30.06.2016

Haut krute mer mat aller Nout eng zweestelleg Zuel vun net-Staminet-Spiller zesummen. Dofir waren och just zwee Dëscher besat.
De Marc S. huet säin Namensvetter Marc E. an d'Spillfabrik invitéiert, a si hunn zesumme mam Christiane K., Philippe B., an dem Marc S. senger Duechter Zug um Zug: Märklin an Abluxxen gespillt. Dobäi koum d'Märklin-Editioun nëmmen zum Zuch (heh) well d'Europa-Editioun net ze fanne war.
De Yannick an d'Svenja haten Abyss dobäi, hu sech awer missen an d'Anleitung zréck eraschaffen ier se dem Alain an dem Jeia konnten d'Spill erklären. De Lol koum méi spéit eran, an huet emol d'Kaartespiller geraumt, an ass du fir eng Las Vegas dobäi gestouss, nodeem e fir d'éischt sech mam Freitag geplot huet.
Nodeems d'Jeia fort war, ass op deem Dësch nach Cappuccino a Pandemic: The Cure gespillt ginn.

24.06.2016

Wéi et sech fir eng fräi Nuecht gehéiert, waren haut eng gutt Partie Leit präsent. Et war awer eppes anescht: dësen Owend gouf et keng Wierschtercher, mee dofir gudden hausmaacher Chili con carne vum Guy R., dee säi Gebuertsdag gefeiert huet.
Well och erëm di zwee Säll benotzt geoufen, hunn ech net alles matkritt. Tzolk'in: Le calendrier Maya war am zweete Sall gespillt ginn, tëscht dem Alain, Marc S., a Rol. No dëser Partie hu si hir Arcadia Quest -Campagne weider gefuer, ouni de Philippe B., deen do gepasst huet.
De Pierre an d'Christiane K. ware bal dee ganzen Owend mat Die Siedler von Catan: Das Kartenspiel beschäftegt.
Am éischte Sall ass Flick 'em Up! , Puerto Rico , Marrakech , Le Petit Chaperon Rouge , Love Letter , King of New York , an Escape gespillt ginn. Dat lescht Spill huet dozou gefouert dass d'Abluxxen -Spiller an deen zweete Sall geflücht sinn.

17.-18.06.2016 – 5 Joer Spillfabrik

5 Joer Spillfabrik! Dat huet missen zünfteg gefeiert ginn. An dofir hu mer eis haut am Kuelbecherhaff zesumme fonnt fir z'iessen, ze drénken, ze laachen, an ze spillen.
Leider huet de Péitrus et net esou gutt mat eis gemengt: ob Kubb-Partien oder dem Dennis säi Ca$h 'n Gun$ Live , vill open-air-Spiller hu missen ofgebrach ginn, well et ëmmer nees ugefaang huet mat plätschen.
Et war gutt dass mer bei deem Wieder net selwer hu misse grillen. D'Maison Franssens koum mat hierer Camionette an huet eis Pouleten a Ribs mat Fritte gemaach. Dobäi gouf et och gutt Zaloten. Kuch ass et och ginn, ënner anerem ee super Siedler-Gebuertsdagskuch vum Aline. Et gouf och ee Brietspill-Quiz, vun eisem Präsi animéiert, deen d'Connaissancë vun eise Gäscht op d'Prouf gestallt huet. Den Nuetsrallye/Geocache war ee grousse Succès.
Gespillt gouf natierlech och: Einfach Saache wéi Love Letter , Abluxxen , 6 Nimmt! , Carabande , Codenames , Agent Undercover , BANG! The Dice Game , Quoridor , an Imagine . D'Gamer-Spiller déi op den Dësch koume waren Dominion mat Dominion: Blütezeit , The Boss , Machi Koro , Port Royal , Funkenschlag , 7 Wonders , Colt Express , Fiese Freunde Fette Feten , Pandemic: The Cure , a Stone Age .
Eng gutt Partie Leit hunn och do iwwernuecht (a festgestallt datt am Schlofsak iwwernuechten eng Gewunnechtssaach ass). No enger gréisserer Codenames -Partie um Moien ass et dunn och schonn un d'Botze gaangen. Wéi alles geraumt war an de Bulli fort, hate mer och dat schéinste Wieder...
Merci u jiddereen, dee gehollef huet, a mir hoffe mir hu geschwënn nees esou eppes Flottes!

16.06.2016

Um Dag virun eiser grousser 5-Joers-Feier war d'Fabrik extrem dënn besicht, an de Futtbal war wahrscheinlech och net onschëlleg dorun. Mir krute just zwee Dëscher voll, ofgesi vun eisem Staminet.
Den Alain, d'Michelle, de Pierre, an de Rol hu mat Legends ugefaangen. Dat zweet Spill vum Dag war hei Dice City .
D'Christiane S., de Philippe B., an de John hu sech d'Kandidate fir de Viva-Vakanz-Tournoi virgeknäppt: Sankt Petersburg a Cacao stonge bei hinnen um Programm.

09.06.2016

Den Alain hat haut en neit Miniaturespill matbruecht: Arcadia Quest . Hien huet och dunn direkt mam Marc S., Rol, a Philippe B. eng Kampagne ugefaang an zwee Szenarië gespillt.
Den Alain H., de John, an d'Christianen S. a K. hu mam Kingdom Builder ugefaangen a sinn dono op de Stone Age iwwer gaangen.
Den Dennis hat Chicago Express dobäi, an hien huet de Steve an d'Violetta mat an den Zuch geholl. Si sinn herno op de Kingdom Builder geswitcht wéi deen erëm fräi war.
De Presi war och do, an hien huet mam Gaëtane ugefaange mam Dennis sengem Die Legenden von Andor: Chada & Thorn (de Verdikt: definitiv net esou gutt ewéi dat grousst Spill). Ofgeschloss gouf hei mat 6 Nimmt! !

27.05.2016

D'Spillfabrik war haut erëm gutt besicht, an et si vill verschidde Spiller gemaach ginn. Alles hunn ech leider net matkritt, mee ech probéieren emol esou genau wéi méiglech ze sinn...
Den Alain huet mam Guy R., Michelle, a Sandra säi Favor of the Pharaoh gespillt. No dëser éischter kuerzer Partie ass et un dem Guy säi Steampunk Rally gaangen. Dat war schonn e bësse méi eng laang Affär, an no deem Spill hunn di zwou Damme sech entschëllegt. Kuerz drop haten de Rodrigo an d'Sophie M. hir Partie am Sall niewendru fäerdeg (Simurgh mam Dennis, Clara, Silviu, an Alain H.) an de Rodrigo wollt och eng Kéier Favor of the Pharaoh spillen. Dofir huet den Alain do nach eng Partie matgespillt, mat uschléissend enger Welcome to the Dungeon .
Den Georgio hat och erëm eng franséisch Anleitung derbäi, dës Kéier fir de Lewis & Clark . Dat huet hien zesumme mam Guy P., Philippe B., a Karim gespillt. Hei ass et mat Keltis: Der Weg der Steine a Cappuccino weider gaangen.
De Marc F. an den Yves E. waren och dobäi. Hei ass et mam No-Brainer Zombies!!! lass gaangen, an dono mat Ashes weider.
Et goufen nach aner Saache gespillt, wéi Stone Age , Love Letter , Pandemie , Machi Koro , Zug um Zug: Europa , a 7 Wonders . Bei deene Spiller waren ënner anerem de Präsi, d'Christiane K., d'Christiane S., de Rol, de Marc S., de Pierre, de Gerry, an de Claude mam Lex derbäi.

19.05.2016

No den éischter rouege leschten Owenter war haut eppes méi lass. De Guy R. hat säi Race for the Galaxy mat Race for the Galaxy: The Gathering Storm matbruecht. Zesumme mam Alain, Marc, a Chrëscht ass et an de Weltraum gaangen. Dono huet de Chrëscht säin neitste Kickstarter Garbage Day ausgepaakt, wou mer et fäerdeg bruecht hunn, dat halleft Deck op der Dreckskëscht ze stapelen. Dono koum de Mike derbäi fir eng Partie Colt Express . De John an de Gerry koume schliisslech derbäi fir den Absacker Strike .
Virdrun haten de John an de Gerry zesumme mam Rol a Julie Kingdom Builder probéiert a mat Can't Stop ofgeschloss.
D'Michelle, d'Sandra, de Jean-Claude H., an d'Christiane K. hunn eng phänomenal Pandemie higeluegt, a sinn dono mat Porta Nigra op Tréier gaangen.
Star Wars: X-Wing Miniatures Game war am Sall niewendrun ugesot, zesumme mam Yves S., Marc F., Christian L., Ben L., a Philippe L. De Jérôme koum nach dobäi fir e bësse Zombie Dice mat Expansiounen, nodeems e géint de Brudder Guy Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit gespillt huet.

12.05.2016

Die Schlösser des König Ludwig sinn haut beim Alain, John, Guy R., a Guy P. gebaut ginn. D'Punkte louchen hei zum Schluss ganz no beieneen. Dunn ass mat Kingdom Builder enchainéiert ginn, an hei hat den Alain zum Schluss e grousse Virsprong viru senge Konkurrenten.
Legends war och dës Woch erëm um Programm beim Marc, Christiane S., Pierre, a Gerry. Jo, richteg, no laanger Zäit huet de Gerry sech mol erëm an der Fabrik gewisen. Si hu mat Machi Koro weider gefuer. Du koum d'Christiane H. nach eran, an hatt wollt net sou richteg matspillen, mee do huet et d'Rechnung ouni eise Presi gemaach, deen et kuerzerhand zu enger 6 Nimmt! iwwerried krut.
Leider war dat och schonn alles wat den Owend gelaf ass; net mol eise Staminet war komplett. Di nächst Woch ass Vakanz, da kommen hoffentlech méi Leit.

05.05.2016

Och fir Small World gëtt et eng App. Den Alain hat seng Sammlung matbruecht fir dat Spill mam Marc S., Rol, Julie, a Pierre ze spillen. Als Absacker gouf et Abluxxen .
De Chrëscht huet en neie Cadeau vu Ravensburger matbruecht: Legends (merci!). Hien, de Presi, den Dennis, an d'Sophie M. hunn dat Spill och direkt getest a fir gutt fonnt. Du goung et un dem Dennis säin Orléans .
Um drëtten Dësch souzen d'Christiane S., de Philippe B., an d'Michelle fir d'éischt beim Stone Age , a si hu mat e puer schnelle Partien Unter Spannung a Love Letter ofgeschloss.
en