26.08.2016

Haut den Owend ass fir d'éischt mat enger Pandemie ugefaang ginn tëscht dem Presi, dem Alain, dem Guy R., an dem Mike. Nodeems et am Ufank gutt ausgesinn huet (zwou Krankheeten ausgeläscht), ass et zum Schluss just net méi mat der Zäit duer gaangen.
Iwwerdeems hunn de Charel an de Philippe Tsuro a Cappuccino gespillt, ier si mam Yves S. bei deen éischte Grupp gestouss si fir eng Dauerpartie Codenames .
Niewendrun hunn de Lol, de Philippe M., an d'Michelle Die Legenden von Andor dauergespillt. De Christian L. war mat senger ganzer Famill komm an huet mam Frutz, Filippe, a Lynn L. Café International an Tikal gespillt, an da mam Yves S. nach derbäi fir Bohnanza .
Am 2. Sall hunn den Thierry an den Yves E. Star Wars: X-Wing Miniatures Game gespillt, an de Jeff K. géint de Marc F. History of War .
Dono koum et zu enger Star Wars: Armada -Partie mam Marc F., Filippe, a Ben L. an enger Warhammer: Diskwars tëscht Thierry a Jeff.
Mat Codenames an Die Legenden von Andor ass et nach bis spéit an d'Nuecht gaangen.

20.08.2016 – Chill, Grill & Spill

Haut ass eisen traditionelle Grilldag ofgehale ginn, un engem guer net traditionellen Datum. Mee dat hat och säi Guddes: obwuel et moies nach zimmlech frësch war, a mer an der Mëttesstonn dräi Drëpsen ofkruten, ass am Nomëtten d'Sonn erauskomm, a bei kaum Loft an agreablen Temperature war dat ganzt scho vill méi flott.
Mir waren zu enger 40 Spiller um Dill, obwuel di meescht mannerjähreg éischter um Bësch interesséiert ware wéi un de Brietspiller. Mee déi sinn awer net ze kuerz komm.
Um Programm waren déi üblech "Leichtgewichte" King of New York , Qwixx , Bluff , Abluxxen , a The Game . Och e puer manner traditionell Quickië waren dobäi wéi Tsuro an Heckmeck am Bratwurmeck .
Méi gehaltvolle Kascht ware Wie verhext! , Trans Europa , Discoveries , Le Havre: Der Binnenhafen , Pandemic: The Cure , San Juan , Cacao , Istanbul , Imhotep , a Wikinger .
Et sinn awer och e puer richteg déck Brocke gespillt ginn, wéi Funkenschlag , Caylus , a Five Tribes . Den Dennis hat mat e puer couragéiert Leit Mage Knight: Das Brettspiel a Russian Railroads gespillt, a suguer eng Twilight Struggle gouf ugefaangen (ob déi allerdéngs fäerdeg gespillt ginn ass, woen ech ze bezweiwelen).

18.08.2016

Den Alain huet haut säi Pathfinder Adventure Card Game: Rise of the Runelords , op dat e laang huet misse waarden, matbruecht, an dat mam Simone, dem Marc S., an dem Guy R. gespillt. Et ass esou gutt ukomm, dass direkt deen zweeten Szenario hannendru gespillt gouf. Dono huet den ALain mam Guy nach zwee Dueller am Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit ausgedroen.
Niewendrun ass eng 6er-Partie Funkenschlag gespillt ginn, mam Christiane S., Guy P., Michelle, John, Pierre, a Marc E. D'Partie huet sech de ganzen Owend gezunn, ënner anerem well d'Regel iwwersi gouf, dass bei 6 Spiller d'Partie bei 14 Haiser zu Enn ass.
Den Thomas, d'Tanja, an d'Sandra hu sech mat e puer Fluxx -Varianten, Escape , a Carcassonne ameséiert.
Am Sall niewendru war den Dennis mam Sammy, Michel, a Gabi amgaange mat Russian Railroads . An net manner wéi 8 SF-Fans (Marc F., Thierry, Denis, Yves S., Christian L., Ben L., an 2x Philippe) hate sech ronderëm de Star Wars: X-Wing Miniatures Game versammelt, bei enger Battle Royale mat grousse Schëffer.

11.08.2016

Wéi de Rapporteur haut um 19:40 an de Sall komm ass huet e séngen Ae bal net getraut: de Sall war scho "brechend voll" mat Leit déi äifreg am gaange waren opzeriichten oder schonn ze spillen. An dobäi ass Summervakanz!
Den Alain huet sech du bei de Marc S., de Marc E., de Rol, an d'Julie gesat fir eng Partie Funkenschlag op der Däitschland-Kaart. D'Presi-Faarw gréng huet himm do Gléck bruecht, well nach virun der Phase 3 hat hien d'Spill mat 17 alimentéierten Haiser an iwwer 40 Geld zougemaach. Och bei der uschléissender Partie Simsala... Bumm? war d'Chance nach mat him.
Iwwerdeems huet de Marc di nei Acquisitioun Power Grid: Factory Manager , aus der Funkenschlag -Famill mam Steve a Violeta gespillt. Verdikt: gutt Spill, awer den Original ass ongeschloen. Si sinn dono op de Koryŏ iwwer gaangen.
De Guy P., de Philippe B., den Georgio, an de John sinn ënnert d'Maya gaange mat Tzolk'in: Le calendrier Maya .
Um Staminees-Dësch souzen den Yves S., de Marc F., den Thierry, de Sammy, de Michel, an eise Jean-Claude fir d'éischt mat Codenames . Dunn hu si sech no engem Pizza-Intermezzo opgespléckt. Eis dräi SF-Fans hu mat Welcome to the Dungeon a Koryŏ weider gefuer. (Chosŏn ass och ausgepaakt ginn, schéngt awer net gespillt gi sinn). Di aner Halschent vum Grupp gouf vum Dennis verstäerkt; si hu mat Colt Express , Codenames , a Cacao weider gespillt.
Am zweete Sall souzen de Rodrigo, d'Sophie M., den Alain H. an d'Christiane S. beim Five Tribes . An de Claude, Lex, a Pierre hunn noeneen Sitting Ducks Deluxe , Las Vegas , a Legends duerchgeholl.

04.08.2016

Den Alain hat haut säi Puzzle Strike matbruecht, wat een Dominion -Verschnëtt ass, wou een awer vill méi de Géigner attackéiert. No zwou Partien ass den Alain gefuer, a seng Géigespiller, de Guy R., de John, an d'Michelle hu mat Ohne Furcht und Adel ofgeschloss.
De Presi, de Chrëscht, de Guy P., an de Marc S. hunn Die Säulen der Erde opgeriicht, wou et anscheinend relativ just aus gaangen ass. De Steve an d'Violeta hu sech erëm am Le Havre: Der Binnenhafen duelléiert. Alle sechst hu si herno Dog gespillt.
D'Christiane K., d'Sandra, de Philippe B., de Rol, an d'Julie hunn noeneen Adel Verpflichtet an Istanbul gezockt.
An Zombies!!! stoung bei eise Science Fiction-Fans um Programm. Den Denis, den Yves S., de Marc F., de Marc E., an den Thierry hunn awer no 3 Stonnen ofgebrach a gesot dass dat Spill net terribel gutt ass fir zu sou vill.

29.07.2016

Och haut hate mer iwwer zwanzeg Spiller hei, mat deelweis jonke Memberen.
Den Alain souz zesumme mam John, Sandra, Michelle, a Christiane K. Si hu mam Alain senger Die Speicherstadt inklusiv Kaispeicher ugefaangen a sinn dann noeneen op If Wishes Were Fishes! a Las Vegas iwwer gaangen.
Niewendru souzen de Guy R., de Chrëscht mam Jana a Mona, an de Claude mam Lex fir eng Ohne Furcht und Adel . Si hu sech dono opgedeelt fir Insekten Hotel a Koryŏ , fir da bei Sitting Ducks Deluxe erëm zesummen ze sëtzen.
De Presi huet mam Steve a Violeta gespillt. Noenee koumen hei Discoveries , Orongo a Simsala... Bumm? un d'Rei.
Am Sall niewendru waren och erëm eis SciFi-Veteranen. Den Yves E., Marc F., Christian L., Philippe L., a Ben L. haten erëm eng Raumschlacht am Star Wars: X-Wing Miniatures Game (gewonne vum Ben). Um aneren Dësch waren den Thierry, Denis, an Yves S. mat The Witcher: Abenteuerspiel beschäftegt.
Den Alain, d'Michelle, an de Guy R. hunn no enger Café International a Simsala... Bumm? de Sall zougespaart.

21.07.2016

Et kommen erëm e bësse méi Leit an d'Fabrik. Haut koume mer op iwwer zwanzeg, dovunner dräi Christianen, zwee Guyen, zwee Marcen, an zwee Yevesen.
Den Alain hat säin Die Glasstraße matbruecht, an hien huet mam Guy R., Guy P., a Christiane S. gespillt. Dono si si op Sankt Petersburg gefuer, wou d'Christiane séier eng Avance hat di keen erëm krut.
Den Thomas an d'Tanja hu sech mam Sandra a Christiane H. bei de Legends gesat. Herno ass et do mat Tales & Games: The Hare & the Tortoise weider gaangen.
De Presi a säi Mike hunn d'Christiane K. an de Karim op Entdecker invitéiert. D'Lara koum herno fir e bësse Concept nach derbäi. Nodeems d'Christiane K. an de Karim gefuer sinn, koum d'Christiane H. derbäi fir Bluff .
An niewendrun war erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game ugesot mam Yves héich zwee, Thierry, a Marc F. Den Yves E. hat och säin Anki Overdrive matbruecht, wat souzesoen di neitste Generatioun vun der Carrera-Bunn ass.

14.07.2016

De Chrëscht huet di éischt Spiller vu Ravensburger fir Essen 2016 matbruecht. Eent dovunner war Kribbeln , ee Yatzee-Verschnëtt mat e puer witzegen Zousazregelen. De John, den Yves S., an den Alain hu gäre mat gespillt.
Du koumen de Steve an d'Violeta eran, a si hunn de Cacao opgeriicht; kuerz drop huet de Presi sech bei si gesat. Si sinn herno op King of Tokyo iwwer gaangen.
De Guy R. koum bei den éischte Grupp derbäi fir eng Jamaica , wou den Yves, deen nëmmen den halwe Wee ronderëm d'Insel gepackt hat, ëmmer nach méi Punkte wéi den Alain hat.
Finalement, nodeems den Yves an de Marc heem gaange sinn, huet de Rescht mat enger Colt Express ofgeschloss.

09.07.2016 – Viva-Vakanz

Di fënneft Editioun vun eisem Viva-Vakanz Tournoi! Mir haten dat allerbescht Wieder: waarm, awer net zevill, kaum Loft, a virun allem kee Reen. Mam Chrëscht sengem Mega-Zelt war et nach emol esou flott.
Sou wéi d'lescht Joer goufen eis Kandidaten, dës Kéier 18 un der Zuel, op zwou Gruppen opgedeelt. Well et sou gutt opgaangen ass, sinn e lauter Partië vun dräi Players gespillt ginn. Um Programm stounge moies Abluxxen a Las Vegas . Beim Abluxxen hat d'Sophie M. dee beschte Score vum Dag mat ganzer 89 Punkten (virum Rodrigo mat 71 an eisem Presi, dee mat 33 Punkten do kee Land gesinn huet). Beim Las Vegas huet d'Violeta 680.000 $ mat heem geschleeft.
Mëttes gouf et wéi ëmmer eng gutt Spaghetti vum Sophie T. Merci!
Dono goung den Tournoi mat deene méi komplexe Spiller weider. Bei Legends hat de John mat 83 Punkten deen héchste Score, och wann den Alain mat 82 direkt hannendru war (awer net an der selwechter Partie). Beim Colt Express dergéint war et erëm d'Violeta dat ofgegrast huet: mat 3050 $ war hat dee beschten Outlaw vum Dag.
Am Endeffekt huet awer kee vun all deenen den Haaptpräis vum Tournoi gewonnen - dës Éier goung un den Dennis, dee mat 168,98 Punkte virum Alain, Rodrigo, Steve, a Violeta geland ass. Gratulatioun!
Um Enn vum Dag huet sech nach ee Grupp em de Simsala... Bumm? versammelt, an de Pierre huet de Champion zu engem Duell am Die Siedler von Catan: Das Kartenspiel erausgefuerdert.

07.07.2016

An de Summerméint ass an der Spillfabrik traditionell éischter wéineg lass. Och haut krute mer am ganze just 9 Leit zesummen. Wéinstens war d'Wieder gutt, a mir konnten dobausse spillen.
De John, de Guy R., d'Michelle, an d'Christiane S. hu virum Tournoi e Samschdeg nach Legends an Abluxxen trainéiert. Den Alain huet iwwerdeems di zousätzlech Spiller fir den Tournoi ausgepöppelt (wat beim Colt Express richteg vill Aarbecht ass).
De Steve koum mam Violeta, a si hu mam Le Havre: Der Binnenhafen een Duell ausgedroen.
Du koum de Claude Karger vum Journal op Besuch fir en Interview mam Alain (a spéider och mam Guy R. a Marc) ze maache fir d'Méindesausgab. Aus deene villen Informatioune koum dann och e ganz ordentlechen Artikel zesummen, deen der wéi ëmmer op eiser Mediesäit kënnt kucken.
De Claude war awer och fir eng schnell Partie Strike ze begeeschteren.
en