian a Ben L., an de John hu sech am Star Wars: X-Wing Miniatures Game géinteniwwer gestanen, an den Georgio, de Philippe B., de Guy P., an d'Christiane S. ware beim Village . De Pierre an d'Christiane K. hu mam Karim Codenames gespillt.
Den Yves S., d'Sandra, an d'Mela kruten dräi Spiller gespillt: Carcassonne , Der Palast von Alhambra , a Port Royal . An de Presi huet mam Nicole an nach zwee anere Spiller Cacao , 7 Wonders , Dominion , an Strike gezockt.

21.09.2017
Mam Rapport vun der leschter Woch kënne mer net déngen, well de Rapporteur an der Vakanz war.
Den Owend goufen et just dräi Spiller, a just vun engem hu mer den Numm:
Le Havre war vum Alain matbruecht ginn, an d'Parti tëscht himm, dem John, dem Michelle, an de Christianen S. a K. ass ganz enk op en Enn gaangen.
Do dernieft hat de Jean-Claude een neie Prototyp matbruecht, deen e mam Presi an deem sengen zwee Kanner getest huet.
An am zweete Sall souz den Dennis mam Sophie M., Rodrigo, an nach engem 4. Spiller fir en Escape-Room-Spill, wou ech awer den Titel net matkritt hunn.

07.09.2017
Haut den Owend koum den Alexandre laanscht, deen iwwer BGG den Alain gefrot hat fir Star Wars: Imperial Assault
bäibruecht ze kréien. Den Alain war d'Imperium, an den Alex, de Guy R., an de Marc S. hunn als Rebellen d'Parti knapp gewonn.
Am éischte Sall waren dräi Gruppen: de Lol, de Philippe M., de John, d'Christiane K., an d'Sandra hu sech de Mount Everest eropgekämpft, de Gerry huet mam Georges an deem senger Duechter Die Verbotene Insel gespillt, an den Dennis hat de Clank! A Deck-Building Adventure derbäi, an hien ass mam Sophie, Rodrigo, a Mike M. an den Ënnergrond gaangen.