28.10.2016

Haut hate mer méi wéi fënnef mol sou vill net-Staminees-Memberen do ewéi di Woch virdrun. Do mécht dat dann och direkt méi Spaass.
Den Dennis, den Alain, de Guy R., an de Chrëscht hu fir d'éischt mam "Card-Crafter" Mystic Vale ugefaangen. Dono ass et mat dem epesche Scythe weider gaangen. Obwuel de Guy hei d'Partie mat 6 Achievements zougemaach huet, hat de Alain herno di meeschte Punkten.
Eng reng Dammegrupp mam Michelle, Sandra, Mela, a Laurence huet Porta Nigra gespillt an ass mat Saboteur weider gefuer. Niewendrun hat de John zwee abstrakt Spiller mam Lex, Claude R., a Mike getest: Warlord Chess a Moeraki-Kemu .
De Rodrigo an d'Sophie M. hate 4 Frënn invitéiert a si a Japan a Spuenie matgeholl: Tokaido an Pandemic: Iberia gouf et hei.
De Guy P., Georgio, Phillippe B., a Christiane S. ware mat Five Tribes an Dominion beschäftegt. De Rol, de Pierre, d'Christiane K. an de Karim hunn Elysium a Port Royal gespillt.
Port Royal gouf et nieft Koryŏ och beim Presi, Marc F., Phillippe L., Pascale, an Yves S. Bohnanza gouf et beim Pascale, Lynn L., Ben L., a Christian L.
Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit ass beim Phillippe L., Marc F., an Yves S. gespillt ginn, iwwerdeems dem Christian L. seng Famill mat Colt Express , Niagara , an Das verrückte Labyrinth weider gefuer ass.
Finalement koum och de Claude H. era mat Ace of Aces: Handy Rotary Series , an en huet sech mam Presi duelléiert. Dono hu si de Pierre an de Rol mat bäi geholl fir eng Die Siedler von Catan .
A wéi ëmmer ëm Halloween gouf et och dëst joer zwou Partien Die Werwölfe von Düsterwald zum Schluss.

20.10.2016

Eigentlech hätt ee jo gemengt dass haut vill Leit kéime fir hir Essen-Acquisitiounen ze probéieren. Abee nee, ausser eisem Star Wars: Imperial Assault -Grupp (Rol, Presi, Marc S., Alain, Guy R.) ware just nach den Dennis an de John do. De Presi huet nach parallel mam John eng schnell Schach gemaach, parallel zum Star Wars: Imperial Assault . Dono hunn den Dennis an de John déi zwou Carc-Varianten Carcassonne: Amazonas a Carcassonne: Star Wars probéiert.

06.10.2016

Haut den Owend koum erëm RTL op Besuch, fir mat eise Spillauteuren Dennis, Chrëscht, a Jean-Claude een Interview ze maachen. D'Resultat dovunner fannt dir op eiser Mediesäit.
D'Simone, den Andy, de Pierre, an de Guy P. krute vum Presi den Antike II erklärt, ier dee sech bei Star Wars: Imperial Assault ugesat huet. Hei ass d'Campagne weider gaang, wou de Rol géint de Presi, de Marc S., den Alain, an de Guy R. ugetrueden ass.
De Lol, de Philippe M., an de Rodrigo hu mat Cacao ugefaangen.
Méi spéit hunn de Pierre a Guy P. sech am Canopy Walk duelléiert. Am 1. Sall ass nach ënner anerem Can't Stop , Dominion , an Escape Room: Das Spiel gespillt ginn. Dat leschtgenanntent Spill war eent vun deene Spiller dat op dëser Editioun vun der SPIEL ee vun de gréissten Trends ass.

30.09.2016

Am zweete Sall ass haut den Owend eng Eldritch Horror gespillt ginn, wou den Alain, de Guy R., de Marc S., de Rol, an d'Christiane S. géint de Syzygy ugetruede sinn. D'Partie huet wonnerbar ugefaang, an d'Investigators haten alles am Grëff, mee dun op eng Kéier ass et de Bierg of gaangen, dee groussen Alen as erwächt, an d'Partie gouf duerch forfait verluer. Nodeems d'Christiane heem gefuer ass, gouf hei mat Dice City enchaînéiert.
De Steve an d'Violeta hu mat engem Duell im Felsental ugefaangen an den Dennis an d'Sandra mat 7 Wonders: Duel . Déi zwee Gruppen hu sech du fir Shakespeare zesumme gedoen.
De Lol, de Philippe, d'Michelle, an de Mike sinn duerch Die Legenden von Andor gezunn an hunn dono King of Tokyo gezockt.
De Claude, de Lex, de Pierre, an d'Christiane K. hunn Istanbul a Las Vegas gespillt. Nom Claude a Lex hirem Départ, goung et mat Halali! a Qwirkle weider.
Eng Star Wars: X-Wing Miniatures Game gouf et natierlech och erëm, dës Kéier tëscht dem Yves S., dem Marc F., dem Christian L., an nach zwee Membere vum Christian senger Famill.
Finalement huet de Presi 6 Nimmt! mam Yannick gespillt. D'Lara ass derbäi komm fir Koryŏ .

22.09.2016

Den Owend koum e Kolleg vum Presi op Besuch, den Alex. Hien hat och ee Spill am Gepäck: The World of Smog: On Her Majesty's Service mat flotte Steampunk-Miniaturen. Mee ir hien dat mat den Theisen Bros gesplitt huet, koum di neist Acquisitioun 7 Wonders: Duel op den Dësch.
Eng Affär fir de ganzen Owend war den Dungeon Petz , mam Marc S., Steve, a Violeta. Et war eng knapp Geschicht, an zum Schluss louch den Alain just e puer Punkte virum Steve.
De Pierre, de John, de Guy P., an d'Christiane S. souzen um drëtten Dësch fir Tobago a Qwirkle .
An dat war et schonn. Et mierkt ee schonn dass d'Schoul erëm ugaangen ass. Hoffentlech si bei der nächster fräi Nuecht méi Leit do.

15.09.2016

Haut ass et mat der Campagne vum Pathfinder Adventure Card Game: Rise of the Runelords weider gaangen. D'Simone war leider net do, mee de Rol huet hatt würdeg vertrueden, an zesumme mam Alain, Guy R., a Marc S. sinn do erëm zwee Szenarië geknackt ginn.
Niewendru waren de John, de Guy P., an d'Christianë K. an S. mat Die Unbezwingbare Stadt beschäftegt, dat si vum Presi erklärt kruten. Dee war de Rescht vum Owend beim Staminet, fir datt si e 4. Spiller haten.
D'Jeia an de Claude F. hu sech mat Roll for the Galaxy , dat elo op däitsch bei Pegasus erauskomm ass, ameséiert.
Den Yves S., den Arthur, d'Gaëtane, an den Denis S. hu Koryŏ gespillt.
Laut dem Yves S. ass am zweete Sall nach Star Wars: X-Wing Miniatures Game un d'Rei komm. Dono hunn di zwee Raumkämpfer mam Yves S. an Denis Port Royal gezockt.
Eis Komiteesmembere Chrëscht a Jean-Claude waren och sur place. Bei hinne koum ënner anerem Tunhell op den Dësch.

08.09.2016

Den Alain huet haut mam Guy R., Marc S., a Simone hir Campagne am Pathfinder Adventure Card Game: Rise of the Runelords weider gefuer, an et ass gutt gaangen; déi dräi Szenarioë goufe gewonn.
Iwwerdeems huet de Presi de Caylus ausgepaakt. Hien huet de John, d'Christiane S., de Lol, an e Kolleg vum Lol, de Laurent, mat invitéiert. Dës Partie huet och quasi dee ganzen Owend gedauert.
Op engem aneren Dësch souzen de Yannick an d'Svenia, den Dennis, an d'Sandra bei Las Vegas a RoboRama , ier si an deen anere Sall gaange sinn.
An deem Sall ass villes gelaf, an ech hunn net alles mat kritt. Och eng Partie Kanner waren do. Gespillt gouf UNO , Duell im Felsental , Codenames , Quoridor , Keltis: Der Weg der Steine , Elchfest , a Why First? .
Am éischte Sall koum et nach zu zwee Absackere mat Strike a Simsala... Bumm? .

01.09.2016

Den übleche Rapporteur war haut an der Vakanz, dofir iwwergi mer haut d'Wuert un den Yves S:
"Op 2 Dëscher sinn Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Demoronne gelaf, an dat an 2 verschidde Formater:
Um éischten Dësch hunn ech de Marc T., de Yannick, de Kai, an d'Carole e bessi encadréiert, wéi si eng Missioun (Escorte) gespillt hunn. De Presi an de Yannick hunn déi zwee Visiteure net gewanne gelooss, mee dono ass awer zesummen ee Patt geholl ginn.
Um zweeten Dësch huet de Marc F. dem Mike T., dem Christiane, an dem Philippe? gewisen, wéi ee Scharmützel am Star Wars: X-Wing Miniatures Game funktionnéiert.
Anschliessend hunn de Mike T., de Yannick, de Marc F. an den Yves S. nach bis Hallefnuecht zu 4 weider Star Wars: X-Wing Miniatures Game gespillt, déi aner 5 hunn Euro-Style-Games wéi Colt Express gemaach.
Den Thierry K. hat erëm Warhammer: Diskwars matbruecht, a sech dës Kéier mam Denis S. duelléiert."
Ee grousse Merci un den Yves fir dëse Bericht.
en