29.04.2016
Fräi Nuecht ass erëm ugesot! De Marc S. huet säin epeschen Im Wandel der Zeitalter
matbruecht an huet zesumme mam Christiane S. a mam Alain em d'Wett ziviliséiert. Doduerch dass nëmmen zu drëtt gespillt gouf, war d'Partie och schonn um 01:00 Auer fäerdeg... 🙂 Dono ass d'Christiane heem gefuer an de Rol koum bäi fir nach e bësse Wierfelen ze schmäissen - dat bei Strike
a Can't Stop
.
Virdrun hat de Roland Antike II gespillt, zesumme mam Sandra, Guy P., Philippe B., an Giorgio. Leschtere war wéi ëmmer tiptop virbereet mat franséischem Ausdrock vun der Anleitung.
De Marc F. an de Christian L. waren och do, an et ass haut mat hinne mol eng Kéier guer net an de Weltraum gaangen. Par contre hu si mam Jérôme Saboteur an Tikal gespillt.
Méi ee jonke Public war beim véierten Dësch: de Claude an de Lex waren do an hu fir d'éischt mam Dennis Packeis am Pol gespillt. Dono ass d'Christiane K. mam Carine komm, a si hunn den Dennis ersat fir Manhattan , Bohnanza , a Koryŏ .
Den Dennis hat vill grouss a laang Spiller matbruecht, mee hien ass schlussendlech awer bei enger Funkenschlag hänke bliwwen: zesumme mam Thomas, Tanja, Steve, Violeta, a Ben hu si Korea (Funkenschlag: Korea/China ) mat Stroum versuergt.

21.04.2016
Ënnert dem Motto "Da gibt's auch ne App für" huet den Alain nom Le Havre
d'lescht Woch dës Kéier den Elder Sign
matbruecht, inklusiv Elder Sign: Unseen Forces
. Et war relativ just ginn, mee dee béisen Alen Abhoth konnt zum Schluss verdriwwe ginn. Mam Alain hu sech de Marc s., de Rol, an de Brudder Guy an de Cthulhu-Mythos getraut.
Deen zweete Grupp huet sech aus dem Dennis, dem Lynn, dem Christiane K., an dem Guy P. zesumme gesat. Hei ass et mat Cacao lass gaangen, a mat RoboRama weider. Nom Guy P. sengem Départ koum nach Halt mal kurz op den Dësch.
De Ben an d'Gaëtane koume méi spéit eran an hu sech d'Zäit mat Six verdriwwe, bis d'Elder Sign -Partie eriwwer war. Dono ass eng gemeinsam Partie Colt Express gestart ginn.
Domat war den Owend och scho gelaf. Et louch wuel um Anastacia-Concert dass mer mam Staminet nëmmen zu 13 woren. Mee d'nächst Woch ass jo rëm fräi Nuecht…

14.04.2016
D'Vakanz ass eriwwer an dat huet sech direkt an de Präsenzen den Owend gewisen. Mee immerhi ware mer nach zu zwanzeg, eise Staminet mat agerechent.
Et war en Owend vu laange Partien. De John huet mat sengem Bouf Lionel, mat deem senger Frëndin Elsa, mam Jérôme a mam Pierre Funkenschlag op der USA-Kaart gespillt an och prompt gewonnen. Den Alain hat säi Le Havre matbruecht an huet mam Marc S., Rol, a Christiane S. gespillt; do hunn di sëlleche Kéi a senger Ranch d'Partie fir hie gewonnen.
De Jean-Claude H. a Guy P. hu sech fir d'éischt am Jamaica a Cappuccino duelléiert; dono hu si sech bei d'Theisen Bros gesat fir mat hinnen Dominion mat ze zocken.
Den Dennis souz mam Rodrigo a Sophie M. am anere Sall an hunn do ënner anerem Takenoko gespillt.

07.04.2016
Et ass nach Ouschtervakanz, dofir waren haut zimmlech vill Leit do, an och jonker waren dobäi.
Den Alain huet dem Sandra, dem Rol, an dem Marc S. Auf den Spuren von Marco Polo erklärt. Dat unanimt Uerteel nom Spill war: et ass ze séier eriwwer. Well d'Sandra just nach Zäit fir ee kuerzt Spill hat, gouf mat Qwixx enchaînéiert. Dono hunn di dräi Männer nach zwou Partien vum Alain sengem Darjeeling gemaach.
De Claude war och erëm mam Lex do, a mam Yannick a mam Charel gouf fir d'éischt intensiv Koryŏ gespillt, ier et hei mat Las Vegas a Cappuccino weider gaangen ass.
Eise franséischsproochege Grupp mam Philippe B., Guy P., Giorgio, a Jérôme si wéi ëmmer gutt préparéiert gewiescht, dës Kéier fir eng Partie El Grande . Mat Unter Spannung a Saboteur hu si den Owend ofgeschloss.
Am zweete Sall war och sou munneches am gaangen, ech hunn awer net alles am Detail matkritt. De Presi huet mat ënner aneren dem Steve an dem Violeta Antike II gespillt.
Villmools merci un den Yves S. fir säi Bericht: Hien huet mam Marc F., Christian L., Ben L., a Philippe L. eng Demo-RonnFlames of War gespillt, fir dono mat Star Wars: X-Wing Miniatures Game (eng "Battle Royale" mat engem Schëff pro Spiller) a Port Royal weiderzefueren. An de Ben huet all di Partië gewonn.

31.03.2016
Eng epesch 6-Spiller Partie Funkenschlag
gouf et haut, mam Alain, Guy R., John, Marc S., Rol, a Julie. Nordeuropa (Funkenschlag: Nordeuropa/United Kingdom & Irland
) ass mat Stroum versuergt ginn, an an der zweeter Halschent vum Spill war de Kraaftwierksmarché esou null, datt kee méi wollt eppes kafen. Obwuel séng Géigner all Trick probéiert hunn, war den Alain zum Schluss awer deen eenzege mat 14 alimentéierte Stied.
De Lex an de Claude hu mam Mike a mam Pierre mat Las Vegas ugefaangen. Mat Wierfelen ass et och am Strike weider gaangen, ier zum Schluss erëm Zich gebaut goufen am Zug um Zug: Europa .
De Marc T., d'Michelle, de Lol, an de Philippe M. ware mat Discoveries a Kingdom Builder beschäftegt. De Presi ass dono heem gaangen, sou datt di dräi aner mat enger Dominion mat Dominion: Die Intrige a Dominion: Seaside weider gefuer sinn.
De Marc F., Yves S., an Yves E. ware wéi üblech am Star Wars: X-Wing Miniatures Game ënnerwee mat der Wave 8 aus Star Wars: Rebels.
De Rodrigo an d'Sophie M. waren och kuerz era fir eng Partie Tsuro .

25.03.2016
Haut den Owend war Generalversammlung, an et ass alles wéi ëmmer tiptop gelaf. De Presi huet nach eis 5-Joers-Gebuertsdagsfeier am Kolpecher Haff ugekënnegt.
No der obligatorescher Agape mat och méi gesonden Alternativen ass et du mat Spille lass gaangen: Fir d'éischt hu mer dem Jean-Claude säin neie Prototyp getest. Dono hunn den Alain, de Guy R., de Pierre, an de Chrëscht mat den Indianer am Discoveries zerklappt. Nom Chrëscht séngem Départ sinn di aner dräi mam UGO! an Dominion: Die Intrige weider gefuer.
Den Dennis hat Carcassonne: Die Stadt matbruecht, an huet zesumme mam John, Michelle, Lynn, a Mela gespillt; hei ass et mat Colt Express weider gaangen.
De Christian L., den Yves S., d'Sandra, an de Marc F. hu mat Space Hulk: Todesengel ugefaangen, an du mat Hanabi , a Star Wars: Angriff der Rebellen enchaînéiert. Dat anert geplangtent kooperativt Spill war "missing in action". Merci un den Yves fir de Bericht.
D'Theisen Bros, de Steve, d'Violeta, an d'Christiane S. hu Stroum gemeet; am Funkenschlag goung et dës Kéier op den indesche Subkontinent (Funkenschlag: Australien/Indischer Subkontinent ).
Finalement hunn den Alain an de Guy R. zesumme mam Mela a Christian L. zwou ganz respektabel Partië The Game gemaach.

17.03.2016
Op engem méi dënn besiedelte Spillowend ass... net gesiedelt ginn. Dofir sinn awer de Marc S., de Rol, an d'Christiane S. ënnert d'Hielemënsche gaange mat Stone Age
. Dono gouf et zwee schnell Kaartespiller: Unter Spannung
, a 6 Nimmt!
.
Den Alain, de John, den Dennis, an de Jean-Claude H. sinn a Russland mam Zuch gefuer. No enger mouvementéierter Partie Russian Railroads goung et mam Dennis séngem Port Royal inklusiv Port Royal: Ein Auftrag geht noch... -Erweiterung weider.
De Lol an de Philippe M. hu sech mangels Matspiller fir d'éischt u The Game gewot. Dono koum de Presi fir mat hinnen Diamonds Club a Packeis am Pol ze zocken.

10.03.2016
No deem Undrang op der leschter fräier Nuecht war et haut neess e bësse méi roueg. De Marc S., de Rol, de Pierre, d'Michelle, an d'Christiane K. hunn noeneen Istanbul
a Colt Express
op den Dësch bruecht. Beim Steve, Violeta, Yannick, a Jean-Claude (net dee vum Kommitee) waren et Stone Age
a Kingdom Builder
.
Den Alain huet dem John, dem Chrëscht, an dem Jérôme de Porta Nigra erklärt; déi Partie ass mat engem Punkt Differenz tëscht 1. an 2. Plaz decidéiert ginn. Nom John sengem Départ koum nach eng Unter Spannung un d'Rei.
De Presi huet mam Dennis, Thomas, an Tanja Exploding Kittens gezockt, a si hunn dono am Funkenschlag Brasilien (Funkenschlag: Brasilien/Spanien & Portugal ) mat Stroum versuergt.
Zum Schluss huet den Alain de Yannick am 7 Wonders: Duel léiert, an de Chrëscht ass bei de Pierre, d'Michelle, an d'Christiane K. gestouss fir eng Qwirkle .